A Mëttelamerika gëtt et ee "Liceo Luxemburgo". Beim Versuch erauszefannen, wat et domatter op sech hätt, gouf et ee flotten Danz- a Musek-Spektakel ...

Kuck emol, wat s du hei ausgeléist hues!" Wéi mir bei der Schoul ukomm sinn, huet de Mil direkt spatz kritt, wat lass wier. D'Directrice huet eis ewell op der Strooss empfaangen, zesumme mat enger Franséisch-Proffin, wuel fir op Nummer sécher ze goen, an am klengen Haff vun der Schoul stoungen d'Schüler an 3 Reien, fir de Besuch aus Europa wierdeg ze begréissen. Keen Zweiwel: De Liceo Luxemburgo zu San Salvador a Mëttelamerika huet sech op seng Gäscht aus deem wäite Lëtzebuerg gefreet a wollt sech net lompe loossen.

RTL

Zu där ongewinnter Begéignung ass et komm, well d' "Fondation Luxembourg – El Salvador" um Dënschdeg, 24. Januar een Entwécklungshëllefsprojet offiziell ageweit huet. Eng 150 Haiser fir ëmgerechent 600.000 Euro sinn an deem klengen Duerf El Jobal op der Insel Espíritu Santo gebaut ginn, dat Ganzt cofinanzéiert vum Lëtzebuerger Staat (méi iwwert dës Aweiung an enger weiderer Korrespondenz).

Zu der Virgeschicht

Um Dag vrun deem offiziellen Akt op der Insel am Pazifik huet déi kleng Lëtzebuerger Delegatioun de "Liceo Luxemburgo" an der Haaptstad besicht. Jo, do gëtt et esou eppes an den Auteur vun dësem Artikel wollt erausfannen, wat et mat deem Numm op sech hätt – dëst en vue vum zweete Band vum Buch "Luxemburg in der Welt", un deem hie mam Steve Müller schafft an dat, wann alles klappt, nach am Laf vun dësem Joer bei den Editions Guy Binsfeld erauskomme soll.

An deem Buch gi just lauter Persounen, Plazen a Saache virgestallt, déi Lëtzebuerg heeschen, awer net zu Lëtzebuerg sinn. Et ass also eng Sich vu Lëtzebuerg am Ausland.

Liceo Luxemburgo zu San Salvador: Virféierung vun de Schüler

Datt et ee Lycée, dee "Lëtzebuerg" heescht, am El Salvador gëtt, war dem Laurent Gloden viru Joeren (1991!) opgefall, wéi e säi Monni, de Paschtouer Henri Gloden – op Spuenesch "Padre Enrique" – besicht huet. Wat et domat genee op sech hätt, konnt hien awer net soen.

De rezente Kontakt elo gouf vum Mil Calmes hiergestallt. Dank senger salvadorianescher Fra Maureen Zavala huet den Ex-Deputéierten e Pied-à-terre am Oste vum Salvador. Mat derbäi war och de Jean-Mathias Goerens, Member an der Fondatioun Lëtzebuerg – El Salvador.

Grouss Erwaardungen, grousse Spektakel

De Liceo huet sech der klenger Lëtzebuerger Delegatioun vu senger beschter Säit gewisen. Net ganz ouni Hannergedanken; de Mil hat ewell vrun der Visite wësse gedoen, datt et duerchaus kéint sinn, datt déi eng oder aner Doléance formuléiert géing ginn. Dat wier aus dem Mailechange kloer ervirgaangen: "estamos ansiosos de recibir su visita" ...

Fir d'Schüler war de Méindeg deen éischte Schouldag no der Summervakanz. Vläit stounge si dofir esou gedëlleg do, op deen "héije" Besuch ze waarden - an dat bei décker Hëtzt a voller Sonn.

RTL

Nodeems mer duerch ee schmuele Gank am Haff ukomm sinn, gouf et direkt emol eng Beess vun enger Schéinheetskinnigin. Wéi sech erausstelle sollt, war d'Ana Lucia Ordoñes Amador d' "Reina de los No-Oyentes", also d'Kinnigin vun deenen Daf-Stommen. Hir Schwester ass am Liceo Luxemburgo, vun dohier och de Kontakt vun der Schoul zu där jonker Damm, zu där hiren Talenter och nach d'Molen an d'Danze gehéieren.

Liceo Luxemburgo zu San Salvador: "El Carbonero"

Wéi d'Schoulband d'Stéck "El Carbonero" (de Kuelenaarbechter), déi inoffiziell Nationalhymne vum Salvador, intonéiert huet, huet d'Ana Lucia zesumme mat 3 aneren Dänzerinnen un der Virféierung deelgeholl - obschonns si näischt vun der Musek héieren huet, huet si awer Gefill Rhythmus gewisen. An datt si net nëmmen do eng gutt Figut mécht, huet si gewisen, wéi si e Kalenner vu sech verdeelt huet, ob deem si als Ambassadrice vun den Daf-Stomme 12 Mol poséiert.

