Kommen d'Suen, déi iwwert de Wee vun de fair gehandelten Produkter zu Lëtzebuerg erakommen och wierklech bei de Produzenten am Süden un?

Déi Responsabel vun Transfair Minka Lëtzebuerg hu sech iwwert d'Ouschtervakanz neess genee dodriwwer ee Bild an Indien gemaach. An enger éischter Etape hat sech d'ONG verschidden Reisprojeten am Norden vun Indien ugekuckt - ganz konkret geet et ëm de Projet "Khaddar". Kléng Baueren, déi sech a Cooperativen zesummen dinn, an esou probéieren besser iwwert d'Ronnen ze kommen. Duerch hiir Kollaboratioun am Transfair-Réseau kréien sii festgeluechten Minimum-Praisser fir hiiren Basmati-Reis - ee Praiss deen iwwert deem vum Weltmaart lait. Am Fall wou d'Praisser um Weltmaart klammen, kommen awer och d'Baueren neess an de Genoss dovunner.

De Basmati-Reis gëtt an der Haptsaach am Norden vun Indien, um Fouss vum Himalaya ugebaut. Wéi den Transfair-Grupp elo an der Régioun war, ass nach kee Reis ugebaut ginn. Am Abrëll a Mee hunn vierop Planzen, déi verfidert ginn, Prioritéit. Déi Planzen kommen awer net nëmmen den Déieren ze gutt, och de Buedem selwer kann dono méi Stéckstoff opphuelen. Doduerch, an iwwert  eng weider natierlech Düngung  ass den Ertrag dono méi grouss. Réischt Mëtt Juni - da wann och de Monsunreen kënnt - gëtt mam Ubau  vum aromateschen Basmati-Reis ugefaang. Am September ginn d'Baueren nach emol an d'Felder, da gëtt Onkraut, Gras a soss onerwënschten Planzen eraussortéiert. Ugangs November - wann de Reis bis goldgiel ass -  fénkt d'Récolte un. Déi Récolte, a méi generell d'Aarbecht an de Felder gëtt duerch d'Fairtrade-Hëllef vereinfacht. D'Reisbaueren kréien fir hiire Produit ee  festgesaten Mindestpraiss, deen den Ablack bei 243 Euro pro Tonn lait. Do derbei kommen och nach verschidden Susbsiden. Beim organeschen Reis ass et eng Prime vun 20 Euro pro Tonn, do derbei kënnt eng Fairtrade-Prime vun 30 Euro pro Tonn.

RTL

An de Felder vun der Separpur-Cooperative schaffen am ganzen 33 Famillen. Sii profitéieren zesummen vun deene Gelder déi méi erakommen. Dee Plus u Suen ass an éischter Linn an Infrastrukturen gaangen. Dobei geet ëm Stroossen, déi bis bei hiir Felder ginn, a Brécken. Doduerch gëtt d'Aarbecht ee gutt Stéck manner pénibel. Ganz dovun ofgesinn profitéiert awer och de Räscht vun der Communautéit vun dëse Gelder. Esou sinn zum Beipsill d'Schoulhäff méi sécher gemaach ginn, oder och nach Bus-Haisercher gebaut ginn. Wéi eng Projeten um Enn réaliséiert ginn, décidéiert sech op eng demokratesch Manéier an engem Comité, an deem all d'Memberen vun der Cooperative vertruede sinn.

Lëtzebuerg ass net de "groussen" Basmati-Reis Konsument - an awer huet sech am Laf vun de läschte Jooren esou munches gedinn. D'Kantitéiten Fairtrade-Reis, déi zum Beispill am Cactus verkaf gouffen, hu sech an de läschte 5 Joer verduebelt. Ziort waren et 10,5 Tonnen.

De Fairtrade Projet "Khaddar" gëtt et zanter 2001. Zanterhiir hunn déi vill kleng Reisbaueren besser Perspektiven, sii kënnen hiirt Schicksal selwer an d'Hand huelen a sinn neméi därmoossen dem Diktat vun Tëschenhändler a Grossisten ausgesat.

>> An der Sonndeszeitung vum 16. & 17. Mee gi mir bei d'Téi-Produzente lussen.