Och um Wee op San Salvador hat de Schmisi nees Problemer. Duerch e Busproblem ass hien méi spéit wei geplangt am klengste Land vu Mëttelamerika ukomm.

Éier ech an der Haaptstad SAN SALVADOR sollt ukommen mam Bus, hate mir eng Pann ënnerwee (Bremsen hunn op eemol enorm gestonk!) an hunn missen en anere Bus huelen.

Déi spuenesch Wierder „peligroso“ (geféierlech) an „cuidase“ (passt op iech op) sinn déi zwee Wierder déi een oft hei héiert; hei am 2. geféierlechste Land vun der Welt (der UNO no well punkto Fläch hei déi meeschten Homicide passéieren).

El Salvador ass dat klengste Land a Mëttelamerika. Datt et awer esou geféierlech ass, huet zum Deel mat senger grausamer Vergaangenheet ze dinn.

Schmisi on World Tour: Andréck aus dem El Salvador
Ënnerwee mam Taxi an der Haaptstad San Salvador an op der Schnellstrooss op Santa Ana, wou och deen een oder anere Kontrollpunkt vun der Police ass.

Thema Nummer 1 ass d'Gewalt am Alldag. Wann et net Gewalt ass, dann ass et Korruptioun, déi een mam bloussen Aen zwar net gesäit (zumindest net als Tourist), mä déi awer en Deel vum salvadoraneschen Liewen ass.

Da kennt nach dobäi, dass El Salvador och vun Naturkatastrophen net verschount bleift: Vulkanausbroch, Äerdbiewen, 2 Wochen laange Reen, asw.

Am éischten Deel vun dësem Blog fannt dir ënnert anerem och e puer Fotoen vun der schlëmmer Vergaangenheet vun dësem Land.

RTL

Meng Rees huet an der Haaptstad SAN SALVADOR ugefaang. Do wou ech geschlof hat, am Quartier „Boulevard de los Héroes“ war et sécher, mä trotzdem soll een owes ëmmer en Taxi huelen.

Och mäi „Sightseeing“ (also déi bekannt Sehenswierdegkeeten) ass permanent duerch mäin privaten Taxichauffer begleet ginn !

Eng grujeleg Dot wor zum Beispill d'Ermordung vun engem Äerzbëschof; säin Numm war OSCAR ROMERO. Hien hat sech a senge Priedegte géint Militärdiktatur ausgeschwat. D'traureg Enn vun dëser Geschicht ass, datt him den 24. Mäerz 1980 an der Mass virum Altoer matzen an de Kapp geschoss gouf. Dëse Mord hat e Biergerkrich ausgeléist, deen 12 Joer gedauert hat.

En aner schrecklech Geschicht war déi vun de 6 ermuerden JESUITEN an 2 Zivilisten. Am Biergerkrich goufen et oft Fluchblieder wou drop stoung : „Maach eppes vir däi Land, bréng e Geeschtlechen em“. Dat hunn e puer Militäre ganz genee geholl an déi genannten Jesuiten als éischt brutal gefoltert an dunn erschoss.

Dir gesitt, et gëtt vill ze erzielen vir esou e klengt Land. Aus dësem Grond hunn ech 2 Deeler virgesinn. An obwuel ech nëmmen eng knapps Woch do war, hunn ech vill gesinn an erklärt kritt.

Quasi all Dag geschitt an dësem Land 1 oder méi Homiciden.

Homiciden sinn virum allem bei de Jugendlechen déi anerer Jugendlechen oder jonken Erwuessenen ëmbréngen.

Déi eeler Generatioun, wei och kleng Kanner, bleiwen meeschtens verschount. Genau esou wei d'Touristen.

Ob alle Fall soll een sech als Tourist NIE widdersetzen wann een sollt iwwerfall ginn, NIE !

RTL

Dat schlëmmst bei de Homiciden ass awer : Déi Erwuessen sichen sech e Jonken eraus deen de Mord ausféiert. Wisou? Well d'Gesetz e Jonken nëmme ganz liicht bestrooft; dat heescht falls sech iwwerhaapt e Schëllege fënnt!

Fuerchtbar ass och déi Tatsaach dass quasi all Mënsch e Mäerder kéint sinn; et erkennt een se net well se och kenne gekleet sinn wei e Bänker (mat Krawatt) beispillsweis.

Bei dëser héijer Kriminalitéit - wou all Haus säin Stacheldrot op der Mauer huet - stellt sech natierlech d'Fro: Schmisi, du bass dach do alleng ënnerwee, bass du geckeg?

Ma op dës Fro, léif Lieserinnen a Lieser, äntwerten ech déi nächst Woch.