Blog 14: Panama (Deel 1)

Vum Costa Rica an de Panama. Op der lëschter Etapp an Zentralamerika geséit de Schmisi vun allem: Bananneplantage, Kaffisbrennereien a gëfteg Fräschen...
Wat am Costa Rica ugefangen hat, ass an der Banannerepublik, dem PANAMA, weidergaang: Bananneplantage vu enger ganz bekannter Mark, déi ech elo net hei verroden.
Via Bus sinn ech iwwert e relaxe Grenziwwergang gefuer, deen „Sixaola“ heescht. Vun hei aus war et nëmmen e Kazesprong op BOCAS DEL TORO, Karibikinsele vun Panama.
Ech sinn op eng Nopeschinsel vun Bocas bruecht ginn, d'Insel BASTIMENTOS.
Chance mam Wierder hat ech op dëser Insel leider net; et huet nawell gereent, obwuel offiziell de Summer säit Dezember sollt ugefaange huet; tjo de Klimawandel!
Bocas del Toro ass och bekannt vir seng Déierewelt. Op der Insel Bastimentos kann een och „Gëftfeilfräsche“ gesinn. Do gëtt et esouguer e „Red Frog Beach“ deen awer soss näischt ass, wei e „Ressort“ (also e bëssi eng Luxusplaaz vir déi méi Räich) am Dschungel, wou se mat Golfcaddien ronderëm fuere a vir den Entrée 3 US-Dollar froen.
Wien dann nach mengt de „Redfrog“ ze gesinn, gëtt enttäuscht. Et giff ee bal mengen de Ressort hätt se all verdriwwen.

Duerfir mäi Rotschlag: Iwwernuecht – zum Beispill – beim Simon am „Berverlys Hill“ deen a sengem Gaart aktuell 40 där kleng Frësche setzen huet.
Nodeems ech tauche war, hunn ech och mol nees e Schluet matkritt, eiiiiiii!
Niewent dem Tauchen kann een och e Boot lounen (mat Chauffer) an en Tour ronderëm déi verschidden Inselen maachen, schnorchele goen oder op enger super Plage faulenzen.
No e puer Deeg Plage goung et Richtung Süden, en Dierfchen wat sech „BOQUETE“ nennt a e bëssi méi héich leit. Et erënnert mech un Monteverde am Costa Rica. Firwat? Hei ginn et och Kaffisplantagen ze kucken, Canoying man oder a waarmen Quellen puddelen.
Ech hat mir eng kleng Finca erausgesicht. De Proprietär hat seng ganz Maschinnen (vir d'Kaffisprozedur) selwer zesummen“gebastelt“ ; aus engem Auto!
Hei krut ech och den Ënnerscheet vun den 3 Méiglechkeeten vum Kaffisbrennen demonstréiert; zum Beispill de weltbekannte Kaffi Arabica, mat deem den Expresso gemaach gëtt, ass Kaffisboun quasi schwaarz gebrannt.

Doniewent gëtt et nach den Kaffi „Robusta“ (oder och café americano) also Filterkaffi; des Bounen si brong.
Als 3 Variante gëtt et nach hell Kaffisbounen, wou deenen ech de Numm leider net weess.
Vir d'Géigend ronderëm Boquete kennenzeléiren, sinn ech och e bëssi reiden gaang. No dem Ausrëtt goung et als Ofschloss a 38°C bis 40°C waarm Quellen, wou ee sech konnt dra setzen; mä net vir laang, well et wierklech warem war.
Méi vu mengem leschte Land an Zentralamerika, dem Panama, kritt dir an Deel 2 erzielt.