Blog 16: Bogota, Cartagena, Medellin (Kolumbien, Deel 1)

De Schmisi a Kolumbien. Nee, et ass net d'Land vun den Drogen, mä e schéint Land, wou de Schmisi villes erlieft a vill geséit, grad ronderëm Chrëschtdag.
Ech well dëse Blog mat engem Zitat ufänken aus engem ganz bekannten Guide, kuerz LP genannt:
„Am besten vergisst man zunächst alles, was man je über Kolumbien gehört hat – vor allem, wenn die Erzähler noch nie selbst hier waren.“
A genee esou ass et; well dat meescht wat mir Lëtzebuerger iwwert dëst Land „mengen“ ze wëssen, huet mat engem Klischee ze dinn : Drogen iwwerall, FARC iwwerall, Entféierungen.
Vir dëst direkt mol kloer ze stellen: A mengen ganzen 3 Wochen an dësem Land huet net 1 Persoun probéiert mir iergendwellech Drogen unzedréinen oder mech drop ugeschwat, wou ech och war am Norden oder Süden.
Ech ginn dovun aus dass ech der giff kréie, mä bon dat gëllt vir quasi all Land op eisem Planet.
Kolumbien huet d'Gréisst vun Frankräich, Spuenien an Portugal zesummen; scho net schlecht.
Et ass also ganz einfach de FARC an de Paramilitärs aus de Féiss ze goen!
Ugefangen hunn ech meng Kolumbien-Rees (zesummen mat menger Frëndin Daisy) an der Haaptstad BOGOTA, op 2600m Héicht.
Bogota ass grouss! Dat realiséiert een am beschte wann ee per Gondel op den Aussiichtspunkt „Cerro de Monserrate“ eropfiert. Vun hei aus léist sech déi 8-Milliounen-Stad am beschten „bewonneren“.

A well Bogota esou héich leit,soll een déi éischten Deeg relax ugoen, well soss kéint et villäicht sinn, dass een d'Héichtekrankheet („soroche“ genannt) kritt. An deem Fall kritt een gehirlose Kappwéi an dann muss een sech och nach iwwerginn.
Bogota huet e ganz spezielle a wichtege Musée; de „Museo del Oro“ (Goldmusee) mat de meeschte Goldartikele weltwäit.
Aneschters wei am El Salvador (wou et méi Handyen wei Leit gëtt) hunn déi meescht Kolumbianer (nach) keen Handy. Vir trotzdem „mobil“ kennen unzeruffen, kennen Leit op der Strooss e léien, gutt verstanen vir en Uruff, net vir matzehuelen. Et erkennt een esou Plazen um Schëld „Minutos“.
Vu Bogota goung et dunn, via Fliger bei Karibikküste, an d'Stad CARTAGENA.
Zu Bogota war nawell e bëssi kal, an zu Cartagena huet een nawell anstänneg geschweest bei 34°C, Mëtt Dezember.
Cartagena erënnert an enger Hisiicht u Lëtzebuerg. Vir d'Stad besser virun Piratenugrëff ze schütze(de bekanntesten Pirat deen d'Stad eruewert hat, war den Francis Drake), haten d'Spuenier am 16.Jorhonnert eng Festung ronderëm gebaut.

Cartagena war vir mech nees e gudde Moment sech op der Plage breet ze man an op d'Isla de Barú tauchen ze goen. Kolumbien gëllt am Moment nach bëlleg wat Tauchen ugeet (just sou als kleng Bemierkung).
Iess-Méiglechkeeten ginn et och genuch, virun allem an der flotter Alstad. An dësem Deel fënnt een och den „Palacio de la Inquisición“, deen déi grausam Foltermethoden vun deemools, virun gutt 300 Joer weist.
Mä dëse Musée erklärt och wat Konquistadoren (Spuenier) mam Gold gemaach dat heescht wei se Gold per Schëff vun dem amerikanesche Kontinent heem geschleeft hunn. Demols gouf et jo keen Panama-Kanal!
Vu Cartagena sinn mir mat der Avianca - enger kolumbianescher Fluchgesellschaft – op MEDELLIN geflunn, vir d'Chrëschtdeeg do kenne ze verbréngen. Des Stad mat 2,2 Milliounen Awunner, gëtt och „Ciudad de la Eterna Primavera“ (Stad vum éiwege Fréijoer) genannt.
Firwat? Ma well et hei nëmmen 1 eenzeg Joereszäit gëtt; klengt e bëssi komesch, mä effektiv huet sech d'Wierder an Temperaturen op e gewëssenen Niveau agependelt. Mol ass e bedeckt, mol fisemt et an Temperature si konstant bei (+ -) 25°C.
Mir (Daisy an ech) haten net schlecht gestaunt wat des Stad alles mécht, vir dass een vun A op B ka kommen.

Et gëtt e Metro an dëser Stad; propper, duerchkräizt bal déi ganz Stad an virun allem sécher.
An der Chrëschtdagszäit ass Medellin awer am ganze Land bekannt wéinst hirem Liichtfestival. Dëse speziellen Event nennt sech : Alumbro navideño.
Am beschte kuckt iech de Video dozou un, da verstitt dir wat ech mengen. (Musek déi am Hannergrond leeft, war am Taxi ze héieren, mat deem mir laanscht déi ganz Liichterketten getuckter waren).
Wat ronderëm Medellin nach alles ze fannen an wei et an Kolumbien weidergeet, liest dir am Deel 2.