Amplaz 9 Stonnen Bustrajet Antigua (Guatemala) – San Pedro Sula (Honduras) hunn ech der 12 gebraucht, sou datt ech hu mussen zu San Pedro Sula iwwernueten.

Kuerz gesot, hei verpasst dir näischt, well et ass keng flott Stad. Ausserdeem konnt ech keng Suen ophiewen, well bei de meeschte Banken d'Bancomaten "off" waren. Gott sei Dank kann een och mat Dollaren am Honduras bezuelen.

No dëser Iwwernuechtung ass et Richtung "LAGO DE YOJOA" gaang, do gëtt et eng kleng Brauerei, déi sech "D&D Brewery" nennt. Dës Brauerei huet och Schlofzëmmeren a läit am Duerf "Los Naranjos". Ech war un engem Samschdeg do, do ass lokale Futtball gespillt ginn.

Hei ass et och Usus, dass e puer Knupperte lassgelooss ginn während dem Spill, genau esou wéi Musek während dem Spill leeft.

Schmisi on World Tour: Andréck aus dem Honduras
Football a Mëttelamerika, d'Insel Roatan an eng kleng Maschinn ...

An dësem Duerf hunn ech och Bekanntschaft gemaach mam honduranesche Béier: BARENA an SALVA VIDA; et gëtt och nach Imperial, mä dee war leider net disponibel.

Sonndes ass et dunn an d'Haaptstad gaang, TEGUCIGALPA oder Tegus genannt. Tjo, hei ass et dat selwecht Bild, wat ech och schonns vun San Pedro Sula hat; eng knaschteg Stad mat vill Kaméidi. Mä bon, et sollt jo nëmme si fir e Fliger ze huelen op BAY ISLANDS, méi genee ROATAN.

RTL

A genee op dës Insel sinn ech net eleng geflunn. Meng Frëndin ass mech besiche komm. Merci Daisy!

Zu Roátan ukomm, war emol e bëssi Reen an heftege Wand ugesot, nix mat Sonn a Plage.

Ab dem 2. Dag wor et du besser. En résumé kann ech nëmme Guddes iwwert dës Insel soen: Si ass zwar e bëssi méi grouss wéi Caye Caulker (Belize), mä duerfir sinn d'Präisser hei relativ normal (natierlech ginn et och méi deier Restauranten). Et kann ee genuch ënnerhuelen; wien elo um Tauchen interesséiert ass, ass hei op dëser Insel genee richteg :)

RTL

Déi eenzeg Saach, déi komesch fir eis – als Lëtzebuerger – war, war de regelméissege Stroumausfall; ee Phänomen, wat mir an eisem Ländchen jo guer net kennen. Et war eng Erfahrung wäert, eleng schonns fir ze gesinn, wéi ofhängeg mir dach vun der Elektronik sinn.

Beandrockend ass och, wéi d'Leit allgemeng mat hiren Hausdéieren ëmginn; virun allem ass bei de Kazen hei op der Insel alles, mä kee Stress ugesot.