Technik-Museum Sinsheim: Erënnerung un d'Concorde

© Luc Marteling
Den 2. März 2009 sinn et genee 40 Joer, datt dee legendären Iwwerschallfliger Concorde fir d'éischte Kéier geflunn ass. Zu Sinsheim gëtt drun erënnert ...
Et ass schonn en opfällegen Optrëtt, wann een no ronn 2,5 Stonnen am Auto an der Géigend vu Sinsheim (net wäit hannert dem Hockenheimring) op der Autobunn A6 ënnerwee ass.
Rietserhand daucht dann nämlech op eemol déi nei Rhein-Neckar-Arena op, déi am Januar 2009 ageweiht gouf an an där elo de Bundesligaclub Hoffenheim spillt. An op der lénker Säit dominéiere Fligeren, jo, richteg gelies, Fligeren d'Bild - an net egal wat fir eng!
Déi faarweg "Modeller" gehéieren zum Museum, fir deen d'Stad Sinsheim bekannt ass: Et sinn d'Enseigne vum Auto- & Technik-Museum Sinsheim, dee sech do - e bëssi onverhofft - an enger Industriezon oder engem Gewerbegebiet implantéiert huet.

Onëmstriddenen Hightlight vun der exquisiter Sammlung ass d'Concorde F-BVFB vun der Air France, déi um Daach vun der enger Muséeshal geparkt gouf. An zwar definitiv, d'Concorde-Fligeren, wäiss Vigel genannt, goufe jo virun e puer Joer, kuerz no engem trageschen Accident zu Paräis, aussortéiert.
Trotzdem lieft de Mythos vun deem eezege Passagéierfliger, dee mat Iwwerschallgeschwindegkeet am Linieverkéier ënnerwee war, weider. 3,5 Stonnen huet d'Rees vu Paräis oder London iwwert den Atlantik op New York kascht ... Plus vill Suen a vill Sprit ...
Viru 40 Joer
Déi éischt Concorde ass den 2. März 1969 gestart, zu Toulouse a Frankräich. Et war de Prototyp 001. Kuerz dono ass dunn ee weidere Prototyp an England, zu Filton, an d'Luucht gaang, d'Concorde war jo e gemeinsame Projet vu Frankräich a Groussbritannien.
Regelméisseg am Asaz waren déi schnell a schmuel Fligeren vu 1976 bis 2003. Bis op eng Ausnahm ouni gréisser Tëschefäll.
Zu der Geschicht vun der Concorde gehéiert awer och ee schlëmmen Accident de 25. Juli 2000, wéi eng Maschinn kuerz nom Start vum Paräiser Flughafen Charles-de-Gaulle erofgefall ass an allen 109 Leit u Bord an nach 4 Leit um Buedem an den Doud gerappt huet.
Eng vun de Concordemaschinnen ass no hirem "Enn" am Joer 2003 an de Musée op Sinsheim komm. Do kann ee si elo nach weider bewonneren, och wann een net méi mat hir fléie kann.
Nieft hir um Daach ass iwwrigenes dee russesche Parallelprojet zu der Concorde, eng Tupolew Tu 144, ze bewonneren.
Weider ginn et am Sinsheimer Musée nach vill aner Fligeren, e sëlleschen Autoen aus allen Epochen, Krichsween, Trakteren an och nach Damplokomotiven.
Pendant zu Speyer
Den Auto- & Technik-Museum vu Sinsheim kooperéiert iwwregens mat dem Technik-Museum vu Speyer (knapp 20 Minutte méi nërdlech), dat jo virun allem fir säin imposante romaneschen Doum bekannt ass.

A béide Muséeë gëtt et och e groussen IMAX-Kino. Wien dovu profitéieren a sech d'Exponater genee ukucke wëll, deen huet vläit besser, e plangt net, fir béid Muséeën an engem Dag ze maachen, et gëtt nämlech vill do ze kucken. A condition, datt een en Technik-Freak ass, mee dat dierft jo selbstverständlech sinn ...