Blog 6: Belize - nëmme kee Stress!

Zu "Orange Walk", am Belize, hat ech e belizianesche Guide kennegeléiert, direkt den 1. Dag an dësem Land.
Hien huet mir e puer interessant Saachen iwwert sai Land erzielt:
All Beschëlderung ass op Englesch, sou ass et och mat villen Nimm vun den Dierfer an de Stied.
Am Norde liewen haaptsechlech méi Maya, déi Englesch, Spuenesch an natierlech och Maya schwätzen.
Wat ee méi Riichtung Süde reest, wat ee mei Garifunaner begéint; si gläichen den Jamaikaner, dat heescht, si gesinn och esou aus, lauschtere relax Musek, schwätzen hiren engleschen Slang a sinn net esou gestresst wéi beispillsweis mir Europäer.
Ganz am Süde fënnt een dann eng Multi-Kulti-Gesellschaft. Zu "PG, Punto Gorda" liewe Maya, Garifunaner, Asiaten, Ostinder, Amerikaner an deen een oder aneren Europäer zesummen. Meeschtens gëtt op Englesch matenee geschnësst.
Et ass du mam Bus Richtung Belize-City gaang. Do hunn ech d'Boot bis op d'Insel "CAYE CAULKER" geholl.
Caye Caulker ass virun allem bekannt wéinst den Dauchméiglechkeeten, speziell d'"BLUE HOLE". Ech war dat awer net dauchen, well et ziemlech déier ass an d'Wieder deemools net gutt war.

No 2 Deeg sinn ech zeréck op Belize-City gefuer. A vun do aus mam Bus erof an de Süden, méi genee an d'Duerf "HOPKINS".
Hei ass och kee Stress, wei d'Fotoen et beweisen; fir e bëssi ofzeschalten eng ideal Plaz.
Guatemala - ech kommen!
Ech wollt net méi laang wéi 1 Woch am Belize bleiwen, well et awer e bëssi deier ass.
Ech hat decidéiert, per Boot d'Land ze verloossen; an zwar vun "PUNTA GORDA" aus, Richtung Guatemala, méi genee op "PUERTO BARRIOS", dat ech no enger Stonn erreecht hat.