Weem de Mount Everest als Vakanzen-Destinatioun ze komerziell ass, dee kéint säi Gléck an der Danakil-Wüst an Äthiopië fannen.

Och wann d'Plage an d'Bierger wesentlech méi Touristen unzéien, esou gëtt d'Danakil-Wüst an Äthiopien ëmmer méi beléift. Dallol heescht dat Gebitt, dat mat senge ganz aussergewéinleche Landschafte fir Opmierksamkeet suergt.

Deeler vun Äthiopien an d'Dallol-Gebitt leien op 2 tektonesche Placken, déi am gaange sinn, sech ëmmer méi auserneen ze beweegen. Dëst ass och de Grond firwat op spezifesche Plazen andauernd Lava aus dem Buedem quëllt a sech gëfteg Gase bilden. Donierft fënnt een awer och Schwefel-Séien, déi duerch hir ongewéinlech Formen a Faarwe bekannt gi sinn.

RTL

Den Erta Ale ass den aktiivste Vulkan an der Géigend / © Wikipedia

Wee Flora a Fauna wëll bewonneren, deen huet allerdéngs besser e sicht sech eng aner Plaz fir seng Vakanz. An der Moyenne sinn et am Dallol ëm déi 60°C an duerch de gëftege Buedem an d'Gase gëtt et hei praktesch kee Liewen.

Ween d'Aventure sicht an dës Géigend wëll besichen, deem kann een awer just wäermstens ofroden eng Jeep ze lounen a lass ze fueren. Wee sécher dohin an och nees zréck wëll kommen, dee sicht sech am Beschten e Guide an 2 Polizisten, schliisslech ass Ostafrika nach ëmmer immens geféierlech a regelméisseg ginn hei Touristen entfouert an och ëmbruecht.