De Bob Kieffer huet déi Demokratesch Republik Kongo kuerz virun de Wahle vum 29. November 2011 besicht.

D'Demokratesch Republik Kongo, dee fréiere Belsche Kongo, gehéiert zu engem vun deene räichste Länner op der Welt, wat seng Ressourcen ugeet, allerdéngs zu deenen äermsten, wat seng Leit betrëfft.

Kinshasa: Eng Stad ouni Baukultur

Kinshasa, oder Kin, wéi d’Leit am Kongo soen, ass keng immens al Stad. Réischt Enn vum 19ten Jorhonnert gouf se vum Henry Morton Stanley als Leopoldville gegrënnt. Et ass och keng besonnesch schéi Stad. Ee groussen Deel gläicht engem enormen Duerf, ouni grouss Densitéit an ouni kloer Struktur. Natierlech huet Kinshasa och urban Quartieren, wéi Gombe, wou sech souguer eng Partie „Héichhaiser“ fannen. Een historesche Stadzentrum, wéi een en a soss grousse Stied fënnt, kann een allerdéngs laang sichen. D’Belsch hunn ausser e puer Baracken an enger Partie ellene Gebaier aus den 50er Joeren näischt gelooss, wat derwäert wär ernimmt ze ginn. E puer Jorzéngte Mobutu mat der typescher Diktaturen-Architektur hunn de Rescht dozou bäigedroen, dass Kinshasa net grad flott ze kucken ass.

Dat eenzegt Gebai, wat eventuell als Touristenattraktioun a Fro géif kommen, ass den Palais de la Nation, de fréiere Sëtz vum belsche Gouvernorat. Well haut awer de President do haust, an deem säi Liewen net grad sécher ass, ass de ganze Quartier ronderëm ofgespaart, a kee Mënsch kann ouni speziell Autorisatioun och nëmmen an d’Géigend.

Dat bedeitendst Bauwierk aktuell ass wuel den „Echangeur“. Dest Monument war vum Mobutu geduecht ginn als „Eiffeltuerm vun Afrika“ a sollt vun iwwerall an der Stad den geographeschen Zentrum vu Kinshasa marquéiert. D’Stad ass zënterhier weider gewuess, sou dass den Zentrum geréckelt ass … an den Tuerm selwer ass ëmmer nach net fäerdeg. Säit kuerzem hunn d’Chineesen sech dem Projet ugeholl, sou dass awer lo an e puer Méint mat der offizieller Ouverture däerf gerechent ginn.

RTL

Iwwerhaapt, d’Chineesen. Wou och ëmmer am Kongo ee grousse Chantier ënnerwee ass, kann ee bal sécher sinn, dass eng chinesesch Firma hannendru stécht. Zu Kinshasa gëtt et mëttlerweil souguer eng chinesesch Klinik, fir déi vill chinesesch Aarbechter ze behandelen, déi iwwerall am Land um Bagger ënnerwee sinn. Ëmmer méi Kongolesn fannen dat net méi sou witzeg wéi virun e puer Joer nach. Et weist sech, dass chinesesch Firme wäit manner Eenheemescher astellen, wéi déi sech erwaart haten, dass d'Chinesen et mat de Gesetzer an dem Ëmweltschutz net sou genee huelen, an doriwwer eraus alles anescht wéi gäizeg sinn, wann drëm geet, déi lokal Politiker ze „motivéieren“, fir déi „richteg“ Decisiounen ze huelen.

Dat eigentlecht Zil: D'Poliklinik zu Mbuji Mayi

Den eigentleche Grond fir mäi Besuch am Kongo war awer net Tourismus zu Kinshasa, mä eng Visite vun der Policlinique „Polymbu“ zu Mbuji Mayi. Ufank vun de 60er Jore war d'Stad, deemools nach Bakwanga genannt, kuerz Zäit d'Haaptstad vum separatistesche Kasaï, dee seng Onofhängegkeet vum kongoleseschen Zentralstaat erkläert hat. Zu Kinshasa huelen se hinnen dat anscheinend bis haut nach iwwel. Wann et ëm staatlech Investitioune geet, steet Mbuji Mayi op alle Fall net grad uewen op der Lëscht. Besonnesch am Gesondheetswiesen huet dat zu schlëmmen Zoustänn geféiert. Virun e puer Joer ass d'Lëtzebuerger asbl SUMEDCO op d'Situatioun opmierksam ginn an huet decidéiert, eng erofkomme Poliklinik an Zesummenaarbecht mat lokalen Handwierker komplett nei opzebauen an anzeriichten. Iwwer 200.000 Awunner, dorënner och vill Stroossekanner, kënnen elo hei batter néideg medezinesch Hëllef fannen. Am Oktober gouf de Bau offiziell ageweit, a Präsenz vum Vize-Gouverneur an anere lokalen Dignitären, wat d'Wichtegkeet vun dësem Projet fir déi lokal Populatioun ënnersträicht.

