Costa Rica steet um Programm. Par Rapport vun den anere Länner ass et hei zimlech deier. Wisou? Well et eng grouss amerikanesch Vakanzendestinatioun ass.

Vir COSTA RICA hat ech mir 1 Woch Zäit geholl. Aus deem wat ech gelies a héieren hat, soll Costa Rica zimlech „amerikaniséiert“ sinn.

JO, dat stëmmt. Den amerikaneschen Afloss kann ee gesinn (vill amerikanesch Chaînen) an och héieren; amerikanesch gëtt vill geschwat, an der Haaptsaach op den touristesche Plazen an där ginn et nawell e puer an dësem Land.

Costa Rica ass, fannen ech, dat deierste Land an Zentralamerika.

Costa Rica ass e Vakanzeland, dat heescht et kann een 2 bis 3 Wochen hei verbréngen a vun allem man, mä wei gesot, et geet an Geld.

Vill Aktivitéiten sinn schonns ze simpel a systematesch organiséiert, do ass kee Raum vir Spontanitéit, also d'Wuert „Adventure“ ass hei definitiv net dat selwecht wei am Nicaragua beispillsweis. Ech ginn e Beispill : Vir bei deen een oder aneren Vulkan „kucken“ ze goen......fiert een bal bis dobäi, op enger goudronnéierter Strooss, wou ass do nach de Reiz?

An de meeschte Länner a Mëttelamerika ass dat nach manner erfuerscht an et bleift spannend.

D'Arees an de Costa Rica kann scho mol eng Zaitchen (bei der Grenz) daueren.

Nodeems ech bis am Land war, sinn ech Richtung pazifesch Küst gefuer, op PLAYA TAMARINDO.

RTL

Costa Rica huet vill Plagen op dëser Säit vum Land. Ausser relaxéiere kann een virun allem eppes hei man : surfen ! (bis et zu den Oueren erauskënnt).

Mech hat virun allem eppes interesséiert op dësen Plagen: De Mieresschildkröt an der Nuecht beim Eerleen nozekucken. Daat ass wirklech en immense Moment! Ech haat mai Bescht probéiert vir e puer Fotoen a villait e Video dovunner ze maan. Daat ass nët einfach, well et streng verbueden ass de Blëtz bei de Fotoen ze huelen, vir dei sensibel Déieren op kee Fall ze stéieren.

No engem weidere Plage-Dag ass et an eng flott a méi kill Géigend gaang. Dobäi handelt et sech ëm d'Duerf MONTEVERDE/ SANTA ELENA. Déi lescht gutt 30 km virum Duerf ass kee Macadam. :)

Dat soll verhënneren, dass Duerf net vun Touristen iwwerschwemmt gëtt.

Schmisi on World Tour: Costa Rica
Costa Rica steet um Programm. Par Rapport vun den anere Länner ass et hei zimlech deier. Wisou? Wëll et eng grouss amerikanesch Vakanzendestinatioun ass.

Monteverde leit e bëssi méi héich (ëm déi 1500m) no bei engem Reebësch, deen oft vum Niwwel bedeckt ass. Dëst Duerf ass e gudde Start vir folgend Aktivitéiten : Kaffisplantage besichen, Déierewelt vu no gesinn, wanderen goen an virun allem Canoyping. Wat dat ass : Iwwert Stoleseeler mat enger Pulli rutschen. Awer och hei gëllt: alles kascht relativ deier ! Zum Beispill vir eng Canoyping Tour vun gutt 2 Stonnen sinn 45 US-Dollar fälleg.

Ech hat mech vir eng Nuechtwanderung am „Bosque Eterno de los Ninos“ entscheet, wou een op der Sich no Gedeiech ass, déi nuets aktiv sinn.

An ech sinn iwwert „Puentes colgantes“ (Hängebrécken) getrëppelt déi sech matzen am Niwwelbësch befannen a vun deenen een kann dat Canoyping ka gesinn. Et ass impressionant ze gesinn dass alles gréng ass, souguer d'Eescht vun de Beem sinn ganz bewuess.

RTL

No engem Mini-Tëschestopp an der Haaptstad SAN JOSE hunn ech de Bus op PUERTO VIEJO geholl (karibesch Säit vun Costa Rica).

Puerto Viejo leit, genau sou wei Manzanillo, direkt un der Plage a grenzt och un den Urwald zu Panama.

Dëst war meng leschte Statioun ier et an de Panama gaang ass.