Iwwer Helsinki op Kittilä a Lappland: 150 Kilometer nërdlesch vum Polarkrees. E bësschen iwwerrascht sinn ech, dass et nëmme minus 5 Grad kal ass.

Eng Woch virdrun huet den Thermometer minus 24 Grad ugewisen. Ech sinn deen Éischten aus engem Grupp vu 7 Leit, deen am héijen Norden ukomm ass, fir mat Huskyen duerch déi verschnéite Landschaft vu Lappland ze fueren ...

Vill weess ech net iwwer dëst Land. Et ass bëssche méi grouss wéi Däitschland an et wunnen nëmmen 2 Leit pro Quadratkilometer. Ech weess och, dass Levi all Joer ee Ski-Weltcup-Slalom organiséiert an d'Tania Poutiainen do trainéiert. Op dat Wëssen awer duer geet, fir während enger Woch mat de Schittenhënn ze fueren?

Wéi eng Zäitrees

Während ech op déi aner waarden, maachen ech mech nach e bësschen a mengem Reesguide schlau, deen ech mer zu Frankfurt um Flughafen kaaft hunn. Mee och hei steet net vill iwwer Lappland dran. Ech komme mer vir wéi um Enn vun der Welt. Mee genee do wollt ech jo. Quasi "back to the roots". Domadder mengen ech net zeréck bei meng Wuerzelen, mee zeréck an eng Zäit, wou et kee fléissend Waasser a kee Stroum gouf an och Toiletten nach net esou sophistikéiert waren ewéi haut. Op all dat muss ech an den nächsten Deeg verzichten.

Nodeems déi aner ukomm sinn, 4 Däitscher, 1 Éisterräicher a mäi Frënd Mike, deen an Holland wunnt a schafft, musse mir zwee Lëtzebuerger feststellen, dass mer déi Eenzeg sinn, déi nach ni mat Huskyen ënnerwee waren. Op jiddwer Fall net mat engem Schlitt! Mir kréien ze héieren, dass et net esou einfach ass op de schmuele Kufe stoen ze bleiwen. D'Angelika huet sech esouguer schonns eng Kéier schwéier un der Hand blesséiert, wou et mat de Muppen ënnerwee war. All déi Geschichten droen net derzou bei, dass d'Nervositéit sech bei mir leet. Nach eng Nuescht schlofen, da geet ett lass.

Genee esou opgereegt wéi d'Muppen

No engem kuerzen Transfert komme mer op der Husky-Farm vum Markku a Mari un. 60 Henn waarde schonns op eis. D'Erklärunge vum Markku, wéi ee soll mat engem Schlit fueren, si knapp. Ganz knapp. Et kann also awer net esou komplizéiert sinn, fir mat deem Gefiert eens ze ginn. Eng Brems, e Schnéianker an e Seel, fir de Schlitt um Baam unzestrécken, wa mer eng Paus maachen. Méi ass ett net. D'Hënn brauche mer haut nach net unzegurten. Mir solle just gutt nokucken, well muer musse mer alles selwer maachen.

De Markku deelt eis Grupp op. Ech sinn den zweete Schlitt hannert him. Dat bleift esou déi ganz Woch. Eis Alaska-Huskyen mierken, dass et drop an drunn ass, fir fort ze fueren. Si billen a jaulen vu Freed. A meng Nervositéit steigert sech nach. Endlech geet et lass. Ech halen de Schlitt fest un, d'Kraaft vun deenen Hënn ass net ze beschreiwen. Dat Eenzegt, wat ech am Kapp hunn, ass fir nëmmen net erof ze falen.

5 Hënn fir 130 Kilogramm

RTL

No e puer Kilometer berouegen sech d'Hënn an ech mech och. Sou lues kann ech d'Schéinheet vun der Landschaft geneissen. Ech traue mech awer nach net, fir eng Foto iwwer dem Fueren ze maachen. D'Onsécherheet um Schlitt ass nach ze grouss.

No 2 Stonne machen mer eng Mëttespaus an enger klenger Hütt, déi normalerweis vun de Jeeër benotzt gëtt. D'Feier gëtt ugefaangen an e Wiirschtchen gëtt op een hëlzene Spiess gedréckt a gegrillt. Eng Zeremonie, déi sech an den nächsten Deeg ëmmer nees widderhëllt. Och d'Hënn kréie eppes Klengs ze baffen. Déi hunn et méi wéi verdéngt. Am fréien Nomëtte komme mer no 25 Kilometer nees zeréck op d'Farm. Dës Nuecht däerfe mer nach an engem Haus schlofen.

