De Schmisi besicht eng riseg Mall a léisst et sech och net huelen, mat engem Schëff duerch den berühmte Panama-Kanal ze fueren. Mat flotte Videoandréck!

D'Haaptstad vun Panama, PANAMA-CITY, war och eng vu mengen Destinatiounen.

D'Skyline vun der Haaptstad besteet aus villen Héichhaiser, vun deenen déi meescht Wunnenge sinn.

Mech huet awer méi den alen Deel vun dëser Stad interesséiert; dësen Deel heescht CASCO VIEJO. Dëse Véierel, deen an der Renovatioun ass, erënnert un déi Zäit vum Kanalbau.

Hei ass och de Musée vum Panama-Kanal, an deem et leider verbueden ass, Fotoen ze man!

An der Haaptstad, no bei der enger Schnellstrooss, fënnt een och d'Statue vun dem Entdecker vun Panama, dem Matrouse VASCO NUNEZ DE BALBOA. Niewent enger Béiermark, ass och d'Landeswährung no him benannt; et bezilt een also mat „Balboas“, wat näischt aneschters ass wei den US-Dollar.

Shopping interesséiert mech op der Weltrees net esouvill, mä munchmol muss een jo eng Ausnahm man.

An der Haaptstad ginn et e puer immens grouss Akafszentren; ech war am gréissten, dem ALBROOK MALL.

Firwat ernimmen ech dat? Ma ganz einfach: Leit aus de Nopeschlänner kommen heihinner akafen well vill Saachen méi bëlleg hei sinn, wei an hiren Länner.

RTL

Ënnert de Nopeschlänner sinn: Costa Rica, Kolumbien, Honduras an Guatemela, wou um Weekend (an dat ALL Weekend) ganz Busflotten an de Panama kommen, fir anzekafen!

D'Land Panama ass natierlech bekannt – op der ganzer Welt – vir 1 Saach : De Panama-Kanal.

An et war e „Must“ vir mech dëse kucken ze goen: entweder mam Bus bis bei eng vun de Schléisse fueren an do de Schëffer nokucken ODER mat engem klengen „Touristeschëff“ duerch de Kanal ze gondelen.

Ech war vir déi zweet Méiglechkeet, déi zwar mat 115 USD zimlech deier war, mä dofir sinn ech duerch 2 vun den insgesamt 3 Schléissen gefuer. An jo, et war derwäert!

Schmisi on World Tour: Panama
Mam Schmisi eng Rees iwwer de Panamakanal

Dësen Ausfluch huet gutt 4  Stonne gedauert, an d'Iessen + Gedrénks waren inklusiv.

Nodeems mir ënnert der „Puente de los Americas“ (déi 1.t grouβ Brëck) duerchgefuer sinn, koumen mir bei déi éischt Schléiss (mat 2 Niveauen; dat heescht mir goufen 2mol gehuewen). Des Schléissen sinn „Miraflores“ Schléissen. Duerno goung et direkt duerch déi nächst Schléiss, „Gatun“ Schléiss.

RTL

E puer Fakten iwwert de Kanal :

Längt 81,6 km

1914 ass dat éischt Schëff duerchgefuer, den 4.9.2010 ass dat millioneste Schëff duerchgefuer!

22.000 Aarbechter waren un Malaria an dem Dengue-Féiwer während dem Bau gestuerwen.

Am Moment sinn Vergréisserungsaarbechten am Gaang, déi 2014 fäerdeg sinn, an dann kennen bis zu 120 Schëffer pro Dag de Kanal passéieren; am Moment sinn et der 40.

Schëffer mussen bis zu 3 Deeg virum Kanal waarden ier se kennen erafueren.

Wat Schëff méi gelueden ass, wat et méi muss bezuelen. Et gëtt boer bezuelt, also et gi keng Bankiwwerweisungen gemaach.

Mëttlerweil ginn et Schëffer déi net méi an Schléissen passen, well se ze grouss sinn. An deem Fall ginn Containeren (an engem Hafen) op en Zuch gestallt an bis no déi leschte Schléiss gefouert.

RTL

Vir déi 4 Stonnen gutt erëmzekréien, krut een genuch Informatiounen iwwert de Mikro, op spuenesch, englesch a franséisch.

An de meeschten Videoen kennt dir nach weider Infoen vun de Guiden héieren.

Iwwert de Panama-Kanal kéint ech elo nach vill schreiwen, mä duerfir gëtt et genuch Bicher oder den Internet. Mir geet et dreems dass dir Videoen kennt genéissen an ech iech déi genial Saach e bëssi virstellen.

Bon voyage !

Schmisi on World Tour: Panama
... an den Thierry Schmitz ass nach ëmmer am Panama-Kanal mat eis ënnerwee!