M wei Mérida, déi gréisste Stad am Yucatan. Et ass eng relax Stad an huet eng flott Haaptplaz ...

... wou ee mol kann - easy - de Laptop auspaken a mam gratis Wifi surfe kann.

RTL

Och op der Haaptplaz ass den "Palacio de Gobierno", deem säi Festsall un e Schlass erënnert.

RTL
Schmisi on World Tour: Ënnerwee bei d'Cenoten
Mir sinn nach ëmmer a Mexiko!

Vun hei aus kann een déi 3 flott Cenoten vu "Cuzama" besiichtegen + draschwammen :)

RTL

Där Cenoten oder "sinkholes" op Englesch ginn et der ëm déi 850 Stéck am Yucatan; a villen vun hinnen kann een och tauchen.

Schmisi on World Tour: Cenoten ...
... mat enger mexikanescher Famill.
RTL

Net vergiessen, d'Mayaruinen "Uxmal" oder "Dzibilchatun" kucken ze goen; ech war déi méi kleng Ruine vun Dzibilchatun kucken.

RTL

Bei der Ruin "Dzibilchatun" fält d'Sonneliicht um Fréijoer- an Hierschtufank genee an d'Haaptdier vun dësem Tempel.

Schmisi on World Tour: Dzibilchatun
Nach ëmmer a Mexiko

Gutt iesse kann een am Restaurant "La Chaya", wou een typsch yucatanesch Platen ze frupse kritt.

RTL

Och "Poc chuc" kann een am Yucatan oft iessen; dat ass gegrillte Poulet.

RTL

2 Stonne vun Mérida läit dann déi wuel bekannesten a leider déi vun Touristen iwwerlafe Mayaruin "Chichén Itzá".

Schmisi on World Tour: Chichén Itzá
En Highlight vun all Mexiko- an och vun all Weltrees :-)
RTL

D'Pyramid Kukulkan ass eenzegaarteg, well ee fréier Zougang vun 4 Säiten hat, bei de meeschte Mayasiten awer nëmmen eng Haaptentrée ass.

RTL