Och am neie Joer geet d'Weltrees weider. Déi drëtt Etapp a Kolumbien an d'Arees an den Ecuador stinn dës Woch beim Schmisi um Programm.

Nodeems ech CALI verlooss hat, 1 Dag no Neijooschdag, hunn ech mech mam Bus a Richtung Süden gemaach mat Destinatioun : POPAYAN.

Dës Stiedchen huet e flotten Deel mat héijen, alen Kolonialhaiser. Et war hei wou ech – zoufällegerweis – enges Moies op enger Menüskaart e bëssi meng Aen geriwwen hunn. An dat net well ech midd war, mä well ech e Stéck vu mengem Ländchen entdeckt hunn. Weder de Patron nach  iergend eng aner Persoun staamt aus eisem klenge Land. Am beschten kuckt iech d'Foto un, méi soen ech elo net.

Matzen an der Stad fënnt een och eng Bréck aus aler Zäit, PUENTE DEL HUMILLADERO,  déi éischter an Europa ze fanne wier ewéi hei a Kolumbien.

Popayan gëllt och als Tëschestatioun vir en Dagesausfluch an Thermalbad op Coconuco oder Downhill- MB.

Falls een e bëssi méi ofgeleeën well léien, muss een op SAN AGUSTIN fueren. An duerfir hat ech mech entscheet, och dowéinst well hei déi bekanntesten kolumbianesch Ruinen stinn. Et sinn weder Maya nach Inca Ruinen, mä San Agustin Kultur genannt, déi aus Statuen aus Steng besteet (Mënschen an Déieren sinn duergestallt).

Obwuel et nëmmen 120km bis dohinner sinn, brauch de Bus 6 Stonnen, well d'Strooss nach ëmmer net fäerdeg goudronéiert ass! Ei, wat eng Freed!

RTL

Mä d'Strapazen lounen sech : Duerf San Agustin ass bei de Kolumbianer genee esou beléift wei bei den auslänneschen Touristen.

Eng vun de beléifsten Touren ass et zum Beispill: mat der Jeep e ganzen Dag vun Ruin zu Ruin ze fueren an tëschenduerch grouss Waasserfäll kucke ze goen.

Niewent engem Moien mat Päerd, hunn ech den Dag duerno d'Jeeptour matgemaach. Op dëser Tour hate mir deen Dag dat Gléck vir a munchen Dierfer op de Festival „Blancos y Negros“ ze stoussen.

Dëst Fest besteet aus folgende Elementer: vill Waasser, Miel a Schaum aus Spraydousen. Wann een dat déi éischt Kéier materliewe, weess een natierlech net dass een mat Schaum, asw. Beschoss gëtt. An den Dierfer gëtt also de 4. a 5.Januar geféiert, mä vir e wierklech Defilé ze gesinn (esou ähnlech wei bei eis d'Cavalcaden) muss een op PASTO.

Wat soll eigentlech dëst Fest? Ganz kuerz: Et staamt aus der Zäit vun de Sklaven an et goung schonn deemools drëm, vir 1 Dag d'Hautfaarf ze wiesselen (also Sklaven mat den Proprietairen vun de Fincaen).

No dëser leschter Woch a Kolumbien hunn ech mech op de Wee a Richtung Ecuador gemaach: Vu Popayan bis op Pasto 6 Stonnen, dunn nach annerhallef Stonn bis op IPIALES, der Grenzstad zum Ecuador.

Dës Stad huet eppes eenzegaarteges ze bidden: eng Kierch déi an de Fiels ugebaut ass an déi och als Pilgerplaz bei Kolumbianer an Ecuadorianer bekannt ass.

RTL

Wann een an Zentralamerika oft „adelante“ (Kommt eran) héieren huet, sou héiert een bei de Kolumbianer „A la orden“, wat quasi datselwecht heescht. A wann een seng Bestellung dann am Restaurant (zum Beispill) mécht, soen d'Kolumbianer oft „con mucho gusto“ (Ma gären). Wann een an aneren Länner oft konnt de Präis beim Taxi verhandelen, sou ass dat a Kolumbien quasi net méiglech. Et ginn Bustrajeten vir iwwerall hin; si sinn just leider am Moment net bëlleg, vläicht well de Präis vum Pëtrol (vir dass Kolumbien et importéiert) zimlech héich ass.

An dësen 3 Wochen hunn ech nëmmen e Brochdeel vun dësem – ech widderhuelen - net feindleche Land gesinn. Kolumbien gëtt nach ëmmer dämoniséiert, leider Gottes! Deen eenzegen Wee dëst ze bekämpfen ass – genee wei ech – et ze bereesen.

Zum Schluss nach ee Sprooch deen ech konnt op e puer Plazen liesen : Colombia, el pais donde el unico riesgo es que te quieras quedar. Op lëtzebuergesch : „Kolumbien, dat eenzegt Risiko ass wëllen ze bleiwen! :)