Blog 1: Mexiko, fir unzefänken ...

"El Angel de la Independencia"
An de Sonndeszeitungen op RTL.lu kënnt dir vun elo un regelméisseg mam Globetrotter Schmisi "on tour" sinn.
De 14. September goung et lass: Den Thierry Schmitz, besser bekannt als Schmisi, ass zu senger Weltrees opgebrach. Um Programm stinn ënner anerem Südamerika, d'Ouschterinsel, Papeete, Neiséiland, Australien, Singapur, Deeler vu Südostasien an Indien. Éischt Etapp vum Schoulmeeschter vu Béiweng (Joergang 1978) ass awer Mexiko. Hei seng Andréck vun deem mëttelamerikanesche Land a vum Optakt su senger laanger Aventure.
Verkéierspolizist wéilt ech net sinn, zu Mexiko-City. Dëse Video weist de ganz normale Verkéierswahnsinn oder Chaos an der Haaptstad, déi mat hiren 22 Milliounen Awunner eng vun de gréisste vun der Welt ass.
Zeréck zum Video: Obwuel d'Autoe gréng hunn, wénkt a päift de Verkéierspolizist wei e Mëllen. Eigentlech sou laang, bis déi aner Autosfuerer (hannert him) sou nervös ginn, dass se ufänken, wéi mëll ze tuten. Dat ass d'Zeeche, fir d'Foussgänger iwwert den Zebrasträifen ze loossen an déi aner Autoen kënnen un Rei kommen. Ah jo,tuten ass hei komplett normal. :)

"El Angel de la Independencia"
De 16.September ass „Día de la Independencia“, also den Onofhängegkeetsdag a Mexiko. Nieft dem „Día de los muertos“ ass dëst de wichtegste Feierdag fir d'Mexikaner.
Um selwechten Dag versammelen sech moies d'Politiker an di mexikanesch Leit beim „El Ángel de la Independencia“, fir der Militärparade nozekucken.

"El Angel de la Independencia"

"Palacio de Bellas Artes"
Eent vun de schéinsten Gebaier aus Mexiko-City ass den „Palacio de Bellas Artes“ am historeschen Zentrum vun der Haaptstad.

"Palacio de Bellas Artes"

"Palacio National" am Hannergrond
„Plaza de la Constitución“ och nach „Zócalo“ genannt. Am Hannergrond de „Palacio National“, de Sëtz vum President, an net ze iwwersinn, de risege mexikanesche Fändel.

Uebst via Megafon verkafen
Eng Foto aus dem Alldag: Keng Zäit, frëscht Uebst kafen ze goen? Kee Problem: Da fuere mir eben duerch d'Stroossen a loossen et per Megafon ausruffen. Leider ass déi Fra mam Megafon, déi och hannert dem Steier sëtzt, op der Foto net ze erkennen.

d'Sonnepyramid
Een Highlight: Ongeféier 1 Stonn vu Mexiko-City ewech ass den archeologesche Site TEOTIHUACAN. D'Pyramide vun der Sonn, déi 3.gréisste Pyramide vun der Welt, staamt aus der Zäit vun den Azteken. Nieft der Pyramide vun der Sonn kann een iwwert d'„avenida de los muertos“ („Avenue vun den Doudegen“) trëppele, bis bei d'Pyramide vum Mount, déi et och ze bestaune gëtt.

Bléck op d'Moundpyramid