Blog 3: Guadalajara - Tequila - Villahermosa – Palenque

Guadalajara ass déi zweetgréisste Stad a Mexico. Si wierkt och e bëssi méi iwwersiichtlech wéi Mexico-City. Mä den Trafic ass hei och enorm, all Dag!
Hei 2 Fotoen aus dem Zentrum.

Och ganz typesch fir all gréisser mexikanesch Stad sinn „Mercados“. Hei e klengt Beispill:
All Stack verkeeft eppes aneschters, zum Beispill um 1. Stack sinn nëmme Mulitmediasaachen, 2. Stack nëmme Friessbuden, 3. Stack nëmme Kleeder.
Falls een an dës Stad kënnt, soll een dëse gudde mexikanesche Restaurant ernimmen, deen LA CHATA heescht.

Hei en typesche Plat, dee "Plantillo Jaliscience" heescht.

Och am Zentrum vun Guadalajara ass dëst eng wichteg Plaz, „PLAZA DE LOS MARIACHIS“.

An uewen um Daach vun den Haiser stinn se och nach eng Kéier.
Mariachis gehéiren zu Mexiko genauesou wéi dat schaarft Iessen an den Tequila.

Keng Ahnung wat Mariachis sinn? Gitt bei Wikipieda kucken ;-)
En Dagesausflluch kann ee vun Guadalajara man an d'Duerf „TEQUILA“.

D'Gedrénks Tequila gëtt aus der Agaveplanz gewonnen.

Eng Agaveplanz
Wann een genuch Zäit huet, kann een – ausser eng Visite vun enger Tequiladistillerie – och eng Agaveplantage besiche goen.
Virun allem muss een awer den „Museo del Tequila“ besiichen. En erkläert kuerz a gutt, wéi dat Gedrénks entsteet.


Ech war eng bekannt Distellerie besiichen mat enger Tour a enger klenger Degustatioun. Elo weess ech emol, wéi een den Tequila drénkt ouni e Brennen am Hals ze hunn.


Agaveplanzen, ier se veraarbecht ginn.

Aarbechtsmëttelen op den Agavefelder

Agaveplanz gëtt gebotzt
Op der Tëschenetapp VILLAHERMOSA gouf et mol eng kleng „bomba energética“, dat heescht Multivitaminenjus :)

Déi nächst bekannte Mayaruine - déi verstoppt am Dschungel läit – ass PALENQUE.
Am beschten e Colectivo (also e Minibus) huelen fir 20 Pesos (knapps 1 Euro) Aller-Retour. Ass vill méi bëlleg wéi en normalen Taxi, wou et natierlech méi deier gëtt, schonns eleng wëll een Tourist ass.

Leider däerf een net op den "Palacio de las Inscripciones" eropklammen, et ass ofgespaart.

Dëst Gebai direkt lénks vum "Palacio de las Inscripciones" dréit de schlichten Numm "El Palacio".

De Mayasite vun enger anerer Säit: lénks „Palacio de las Inscripciones“, riets „El Palacio“ ...