Blog 10: El Salvador (Deel 2)

Fir d'éischt emol äntweren ech op d'Fro vu mengem leschten Blog ...
JO, ech sinn e bëssi geckeg, fir alleng dohinner ze reesen. Allerdéngs hat ech awer och déi Chance, e Lëtzebuerger ze kennen, deen an dësem Land lieft. Dobäi handelt et sech ëm de Paschtouer Henri Gloden, e klenge „Cousin“ vu mir, deen elo schonns 42 Joer hei lieft! Trotz dëser enorm laanger Zäit huet hien net vill vu senger Mammesprooch verluer. Hien huet 2 Plazen, tëscht deenen hien hin an hier pendelt: „La Majada“ (eng Plaz, fir déi, déi eng Konferenz wëllen organiséieren) an dem „Hogar Amor y Esperanza“ (e Kannerheem), dee vun engem Salvadorianer, dem Oscar, geleet gëtt a vu Lëtzebuerg aus och finanziell Ënnerstëtzung kritt.
Den Oscar war och déi Persoun, déi alles mat organiséiert hat a mir och Ablécker an d'Alldaagsliewe gewisen huet.
De Video vum Kannerheem, deen eng kleng Iwwersiicht gëtt, weist seng joerelaang Aarbecht. An de Gespréicher mierkt een, dass den Oscar houfreg ass op säi Schaffes.
Ech hunn am HOGAR, also dem Kannerheem, geschlof, wou nëmme Jongen hausen, dee jéngsten huet 7 an deen eelsten 18 Joer.
Si bleiwe bis zu 2 Joer hei a mussen et da leider verloossen.
50 Meter vum Heem ewech ass d'Schoul, wou d'Kanner nierwent der Theorie och praktesch Beruffer (Ateliers) léiere kënnen. An och dëst Gebai ass vum Oscar opgebaut ginn.
Wa Schoul ass, hunn d'Jongen am Heem och nach e puer Aufgaben. En Dagesplang gesäit dann esou aus.
5:30 => Opstoen
6:00 => Den Haff kieren
6:30 => Iessen
7:00 => Schoul
12:00 => Mëttegiessen
Am Nomëtteg och munchmol Schoul
18:00 => Iessen
Duerno Fräizäit bis 20:45, wa se schlofe ginn.
Eng kuerz Erklärung zum fréien Opstoen: Et gëtt ëm dës Zäit schonns hell; an d'Baueren um Land stinn esouguer um 4 Auer op!

Ma ja, ech war mam Oscar ënnerwee a meeschtens waren och e puer Jongen dobäi, déi sech hannen op de Pick-up gesat hunn.
Ënnert anerem hu mir de LAGO DE COATEPEQUE besicht, e klenge Séi mat enger Privatinsel dran.
Awer och d'Visite vun enger Finca (Finca San Luis, déi och vun de Lëtzebuerger ënnerstëtzt gëtt) stoung um Programm. Et soll ee wëssen, dass et fréier méi Fincae goufen, mä duerch de Krich huet villes gelidden an et sinn der vill verschwonnen. Eng Finca ass oft net méi wéi en Haus ëmréngt vun Kaffisplantagen an Uebstplanzen.
Ech war och am NACIONAL PARQUE EL IMPOSIBLE, deem gréisste Park am El Salvador.
Dunn war ech een Nomëtteg mat engem Educateur bei den héchste Vulkan (Vulkan SANTA ANA), wou een och an de Krater kann erakucken.
Fir meng Rees ofzeschléissen huet mech den Oscar nach mat op SUCHITOTO geholl. Dëst klengt Kolonialduerf mat senge Pavésteng erënnert mech un Antigua (Guatemala).
Wann een d'Duerf eroffiert, trëfft een op de LAGO DE SUCHITOTO, deen an dësem Moment mat ville Séirouse zougewues war.
Nodeems ech vu meng Aktivitéit vum Dag erëm war, ass fir d'éischt giess ginn, Neiegkeeten op der Tëlee gekuckt an UNO gespillt ginn.
Ah jo, wann een vun El Salvador schwätzt, muss een onbedéngt och d'Thema SURFEN ernimmen. El Salvador läit um Pazifik an huet e puer wonnerbar Plazen, fir dëse Sport auszeüben, an zudeem no bei der Haaptstad geleeën.

Ofschléissend nach eng aner traureg Tatsaach : Wann et keng Doudeger duerch d'Waffe ginn, dann duerch schlëmm Verkéiersaccidenter. Wann zu Lëtzebuerg e Mënsch ugestouss gëtt, da gëtt de schëllege Chauffer normalerweis bestrooft. Hei ass dat anescht: Als Foussgänger hues de quasi keng Rechter.
FAZIT: El Salvador ass e geféierlecht Land, dat muss ee ganz kloer soen. Allerdéngs ginn et och vill fei Leit, déi mat Waffen näischt ze di wëllen hunn.
Leider bréngt den aktuelle System et nach net fäerdeg, d'Land méi sécher ze kréien, fir dass méi Touristen dëst klengt Land besiche kommen.
P.S.: Eng wichteg Foto feelt, dat ass d'Gruppefoto mam Henri Gloden an dem Oscar. Déi hunn ech leider nach net kritt, déi kënnt dann an den nächste Blog.