D’Stad am Mississippi-elta ass bei eis an der Lescht jo éischter am Zesummenhang mat Naturkatastrophë genannt ginn. Dofir déi gutt Noriicht fir d’éischt:

De French Quarter, d’Alstad vun New Orleans, gesäit aus, wéi wann et den Hurricane Kathrina ni gi wär. Déi schlecht Noriicht: grouss Deeler vun de Suburbs si weiderhi Ruinefelder. A mat hire Wunnenge sinn och vill vun de Stroossemuseker verschwonnen, déi soss fir déi legendär Stëmmung gesuergt hunn, och baussent dem Mardi Gras. D'Bourbon Street mat senge bëllege Clubs, déi mat Prédilektioun genee sou bëllegen Techno spillen, erënnert haut éischter un Mallorca oder Varna wéi un d’Bild vun New Orleans wéi et an den Touristeguiden ze gesinn ass. Wien allerdéngs e bësse sicht, fënnt och weiderhin interessant Plaze wou excellente Live-Jazz gebuede gëtt, sou zB am „Fritzel's European Jazz Pub“, deem eelste Club an der Stad.

RTL

Eis Lëscht vun de Music Cities an den USA wär net komplett ouni och nach Detroit ze nennen, knapp 300 Miles oder 5 Stonne vu Chicago.