De Sozialaarbechter Gilles Ramponi zu Tanger am Maroc

De Gilles kann och schonn Arabesch, ass awer nach dacks op säi marokkanesche Kolleg, de Baha, ugewisen, fir ze iwwersetzen.
De Gilles Ramponi huet 23 Joer a studéiert zu Léck fir Assistant Social. Säi leschte Stage mécht hien zu Tanger am Norde vum Maroc, 500.000 Awunner.
Fir ee ganz anere "Projet de fin d'études" huet sech de Gilles Ramponi entscheed. Den 23 Joer jonke Lëtzebuerger Unel-Aktivist studéiert zu Léck fir Assistant Social. Fir 5 Méint lieft hien elo zu Tanger am Maroc, eng Stad, déi just e puer Kilometer vun Europa ewech ass an awer schonn an enger ganz anerer Welt lait.
Och wann ee bei guddem Wieder bis an Europa gesäit, sou ass een zu Tanger an enger typesch magrebinescher Stad. Während deene 5 Méint zu Tanger gesäit de Gilles och dat richtegt Bild vun Afrika, wat den Touristen vun den Croisièren dacks net opfällt. Et gëtt am Maroc ee groussen Ennerscheed tëscht den Aarmen an de Räichen, kee Sozialstat oder ausgebaute Schoulsystem probéiert dës Ongerechtegkeeten aus dem Alldag ze schafen.
Am Maroc steet d'Leitmotiv "Gott, Kinnek, Heemescht" op ville Maueren an ass an der Gesellschaft omnipräsent. Och wann dat afrikanescht Land formell als konstitutionell Monarchie ugesi gëtt, sou ass d'Rechtsstatlechkeet awer net wierklech ginn. D'Medien an d'Vollek därfen e puer Tabuen net uschwätzen: Dozou gehéiert natierlech den Islam, de Kinnek an de Sahara-Konflikt. Den Islam ass ëmmer nach immens staark an der Gesellschaft verankert; an de Kinnek steet un der Spëtzt vun der politischer a reliéiser Exekutiv.
Um Beispill vum Maroc gesäit een och ganz däitlech d'Hypocrisie an de Relatiounen tëscht de Länner vum Norden an deene vum Süden. Déi diplomatesch Zesummenaarbecht tëscht dem nord-afrikanesche Land an den entwéckelte Länner ass ganz gutt, dat läit vrun allem um Interessi um Phosphat an anere "Matières Premières". Tëscht Amerika an dem Maroc existéiert esouguer eng Fräihandelszon. Dofir drécken d'Länner aus dem Westen och gär mol een A zou, wann de Kinnek d'Mënschenrechter verletzt oder näischt géint d'Haschisch-Produktioun ënnerhëllt. Emmerhin deckt si 70% vum europäesche Konsum of. 3.000 Tonnen Haschisch produzéieren 200.000 Baueren am Maroc all Joer - a fir de Kinnek ass et natierlech méi einfach, esou weider ze maachen, ewéi an d'Bildung oder de Sozialstat ze investéieren.
Zeréck bei de Gilles a säi Projet als Sozial-Aarbechter. Hie schafft zu Tanger an enger Primärschoul un engem Projet, fir eng Bibliothéik an eng Erliefnisspillplaz op d'Been ze setzen. Et ass awer net einfach, dat Ganzt ëmzesetzen, well nach laang net jiddereen un engem Strang zitt. Verschidde Leit hätte leiwer, et giff alles beim Ale bleiwen an dinn sech mat Verännerunge schwéier. Et funktionnéiert och an de Schoulen am Maroc ganz anescht ewéi hei, schécken sech d'Kanner net, da ginn et der zum Beispill och mol op d'Pouten.
De Gilles probéiert mat sengem Projet de Schüler an de Leit aus dem Quartier laangfristeg "Tools" mat op de Wee ze ginn. Hien ënnerstëtzt si a probéiert, hinnen ze weisen, wéi wichteg et ass, eng Spillplaz an eng Bibliotheik an deem Schoulgebei ze hunn. D'Initiativ soll awer primär vun de Marokkaner selwer kommen. Wann een de Leit nämlech einfach Saachen opdrängt, hannert deene se net stinn, dann iwwerliewe sou Projeten nëmmen kuerzfristeg!
An deem Sënn: "Inch allah" ... (ee Spréchwuert, wat d'Leitmotiv an der arabescher Welt ass an heescht "sou wéi Gott/den Allah et wëll".)