Blog 17: Silvester zu Cali (Kolumbien, Deel 2)

De Joreswiessel huet eise Weltenbummler a Kolumbien verbruecht. Liest haut an hei, wat hien zu Medellin, an enger Naturreserve an zu Cali erlieft huet.
Zu Medellin ass mir opgefall, dass Kolumbianer gäre Vëlo fueren. Am léifsten déi Streck, déi Richtung Fluchhafe geet, dat heescht biergop! De Fluchhafe läit nämlech 600m (Héichtendifferenz) iwwert der Stad.
Duerch dat "Fréijoerswieder" fënnt ee laanscht d'Stroosse vill Blummen, déi ee kafe kann.
Nieft der Metro huet Medellin och eng Seelbunn, déi iwwert déi Staddeeler ewech geet, déi méi héich leie wéi de Stadkär. Sou kritt een e gudden Iwwerbléck iwwert d'Stad an et kann een en Naturschutzgebitt besichen, dat hannert der Stad läit. Do hunn ech déi éischte Kéier eppes gesinn, wat ech a ganz Zentralamerika net gesinn hat: D'Kolumbianer fänken un, den Dreck ze sortéieren an ze recycléieren!
A wann emol d'Stad ze langweileg sollt ginn, kann ee mam Bus an d'Kolonialdierfchen SANTA FE DE ANTIQUIOA fueren. Do gëtt et Enn Dezember de "Festival de los Diablitos", e bëssi sou eppes wéi eng Kiermes. Mat zum Beispill engem Stéierkampf, vill Musek an engem Schéinheetsconcours.
2 km ausserhalb vun dësem Duerf fënnt een dann PUENTE DE OCCIDENTE, eng ongewéinlech Bréck mat enger Längt vun 291 m.
An da kann een och an d'RESERVA NATURAL DE RIO CLARO fueren, 3 Stonnen ewech vu Medellin. Do entscheet ee sech fir Rafting, Wanderen oder Canyoning am Rio Claro. Fir dohinner hëllt een einfach e Bus a Richtung Bogota. Fir zeréck sollt et och einfach sinn, mä leider bleiwen déi meescht Laangstreckebussen net stoen, well se normalerweis net däerfen. D'Daisy an ech stoungen also annerhallef Stonn do ze waarden, mam Aarm ze wénken, sou bal e Bus laanschtgefuer ass an no deem xte Bus ass du glécklecherweis ee stoe bliwwen, soss hätte mir misstem do iwwernuechten.

E puer Deeg viru Silvester sinn ech dunn op CALI komm. Enn Dezember ass fir d'Awunner vu Cali ganz wichteg, well do ass Feria de Cali (e bëssi sou wéi eis Fouer, ouni Spiller, mä mat Paraden, Salsapräsentatiounen, Stéierkampf an engem Schéinheetsconcours). Cali ass awer virun allem bekannt fir säi schnellt Salsadanzen. Fir mat hinne kënnen matzehalen, muss ee scho gutt a Form sinn.
Et war och an dëser Stad, an där ech Silvester verbruecht hunn. Cali ass u sech eng Risestad mat 3,5 Milliounen Awunner, mä huet awer e puer flott Ecken a vill Plazen, fir erauszegoen, also genee dat Richtegt, fir d'Enn vum Joer kennen ze féieren.