Blog 11: Nicaragua (Deel 1)

Matzen an der Nuecht kënnt de Schmisi an der Haaptstad Managua un. Och dëst Land hat an der Vergaangenheet seng Schwieregkeeten, wéi de Schmis weess.
Yo soy NICA
Sou nenne sech d'Awunner vun Nicaragua. D'Wuert „Nicaragua“ kennt aus der inigener Sprooch Nahuatl a bedeit „nican“ => hei an „arahuác“ => „Mënschen“.
Aus dem El Salvador kommend (via Bus) sinn ech an der Haaptstad MANAGUA gelant, um halwer 1 nuets. Nuets ass d'Haaptstad zimlech onsécher a verschiddene Géigenden, mä ech hat en Taxi bis an den Hostel geholl.
An sou wei den El Salvador huet och Nicaragua eng grausam Vergaangenheet, och dat muss een ernimmen. Allerdéngs ass et allgemeng e vill méi séchert Land wéi säi klenge Noper.
Nicaragua war bal 40 Joer laang eng Diktatur ënnert der SOMOZA Famill. An dëser Zäit si vill Nicas, déi géint dës Diktatur waren, gefoltert ginn.

Wei 1972 e schwéiert Äerdbiewen ganz Managua schlëmm getraff hat, an Hëllefsfongen an den Täschen vun der Famill gelant sinn, hunn déi meescht Leit (an och déi verméigend) sech géint Somozas gestallt.
Et ass dunn zur Revolutioun am Joer 1978 komm, ugefeiert vun der Partei FSLN (der Sandinistescher Partei, genannt nom Nationalheld Augusto Sandino).
Nodeems ech e puer interessant Monumenter zu Managua kucke war (déi meescht sinn aus der Zäit vun der Revolutioun), ass et an d'Kolonialstad LEÓN weidergaang.
Och wann een keen Kierchegänger sollt sinn, sou falen engem awer déi stellegen al Kiirchen op. Déi gréisst ass Kathedral, déi och déi gréissten Kathedral a ganz Mëttelamerika ass.

Virun allem gëtt et zu León och eng flott Traditioun (och an aneren Stied, mä net esou oft wei hei) an dat ass : Enamo Cabezón an La Gigantano. Dat sinn 2 Figuren déi een an de Stroossen owes gesäit, begleet vun Musikanten. Heibäi handelt et sech ëm en klenge Mann deen wonnerschéin Gedichter schreift vir eng ganz grouss Fra an deen hien verléift ass.
E Moiesausfluch vu León ewech leit Duerf San Isidro, wou een warem Quellen besiche goen kann, déi mat aktiven Vulkanbeweegungen zesummenhänken.
Nicaragua huet och vill Vulkaner unzebidden déi een entweder eropklammen oder vu wäit kucke kann; eng ganz Rei sinn nach ëmmer aktiv.
Eng Wanderung ass also ouni Problem méiglech. Ech selwer hat eng Wanderung matgemaach, organiséiert vun Quetzaltrekkers, déi ech nëmmen recommandéieren kann. Et war eng 2 Deeg Wanderung op den Vulkan El Hoyo.
Éier et awer zum Trëppeltour (mat 50Liter Rucksak) sollt kommen, hu mir eis e bëssi opgewiermt beim „Sandboarden“ um Vulkan Cerro Negro. Dobäi kann een mat engem Briet eroffueren (ähnlech wei beim Snowboard) oder sech mam Hënneschten um Briet erof jauwen.

Ganz éierlech : Sandboarden huet kee Wärt, well een däi ganze Zäit domadder beschäftegt ass Gläichgewiicht ze halen (an net ze falen). A nee et gëtt keen Schlepplift nees erop, do muss ech schon nees 45 Minutten zu Fouss erop.
Dunn ass et a Richtung vum erloschene Vulkan El Hoyo gaang, mat Iwwernuechtung direkt beim Vulkan an „Smors“ (dat sinn Marshmallowen mat engem bekannten amerikaneschen Kichelchen) beim Lagerfeier.
No engem éischten haarden Dag ass et den zweeten Dag vill biergof gaang, vir schliisslech an eng Lagun, Laguno de Asoscosa, schwammen ze goen.
Duerno ass et nees mat engem „colectivo“ (Sammelbus) heemgaangen. Et kann een vu León aus nach aner Wanderungen starten, zum Beispill op de Vulkan Telica, wou een aktiv Lava entdecken kann.