1 Woch Belize ass duergaang, hat ech fonnt, well d'Liewen allgemeng hei deier ass. Duerfir hat ech decidéiert, an dat Land weider westlech ze reesen.

Bienvendios en Guatemala!

Fir d'éischt emol zu Puerto Barrios an den Immigrationsbüro, fir mäi Stempel an de Pass ze kréien.

Dëse Stempel huet eng Openthaltsdauer fir d'CA-4 Regioun; dat heescht innerhalb vu Guatemala, Nicaragua, Honduras an El Salvador kann ech mech fir 90 Deeg fräi beweegen an dës 4 Länner sou oft wiessele wéi ech well.

Du bei de Busterminal komm, fir de Bus a Richtung „ANTIGUA“ ze huelen. Iers de awer an de Bus konnts klammen, goufs de vun engem Typ (mat enger Pumpgun) duerchsicht op Waffen oder Drogen, man weiss ja nie!

RTL

No engem raue Bustrip vu 7 Stonnen sinn ech du gutt zu „GUATEMALA-CITY“ ukomm; wou et mat engem klenge Bus op Antigua gaang ass.

Ech hat mech e puer Deeg virdrun via Internet informéiert, fir nees an enger Spuenesch-Schoul mäi Spuenesch opzefrëschen. Dat hat e puer Grënn: Et ass een ni gutt genuch an de Sproochen, Antigua ass bekannt fir seng gutt Spueneschschoulen a virun allem konnt ech bei enger guatemaltekescher Famill liewen. An esou och d'Alldagsliewe ganz no materliewen.

RTL

Während 1 Woch sinn ech du moies an d'Schoul gaang an hu mat anere „Studenten“ bei der Famill „Sactic Ordonez“ gelieft.

Nomëttes war dann Zäit, fir spuenesch Hausaufgaben ze man oder natierlech d'Stad Antigua e bëssi ze besichtegen.

Antigua ass authentesch, flott mat Pavésteng an ëmréngt vun 3 Vulkanen (Agua, Fuego an Acatenango), woubäi de „Fuego“ deen ass, deen all Dag e puermol Damp „ofléist“.

Et huet een eng flott Vue, wann een bis op „Cerro de la Cruz“ eropwandert.

Allgemeng gëllt awer: Ni eleng en Ausfluch bei e Vulkan oder soss eng Wanderung man; et sinn oft Gangsteren ënnerwee; am beschte sech bei der Touristepolice „ASISTUR“ informéieren.

Apropos geféierlech, an der ganzer Géigend fueren „Chickenbussen“, dat sinn déi al amerikanesch Bussen, wou d'Leit munnechmol zu 3 op enger Plaz sëtzen; well et dann oft enk ass, kënnt et vir, dass ee seng Saache geklaut kritt, ouni dass een et mierkt, also gutt oppassen!

Ee Moiesausfluch, dee ganz flott ass: de Vulkan „Pacaya“ (deen 1 Stonn vun Antigua ewechläit) eropwanderen. Dëse Vulkan ass relativ aktiv, sou dass et säit 2010 net méi méiglech ass, ganz no – bei d'Kraterlach - ze kommen!

RTL

Eis Spueneschschoul „Academia Antigua de Español“ huet och, beispillsweis, eng Visite vun enger Mayakommunität organiséiert. Do krut een dann e bëssi Bräich erkläert. Zum Beispill, wéi eng Mayahochzäit geféiert gëtt, Tortilla gemaach ginn, Kaffi gemuele gëtt oder hir Handwebereien entstinn.

Nieft de 40 Spueneschschoulen zu Antigua – woubäi der nëmme 4 offiziell vun der Regierung unerkannt sinn – kann een och Ausflich an d'Regioun man, zum Beispill bei de „Lago de Atitlan“ oder „Chichicastenango“, dee vir säi grousse Maart berühmt ass.

Impressiounen aus dem Guatemala vum Schmisi
Biller vun dem Parque Central zu Antigua a vum Vulkan Pacaya