Blog 2: ... a weider geet d'Rees duerch Mexiko

Monument Pancho Villa
Dem "Schmisi" seng Rees duerch Mexiko geet weider: Dës Woch war e mam Chihuahua Pacifico Express ënnerwee.
Zu Chihuahua hunn ech leider net vill Hënn gesinn, mä dofir ass mir awer e wichtege Mann opgefall. De Francisco Villa - kuerz „Pancho Villa“ genannt - ass e puermol an der Stad ze begéinen.

Monument Pancho Villa
Ausserdeem kann een de „Museo de la revolucion“ besichen. An dësem Gebai, wou de Revolutionär Villa och gelieft huet, kann ee säi Liewenswee an och esou munch Originalstécker gesinn.

Museo de la Revolucion
Falls ee wëlles huet, wéi e Cowboy aus ze gesinn, kann een hei fir e puer Pesos Stiwwelen, e passende Rimm an och en Hutt („Sobrero“) kafen.

Stiwwelgeschäft zu Chihuahua

CHEPE Zuch
Zu Chihuahua ass awer och de Start vun der flottester Zuchstreck vu Mexiko, erof op Los Mochis. Mam CHEPE (Chihuahua Pacifico Express) goung et gemittlech um 6 Auer moies fort.
Dës Streck dauert 16 Stonnen a geet zum gréissten Deel duerch „Barranca del Cobre“.

Aus dem CHEPE Zuch
Ënnerwee fiert een duerch munch kleng Dierfer, an ech hat mech entscheet, zu Creel erauszeklammen.
Zu Creel wor ech e ganze Nomëtteg mam Mountainbike ënnerwee; ënnert anerem an d'“Valle de los Monjes“. Dir kënnt jo eng Kéier googlen, fir erauszefannen, wat „monjes“ heescht :)

Ennerwee bei Valle de los Monjes

Ennerwee mam Mountainbike

Valle de los Monjes
Den Dag drop hunn ech mech op e Päerd gesat. No gutt 7 Stonnen ënnerwee – mat enger Paus zu „Agua Calientes“ - hat ech den Hënneschte gutt masséiert kritt.

De moderne Cowboy Schmisi

Paus zu "Agua Calientes"

Barranca del Cobre

Barranca del Cobre
Op der Foto hei drënner gesäit een op der lénker Säit de Manuel, de 84 Joer ale Mexikaner, an op der rietser Säit de Ramon, dee mat mir den Ausfluch gemaach huet.

Manuel a Ramon
De Manuel fiert trotz sengem héijen Alter nach Auto a konnt mech bei ee vu senge Kollegen bréngen, deen Päerdsausflich organiséiert.
Ech hu missen dem Manuel säi 4x4 knipse, well säin Autocollant mir esou gutt gefall huet. :“Unidos todo es possible...para servir se necesita de corazón“ => Zesummen ass alles méiglech, fir ze hëllefe brauch een nëmmen Häerz“

Dem Manuel säi 4x4
Zeréck am CHEPE (Chihuahua Pacifico Express) goung et du weider op LOS MOCHIS. Während der ganzer Streck vun 653km geet et iwwert 37 Brécken an duerch 86 Tunnellen.
Dëse Video weist déi héchste Bréck vun der Zuchstreck.

Puente Chinipas

Puente Chinipas