Blog 12: Nicaragua (Deel 2)

De Schmis op enger Kaffisplantage. Hien iwwernuecht do an léiert e bëssen d'Liewen vun de Baueren kënnen. Donieft gesäit hien och nach eng speziell Mass.
No der Kolonoialstad León hunn ech mech op de Wee Richtung Norden gemaach, an en Duerf SAN RAMON genannt. Hei existéiert nämlech eng Kooperativ vun de „campesinos“, also de Baueren, déi niewent dem Kaffi och Mais an natierlech Bounen uplanzen.
Ech hat 2 Deeg bei enger Bauerefamill iwwernuecht, do hunn ech dunn och endlech de famousen „gallo pinto“ (typescht Nicaiessen=> Reis, Bounen oder och mat Tomaten. Wat moies an owes ka giess ginn) probéiert.
Dëse kuerze Ausfluch hat mir eng Idee ginn, wei haart d'Liewen um Land ass, an dass een hei alles zu Fouss muss man, also och déi schwéier Kaffissäck (bis zu 40 kg) erofdroen muss.
Wann se dann ënnen bei der Millen ukomm sinn, ginn d'Bounen maschinell gesënnert (d'Boun gëtt vun der Schuel getrennt). Munch Baueren hu hir eege Maschinn bei sech doheem, déi ass awer meeschtens méi kleng.
San Ramon war den Ausgangspunkt, geschlof hunn ech awer an „La Reina“ an de Kaffisplantagen.

Do wou de Kaffi wiisst, muss et engersäits warem sinn am Dag, mat e puer Reenschaueren tëschenduerch, anerersäits owes nawell frësch sinn. Kaffisplanz soll och net direkt dem Sonneliicht ausgesat sinn (soss verdréchent Planz) an och net komplett am Schied stoen.
Dat sinn nëmme e puer Grondregelen vir e gudde Kaffi produzéieren ze kennen!
Ech wärt hei net de Kaffisprozess erklären, dat wier e bëssi laang. Dir kennt awer am Nicaragua Kaffisplantagen kucke goen, an wann der Zäit huet, hinnen bei der „Lies“ hëllefen; dat ass vun November bis Januar, am beschten informéieren een sech bei den Reesagencen am Land.
Och interessant ze wëssen ass dass Kanner mat an der Lies hëllefen, wann et an der Schoul grad net esou wichteg ass ;) Mä maacht iech keng Illusiounen, Kaffi plécken goen heescht vun Sonnenopgank bis Sonnenënnergang.
Ech wollt natierlech och mol Kaffisbounen plécken goen. :) e ganze Moien; dat ass natierlech guer näischt am Vergläich zu de Baueren déi schonns um 5.30 prett stinn. Kaffi ze plécken ass net komplizéiert, mä et soll een Planz vir d'éischt ënnersichen op keng Déieren sech drop verstoppen.
Duerno ass per Bus vun Norden no Süden, aus de Kaffisplantagen erof an déi aner Kolonialstad GRANADA gaang.
Granada ass e bëssi méi kleng wei León, huet awer genee souvill Charme; ech fannen et schwéier ze soen wou et elo besser ass.

Vu Granada aus kann een och eng Réi Ausflich man, so zum Beispill bei de „Volcán Masaya“ fueren. Sai Krater ass schonns impressionant a wann een dann nach bedenkt, dass direkt niewendrun de „Volcán Nindri“ leit, wou een kann – MAT VILL CHANCE – Lava owes gesinn.
Mir haten eis och op d'Sich gemaach no der Lava, allerdéngs ass duerch stänneg Aktivitéit d'Lava oft vun villen Damp verdeckt.
Nicaragua huet och Inselen an der Karibik; déi bekannteste sinn CORN ISLANDS. Ech sinn mam Fliger op Big Corn Island geflunn an du war et spaasseg: e klengt Boot fiert op Little Corn Island. Mir souzen bestëmmt zu gutt 60 Leit, wei d'Sardinnen, op dësem Holzboot. Knapps aus dem Hafen eraus, koumen och schonns d'Wellen – an net ze kleng. Domadder net genuch: et huet och nach ugefangen mat reenen, eiiii! Dunn ass eng Plastiksbaatsch iwwert de Leit hir Käpp gezu ginn an de Kapitän huet eis no 30 Minutten (erop an erof) op der Insel eraus gesat.
Little Corn Island ass „kleng“ an et ginn nëmmen schmuel Weeër, keng Golfcaddien wei am Belize.
Dat heescht, et mëscht een alles zu Fouss.
D'Wierder war am Ufaank net op menger Säit, a Stroum gouf et och nëmmen begrenzt.
Wei de Wand sech geluecht hat (an de Reen och senger Wee gaangen ass) sinn ech e bëssi ronderëm d'Insel getrëppelt.
Op der enger Säit war et propper, an do wou déi vill Loft war (op der anerer Säit) louch vill Knascht op de wëlle Plagen!

Bei normalen Wierder ass d'Insel awer ganz ok an huet gutt Méiglechkeeten vir ze tauchen oder ze schnorchelen.
Als lescht Statioun vun menger Nicaragua-Rees sinn ech nach bis op ISLA DE OMETEPE gefuer, déi am Lago de Nicaragua leit.
D'Insel besteet haaptsächlech aus 2 Vulkaner, dem (groussen) Volcán Concepción an dem (klengen) Volcán Maderas.
Et erreecht een d'Insel mat Fähren déi op verschiddene Plazen op der Insel stoe bleiwen. Allgemeng ass ze soen dass et hei relax ass, net vill Traffik op de Stroossen gëtt an een och kann Petroglyphen (Ariitzungen an deck Steng) bestaunen. Weem dat ze langweileg ass kann bis op Spëtzt vun den 2 Vulkaner spadséieren. Ech betounen awer dass déi 2 Vulkaner oft vun Wolleken bedeckt ginn, also sech villäicht net ze vill erhoffen.
Zum Schluss well ech nach eng Traditioun am Nicaragua ernimmen déi Enn November ufänkt an hiren Héichpunkt de 7.Dezember kritt : La Griteria.
Et ass eng reliéis Féier, déi an all Duerf an all Stad geféiert gëtt. Et ass a gewësser Weis eng Mass, awer ouni Paschtouer. Meeschtens eng Fra seet eng Réi Sätz a freet dann d'Leit : Quién causa tanta alegría ? (Wien bréngt eis vill Freed?) an d'Äntwert ass : La concepcíon de María. ( well soen d'Empfängniss vu Maria, der Mamm vum Jesus).
Während dëser Art Mass gëtt och gesongen an vu Musikanten ënnerstëtzt. Um Enn vun dësen 30 Minutten ginn Séissegkeeten an och Gedrénks un d'Leit verdeelt.
Ech hat zu Managua d'lëtzebuergescht Ambassade besicht an dunn huet mir Christine Krack, wat do schafft, „La Griteria“ live konnte weisen. Merci Christine.