Vun Kinshasa op Mbuji Mayi gëtt et wuel eng Strooss, mä sou laang d'Chineesen déi nach net goudronnéiert hunn, ass et nëmmen eng Schotterpist, iwwer déi een e puer ganzer Deeg ënnerwee ass fir déi ronn 2500 km. Ofgesinn dovunner ass d'Sécherheetssituatioun am Land, trotz UNO-Präsenz, ëmmer nach net sou, dass sou eng Rees ganz ouni Risk wier. Den eenzeg wierklechen Transportmëttel ass dofir de Fliger. D'Fluchlinn CAA flitt mat alen Airbussen, op regelméisseger Basis, ouni allze vill Pannen. Den Ticket kascht ronn 220 USD … woubäi den Duerchschnëttsverdéngscht am Kongo ronn 1 Dollar den Dag ass ...

RTL

Sou genee weess keen, wéi vill Leit zu Mbuji Mayi wunnen, d'Schätzunge leien iergendwou tëscht 2 an 3,5 Milliounen Awunner. Wann Kinshasa scho wéineg urban ass, sou gesäit dat zu Mbuji Mayi nach méi schlëmm aus. An der ganzer Stad gëtt et eng Strooss, déi nach (oder rëm) Belag huet, alles anescht si Sandpisten. Wann et reent, en eenzege Bulli, an deem nach just mat engem 4x4 oder engem Motorad Fortkommes ass. Stroum gëtt et nëmmen zäitweis, genee wéi d'Waasser nëmme sporadesch aus dem Krunn drëpst. Drénke kann een et souwisou net, ouni et virdrun ofzekachen.

Zu Mbuji Mayi gëtt Tshiluba geschwat, wat sech anscheinend däitlech vum Lingala ënnerscheet, wat se zu Kinshasa schwätzen. Iwwer 90% vun de Kongolese schwätzen och Franséisch, sou dass dat wéi bei eis de facto d’Sprooch vum Alldag ass. Wann et eppes gëtt, wat d’Belsch gelooss hunn, ausser der franséischer Sprooch an dem Code Civil, da sinn et … Béier a Fritten! Kee Witz. Am Kongo kritt een och nach am leschte Kouduerf, an där leschter Briederbud, déi sech Restaurant nennt, Fritten. Ee Bekannte vu mir behaapt souguer, den inoffiziellen Nationalplat vum Kongo wär Poulet mat Fritten. Wat de Béier betrëfft, sou ginn et queesch duerch d'Land eng ganz Rei Brauereien, déi richteg gudde Béier fabrizéieren. Hei riskéiert een ni, iergendwou invitéiert ze ginn, wou d'Glas laang eidel bleiwe géif …

De Kongo: E gaaschtfrëndlecht Land

Wéi a sou ville Länner vun der drëtter Welt gëtt och am Kongo d'Gaaschtfrëndschaft immens grouss geschriwwen, an den Här vum Haus (wann et dann deen Numm verdéngt) wäert ëmmer insistéieren, seng Gäscht räich ze bekäschtegen, och wann déi ee schlecht Gewësse kréien, wann se sech iwwerleeën, wéi deier dat fir hien alles muss sinn.

Während mengem Openthalt am Kongo hunn ech vill frëndlech Leit kennegeléiert, an hunn, trotz dem Misär ronderëm, vill lëschteg Stonne mat neie Frënn verbruecht. Grat am räiche Lëtzebuerg sollt et eis ze denke ginn, dass dës Leit, déi wierklech net vill Freed am Liewen hunn, dach eng immens Freed um Liewen hunn.

Associatioune wéi Sumedco hëllefe mat vill Asaz, de Leit dohannen ee Stéck vun där Liewensqualitéit ze ginn, déi fir eis selbstverständlech ass, mä vun där vill ze vill Kongolesen ëmmer nach just dreeme kënnen.

RTL

Zréck zu Kinshasa hat ech dann nach d'Geleeënheet, um Bord vun der Stad een aner Projet ze besichen, dee mat Lëtzebuerger Mëttel ënnerstëtzt gëtt : eng kleng Plantage, wou Téi, Geméis an Uebst ugebaut ginn, fir den eegene Gebrauch, awer och fir um Maart ze verkafen. Dat besonnescht un dësem Projet ass, dass en haaptsächlech Witfrae mat Kanner beschäftegt, deene soss all Liewensgrondlag feele géif. Sou kréien d'Leit op der Plaz konkret Hëllef, fir sech an hire Famillje selwer ze hëllefen.

Grad elo no de Wahle vum 28. November 2011 bleift ze hoffen, dass d'Kongolesen no Jorzéngten Diktatur a Biergerkrich den Iwwergang an d'Demokratie packe wäerten. Nëmme wann si et fäerdeg bréngen, hire Rechtsstat ze consolidéieren, kann et och mat der Wirtschaft biergop goen a kënne Weeër aus dem Misär fonnt ginn. Grouss Optimiste gleewe souguer, dass an e puer Joer vläicht souguer Tourismus méiglech kéint sinn. Och wa momentan nach all Infrastrukture feelen: frëndlech Leit, herrlech Landschaften, a besonnesch am Oste vum Land eng faszinant Déierewelt, waarden nëmmen drop rëm nei entdeckt ze ginn ...