RTL

Well ee vu mengen zwee Leethënn e puer Problemer mat der Konditioun hat, gëtt en ausgetosch. Zousätzlech kréien ech nach ee 5. Hond. Deen ass net vu Mutwell. Mam Schlitt, mengem Gewicht an dem Gepäck, fir eng Woch an der Wildnis ze iwwerliewen, kommen ech op 130 Kilo, déi d'Hënn musse schleefen. Respekt! 40 Kilometer leie virun eis. Mëttlerweil trauen ech mech schonns, fir Fotoen iwwert dem Fueren ze maachen, an heiansdo dréien ech mech ëm, fir e puer Wuert mam Angelika, wat hannert mir fiirt, ze schwätzen.

Holz, Äis, eng Sauna, vill Waasser, awer keng Cola

Vun Wäiten gesinn ech zwou Hütten. Direkt um Séi, iwwert dee mer am Gaange sinn ze fueren. Soll dat eise Refuge fir déi nächsten Deeg sinn? Genee esou ass et. De Séi heecht Jeris. Et ass een vun Dausende Séien, déi et a Lappland ginn an déi nëmmen 1 bis 2 Meter déif sinn.

Nodeems mer ukomm sinn, ginn direkt d'Hënn versuergt. Um Menu: Kraaftfudder a Koupanz mat Waasser gemëscht. Duerno gëtt Holz kleng gemaach, fir déi sëllesch Feierstellen. Waasser brauche mer och. Mir schloen ee Lach duerch dat déckt Äis vum Jeris-Séi. Nierft den zwou groussen Hütten, eng fir ze schlofen an eng fir ze kachen, gëtt et och nach eng kleng. Et ass eng Sauna. Och déi hëtze mer mat Holz a stellen och nach zwee Kiwwele mat Waasser dran. Dann ass et net grad esou kal, wa mer eis wäschen. D'Iesse kache mer zesummen: Boulette mat Gromperen. Dobei e gutt Glas ... Waasser. Ech si kee Waasserdrénker. Géint den Duscht brauch ech meng Cola. Där gëtt et awer keng. Déi ganz Woch net. Lappläner drénke Waasser, Waasser an nach emol Waasser - an heiansdo emol e Béier.

Bréissel a Rendéieren, fueren a genéissen ...

Och ganz uewen am Norden ass d'Europapolitik een Thema. De Markku mécht sech seng Gedanken, wat derbei raus kënnt, wann een Eurokrat zu Bréissel iwwert d'Rendéierzuucht nodenkt. Recht huet en. Säi Papp huet och Rendéier geziicht. Haut wier et awer schwéier, just nach heivunner ze liewen, erzielt eise Guide an engem nostalgeschen Toun.

Mëttlerweil ass d'Fueren um Hondsschlitt schonns bëssche Routine. Ech genéissen et richteg, iwwer de Pallas-Séi ze glëtschen, dee matten am Naturschutzgebidd mat deem selwechten Numm lait. An dësem Deel ass och den héchste Punkt vu Lappland. 807 Meter iwwert dem Mieresspigel. Während 5 Kilometer fuere mer iwwer de Séi. D'Hënn musse sech zum Deel duerch Meter héijen Déifschnéi wullen.

Mat 12,5 km/h ënnerwee, dono Loimi Lohi - lecker

Meng Faszinatioun fir dës Hënn gëtt vun Dag zu Dag méi grouss. Irgendwéi kann ech mer mai Shar-Pei, deen nawell gären doheem beim Uewe lait, net esou richteg an dëser Géigend virstellen. Ee vun eiser Grupp huet ee GPS derbei. Et sti 55 Kilometer um Compteur, déi mer dësen Dag zeréck geluecht hunn, mat enger Moyenne vun 12,5 Kilometer an der Stonn.

RTL

Owes steet Loimu Lohi um Menu. Fräi iwwersat heescht dat "Saumon beim Feier". Déi zwee Filetë ginn op een hëlzent Briet geneelt a virum Feier 2 Stonne goe gelooss. Et ass dee beschte Saumon, deen ech bis elo a mengem Liewe giess hunn. A propos Iessen: Ech erzielen eisem Guide, dass mir och Koupanz (Kuddelfleck) zu Lëtzebuerg iessen. Esou richteg wëll hien dat net gleewen. Koupanz gëtt a Lappland ebe just un d'Huskyen verfiddert ...

Um leschten Dag geet et nees zeréck op d'Husky-Farm. Kuerz virun der Arrivée begéine mer 4 Laangleefer. Et sinn déi éischten Leit, déi mer zanter 5 Deeg gesinn. Eng leschte Kéier ginn d'Muppe versuergt. Hannert eis leien 200 onvergiesslech Kilometer op engem Huskyschlitt. Ech sinn mer elo schonns sécher, dass ech net déi leschte Kéier a Lappland war. Da bréngen ech mer awer Cola mat, well déi huet mer gefeelt.