Music Cities of the USA (Deel 5/5): Detroit – Motown

© AFP
Detroit gouf 1701 gegrënnt vum Antoine de la Mothe, sieur de Cadillac. A bis haut ginn hei Autoe mam selwechten Numm gebaut.
Well déi sech iwwert déi läscht Jorzéngten allerdéngs net méi sou gutt verkaf hu wéi d’europäesch a virun allem d’asiatesch Konkurrenz, ass et mat Detroit säit de gëllene 60er progressiv d’Baach agaang. Dat heitegt Standbild gëtt dominéiert vun den GM Gebaier vum „Renaissance Center“ un der „International Riverfront“.
Säit e puer Joer gëtt Detroit kräfteg renovéiert an opgefrëscht, wat natierlech och der Kulturzeen ze gutt kënnt. Detroit ass haut eng vun deene Stied an den USA mat deene meeschten „Theatres“, Musekscluben a Boîten. Nieft Jazz, Blues an HipHop ass et d’elektronesch Musek an den Techno, fir déi Detroit bekannt ass. Leit wéi den DJ Jeff Mills hunn hei hir éischt Schrëtt gemaach, a sinn haut aus dem Nightlife vun der Stad net méi ewech ze denken.