De Walk of Fame zu Hollywood: Scho ronn 2.400 rosa Stären!

© Luc Marteling
Wien op e Star steet, dee muss heihin: Op de "Walk of Fame" zu Hollywood. Den Trottoir zu Los Angeles ass ouni Zweifel dee berühmteste vun der Welt ...
... well hei kann ee wierklech op säin an op sengem Star stoen - am Idealfall huet deen nämlech ewell e Stär um "Walk of Fame".
Dee kritt een iwwrigens nëmmen, wann een et geschafft huet, mindestens 5 Joer am Geschäft ze bleiwen, als Schauspiller, Sänger oder Entertainer. An Nimm wéi Elvis Presley, Bruce Willis a Britney Spears (fir just déi puer ze nennen), déi all hire Stär hunn, zéien d'Touristen wéi magesch un.
Um "Walk", deen zwar net ëmmer dee gefleegtesten Androck mécht, gëtt hinnen dann och nach eppes gebueden: Dauernd kutschéiere Limousinnen iwwert den Hollywood Boulevard mat donkle Fënsteren (ob iwwerhaapt een dra sëtzt?), Museker suerge fir Ënnerhalung an da lafen natierlech och „Doubles" vu bekannten Hollywood-Figure ronderëm - vun de Simpsons iwwert de Captain Jack Sparrow bis zum „Rambo" alias Sylvester Stallone.
Zoustänneg fir d'Stäre vun de Staren (zanter 1958) ass d'Hollywood Chamber of Commerce. Ronn 2.400 ginn et der entretemps an e Symbol weist, aus wéi enger Branche de Star kënnt (Film, Fernseh, Musik, Radio oder Theater).
An nieft de Plakken um Buedem aus rosa Terrazzo fënnt ee virun dem Kino "Graumann's Chinese Theater" och nach Hand- a Foussofdréck vun enger Rëtsch Staren.
Avis aux amateurs!
