Mat 3.4 Milliounen Awunner ass Berlin de bevëlkerungsräichst däitsch Stad an déi 2t gréisst Stad aus der europäescher Unioun.

Berlin ass d'Haaptstad vun Däitschland a mat 3,4 Milliounen Awunner déi gréisst Stad an Däitschland. D'Stad ass ursprénglech aus der Stad Cölln déi nördlesch vum Spree-Ufer louch a Berlin déi südlech vun deem selwechten Ufer louch am 13te Jorhonnert zesummegewues an ass vun do un eng Gemeng ginn. D'Rezent Geschicht vun der Stad ass duerch de kalen Krich geprägt gi wéi den "eisernen Rideau" Mëtten duerch d'Stad a Form vun enger Mauer gelaf ass déi säit der däitscher „Wiedervereinegung“ vun 1990 erëm zesummefonnt huet.

Den Holocaust-Denkmal ass en Denkmal fir déi ënnert der Herrschaft vun den Nationalsozialisten ermuerde Judden dat den 10te Mee 2005 no laangem hin an hier endlech ageweit ginn ass. Et läit tëschent zwou Haaptattraktiounen vun der Stad, dem Brandenburger Tor an dem Potsdamer Platz. 
Op engem gewëlltenem Bueden mat enger Fläch vun 19.000 m2 sin 2711 Betonsbléck a mat verschiddenen Héichten an Neigunge strahlen eng speziell Atmosphère aus a sollen un Grafsteng erënneren. En ënnerierdeschen Musée iwwert d'Geschicht vum Holocaust kompletéiert dat ganzt. 



D'Brandenburger Tor ass Medial villäicht e bëssen overhyped, wann een virdru steet gesäit et net onbedéngt esou impressionant aus. Et ass am Bezierk Belin Mitte am Joer 1791 ënnert dem preiseschen Kinnik Friedrich Wilhelm den II. gebaut ginn an ass haut net nëmmen dat wichtegst Wahrzeechen vu der Stad, mä och e Symbol fir déi nei däitsch Natioun ginn. Et ass 26 Meter héich an 65 Meter breet an ass nom Virbild vun der Propyläen zur Akropolis vun Athen gebaut ginn.



De Potsdamer Platz ass tëschent dem ale Stadskäer vun Ost Berlin an dem neien West Berlin gebaut ginn. Op där Plaz wou déi Weltbekannter Berliner Mauer laanscht gelaf ass, gouf no der Wiedervereinegung dat neit Berlin gebaut. Et ass eng spektakulär Plaz vun den Superlative wou dee bekannten Europäesche Sony Center an en groussen Kinokomplex mat Imax an héije Bürosgebaier an Postmoderner Architektur liwweren eng spektakulär Kulisse fir vill grouss Däitsch Fernsehevenementer.