Et gouf net nëmme gedanzt!

D'Directrice vum Liceo, d'Madame Belinda de Sandoval, huet d'Schüler begréisst an d'Personal virgestallt. Si huet en détail erkläert, wourop de Lycée Wäert leet- dozou gehéiert zum Beispill och déi franséisch Sprooch.

Un de Mauere vum Schoulhaff, dee weder terribel grouss war, nach terribel flott louch, waren dann och Gedichter vu franséischen Auteuren wéi dem Jacques Prévert ("Pour toi mon amour") ze liesen - deels och mat spuenescher Iwwersetzung.

RTL

Fréier war de Lycée an engem anere Gebai e bësse méi ënnen an der Strooss, der Calle Poniente am Barrio San Miguelito, ënnerbruecht, ma do gouf de Loyer ze deier - och wann een un der Fassad nach ëmmer "Liceo Luxemburgo" liese kann. Allerdéngs ass dat Haus am Gaangen, renovéiert ze ginn, esou datt den Hiweis op déi fréier Notzung geschwë passé dierft sinn ...

A wa mer scho bei de Finanze sinn: Liceo Luxemburgo alias Lycée Luxembourg wier scho frou, wann een - a firwat net de Grand-Duché als Nummpatréiner? - him ënnert d'Äerm gräife géing.

RTL

D'Directrice huet op alle Fall net ouni Hannergedanken op déi gutt Aarbecht insistéiert, déi an der "Comunidad Educativa" géing geleescht ginn, an datt een awer eng zimlech bescheiden Existenz féiere géing, well d'Moyenen ebe begrenzt sinn.

Konkret Erwaardungen huet d'Belinda de Sandoval awer net formuléiert, och wa si X Mol betount huet, wéi frou si wier, elo mol eng Kéier een direkte Kontakt zum Land Lëtzebuerg ze hunn a prophylaktesch huet si de Visiteuren ee Schreiwes an de Grapp gedréckt, datt ee roueg weiderginn dierft ... an der Hoffnung, datt et an déi richteg Hänn kënnt an de Kontakt intensifiéiert gëtt. De Bréif schléisst op alle Fall mam Hiweis, datt een den Numm vum Grand-Duché de Luxembourg weider wierdeg vertrieden an där Missioun a Visioun, déi ee sech am Joer 1982 ginn hätt, och weider wéillt gerecht ginn:

No me que más que decirles que nuestro compromiso es querer seguir elevando orgullosamente el nombre del Grand Ducado de Luxemburgo quienes seguiremos con mucho esfuerzo desarollando la Misión y Visión que nos propusiéramus en 1982.

RTL

Am Bréif gëtt och ewell vun engem Studentenaustausch mat Lëtzebuerg gedreemt. Den El Salvador wier op alle Fall eng Rees wäert (méi dozou méi spéit op dëser Plaz). A vläit huet och dofir ee jonke Schüler de Besuch begréisst, op Franséisch versteet sech. "Oui, je parle français, et toi?" stoung op sengem Polohiem, datt e Col an de belsche Nationalfuerwen hat an op der Schëller, iwwert dem Schrëftzuch "Lycée Luxembourg" ee rout kanadescht Ahorn-Blat ...

Wouhier den Numm? Benelux ass Schold!

Zanter 1982 besteet d'Privatschoul also schonn, gegrënnt vun der Famill Barrientos. Vun der Koppel hänkt genee esou e Bild am Sekretariat wéi vum Grand-Duc Jean, der Grand-Duchesse Joséphine-Charlotte an dem groussherzogleche Wopen. Vum Enrique (Henri) hätte si nach kee Passend fonnt ...

RTL

Wéi d'Schoul hir Dieren opgemaach huet, krut si vum Educatiounsministère eng Lëscht mat all deenen Nimm, déi ewell fir Schoule gebraucht an dowéinst net méi disponibel waren. A well deemools vill vum Dräilännereck (Trifinio) Guatemala, Honduras an El Salvador Riets goung, hätt ee sech un d'Benelux-Allianaz an Europa erënnert ... a well am ganze Land nach keen "Centro Educativo" den Numm Lëtzebuerg hat, huet ee sech informéiert a sech dofir decidéiert. Schliisslech wier Lëtzebuerg zwar ee klengt Land, dofir awer eent mat engem groussen Häerz! (Méi dann am Buch "Lëtzebuerg an der Welt 2".)

NB De Liceo ass ze kontaktéieren iwwert: liceoluxemburgo[at]hotmail.com