Indien (2): Fairen Téi, gutt fir de Mo a fir d'Pléckerten

© Henri Eippers
Fairen Darjeeling-Téi: Ee Produit, deen net nëmme gutt ass fir de Mo, mee och fir d'Leit, déi e plécken!
De Champes ënnert dem Téi: dat ass den Terme, dee méi dacks gebraucht gëtt, wa vun Darjeeling-Téi geschwat gëtt. D'Gaërt, an deenen déi "edel" Planze woussen, leien tëschent 800 an 2.000 Meter. Wat méi héich, wat d'Kalitéit besser gëtt.
D'Transfair-Minka war iwwert d'Ouschteren an der Régioun an huet sech an zwou Téiplantagen ëmgekuckt, déi e gudden Deel vun hirem Téi an de fairen Handel ginn. Fairen Handel bedeit an deem Fall, dass Praisser bezuelt ginn, déi duer ginn fir d'Produktiounskäschten ze décken. Op dëse Praiss gëtt nach eng speziell Faitrade-Prime drop geluecht. Dee Supplément kënnt de Baueren, den Aarbechter(innen) an de Leit déi plécken ze gutt.
D'Geld gëtt geholl fir d'Liewens- an d'Aarbechtskonditiounen ze verbesseren. D'Suen déi erakommen ginn awer net u jiddfer eenzelnen, mee an ee Fong abezuelt. Zesummen - an enger Zort "comité mixte" - gëtt décidéiert, fir wéi eng Projeten d'Suen gezielt agesat ginn. A genee esou fonktionnéiert et och an der Selimbong-Plantage an der Géigend vun Darjeeling.
Den TransFair-President Jean-Louis Zeien:
Fir bis op Darjeeling huet den Transfair-Grupp eppes méi laang gebraucht. Et dauert, bis een iwwert déi schmuel Strooss ënnen aus dem Dall bis op eppes iwwert 2.200 Meter geklotert ass. Paralell zu der Strooss lafen awer och Schinnen - wou fréier an och nach haut ee klengen Zuch zirkuléiert. Dobei geet et ëm de sougenannten "Darjeeling Himalayan Railway". D'Bunn ass tëschent 1879 an 1881 vun den Englänner gebaut ginn, fir den Téi ofzetransportéieren. Haut ass déi aal Dampmaschinn "just" nach Turistenattraktioun.

Mee zeréck bei den Téi selwer. Den Aarbechtsoppwand bei der Darjeeling-Récolte ass "énorme". Als Verglach: fir ee Kilo Darjeeling "First flush" mussen bis zu 12.000 Blieder gepléckt ginn - fir een Assam-Téi ginn 4.000 Blieder duer. An der Darjeeling-Régioun muss een doniewt mat Penten vun bis zu 45 Grad eens ginn. An deem Terrain kann ee keng Maschinnen asetzen. Dat brengt mat sech, dass d'Blieder alleguer vun Hand gepléckt ginn. Positiven Effet: d'Kalitéit fällt besser aus.
Am Darjeeling gëtt vu März bis November Téi gepléckt. De sougenannten "first flush" fénkt Ufank März un an dauert bis Mëtt Abrëll. Eng zweet Récolte am Mee/Juni. Dëse «second flush» ass an der Regel méi kräfteg. Dono kënnt et nach zu zwou Récolten am Hierscht.
Bei der Produktioun gëtt et 5 gréisser Etappen. Dobei geet et ëm:
1) Drësche-Prozess (Welken)
Dëse Prozess dauert tëschent 12 a 16 Stonnen. D'Blieder ginn op laangen Matten ausgebreet, vun ënnen blosen Ventilatoren. Dono hunn d'Téi-Blieder 30 Prozent vun hiirer Fiichteg verluer, si si méi mëll a loossen sech dann besser rullen.
2) Rullen (Rolling)
Beim Rullen ginn d'Zellen vun de Blieder opgequetscht. De Jus kënnt eraus an d'Oxydatioun gëtt ugekuerbelt. Ziel vun der Aktioun: den Aroma développéiert sech. D'Rullen geschitt entweder maschinell oder manuell. Dee Prozess dauert tëschent 30 a 40 Minutten.
3) Rouhzait
Dono ginn déi gequetschten Blieder rouen gelooss - ronn 80 Minutten. D'Oxydatioun, respektiv d'Fermentatioun setzt an. De Jus vun den Zellen kënnt an de Kontakt mam Sauerstoff an et kënnt zur Oxydatioun. Als Fauschtregel gëllt - de Rullprozess an d'Rouhzait daueren ronn 2 Stonnen.
4) Drësche-Phase (Drying Section)
D'Blieder gi fir ëm déi 25 Minutten op tëschent 85 an 115 Grad erhëtzt. Heibei geet et em eng ganz kriddeleg Etape. Jee nodeem, ob méi laang oder méi kuerz gedrëschent gëtt, développéiert sech den Aroma.
5) Sortéieren
Da gëtt sortéiert. Dofir gi verschidden "Rëselmaschinnen" agesat. Déi bäscht Kalitéit ass den SFTGFOP a steet fir Special Finest Tippy Golden Flowery Orange Pekoe - déi manner gutt Kalitéit ass den einfachen FOP - Flowery Orange Pekoe.

>> An der Sonndeszeitung vum 23. & 24. Mee gi mir an en Zenter fir Refugiée kucken.