Nodeems ech d'Inland vu Mexiko hannert mir gelooss hunn, kommen ech elo mol op d'Plage, an zwar op d'Playa del Carmen.

Ech kommen awer net, fir rauszegoen heihinner, mä fir den Dauchschäin ze maachen; deen ech mëttlerweil hunn. Merci nach eng Keier un d'Dauchschoul „Dive Mike“, déi ech nëmme ka recommandeieren.

Wéi ech dunn e bëssi Fräizäit hat, konnt ech nach d'Mayaruine vun TULUM a COBÁ kucke goen.

RTL

TULUM läit ganz flott direkt um Golf vu Mexiko, ass awer net esou grouss wéi déi meescht aner Ruinen.

RTL
RTL

Interessant ze gesinn op dëser Foto ass d'Aart a Weis, wéi se deemols d'Mauere gestäerkt hunn; si hunn d'Steng ronderëm Wuerzele vun de Beem geluecht.

RTL

Vun der flotter Plage aus kann een och d'Ruin gesinn.

RTL
RTL

Ah jo, Leguane gehéieren hei och zum Alldag (bal iwwerall do, wou et warm ass).

COBÁ läit mëtten am Dschungel. Nëmmen 2 Ruine stinn aus dem Reebësch eraus. Dat Impressionanst ass déi grouss Pyramid, déi méi Trapen huet wéi Chíchen Itzá an déi kann een eropklotteren.

RTL

Ausserdeem krut ech zu Cobá erkläert, wéi et ënnert den normalen Träpplek vun de Gebaier ausgesäit; d.h. déi 1. Bauphas, dat si kleng ronn Steng.

RTL

D'Maya haten eng Sportaart: Ballspill mat sou eppes Ähnlechem wéi Hockeyschléieren. D'Foto weist d'Spillfeld an de "Goal"; de Ball selwer war aus Kauchuc.

RTL

Et ass bekannt, dass d'Verléierer vun de GewËnner munchmol de Kapp erofgeschloe kruten; als Opfergabe un d'Götter.

No 4 Woche Mexiko ass et du per Bus an de BELIZE gaangen. Meng éischt Statioun wor Orange Walk, am Norden.

Do gëtt et och eng Mayaruin, déi ee flott mam Boot erreeche kann, LAMANAI.

RTL

Ausserdeem ass de Reebësch de Liewensraum vun de "Brëllafen". Einfach mol "Brüllaffen" am Wikipedia aginn, da gesitt Dir, wéi se vun no ausgesinn.

Ech hunn se live gefilmt, wéi se uewen an de Bamkroune souzen a gejaut hunn; et ass e ganz komesch Geräich ... villäit huet Dir eng Iddi, u wat iech dat erënnert.

Schmisi on tour: Schwaarz Brëllafen
Mir sinn nach ëmmer a Mexiko ...

Um Wee zerëck op Orange Walk – via Boot – ass eise Grupp vun enger aanerer Aafenzort besiicht ginn. Am Video héiert een Stëmm vum Guide, deen erklärt dass nëmmen desen Aaf op Boot kennt an zwar all Dag, falls hien bei deenen Beem laanschtfiert.

Schmisi on tour: En Af um Boot
Mir sinn nach ëmmer a Mexiko ënnerwee ...