El Salvador (2): Mat naasse Féiss bei dréchen Haiser

D'Fondatioun Lëtzebuerg – El Salvador huet eng 150 Haiser op der Insel Espíritu Santo ageweit. Ma well Ebbe war, goung et fir d'éischt duerch d'Waasser ...
Puerto El Triunfo – ee gutt Omen? Esou huet op alle Fall déi Plaz geheescht, op där sech um Dënschdeg, 24. Januar ageschëfft gouf. D'Zil war dat klengt Duerf El Jobal op der Insel Espíritu Santo an där grousser Bahía de Jiquilisco am "Oriente" vum El Salvador, also am Oste vun dem mëttelamerikanesche Land mat der klengster Surface, dofir awer mat der héchster Bevölkerungsdicht op deem ganzen amerikanesche Kontinent.
Ëm 8 Auer huet d'Sonn scho ferm gedréckt, et war ewell déck waarm an eng ganz Rëtsch vun deene salvadorianesche Billerbuch-Vulkanen hunn erof an den Hafe vun El Triunfo geluusst. Do hu sech d'Gäscht op d'Schëffer verdeelt, dorënner och eent vun der salvadorianescher Marine. Aus guddem Grond: D'Militärschëff hat gehollef, dat ganzt Baumaterial op d'Insel ze bréngen, all déi aner Booter hu sech dofir als net appropriéiert erausgestallt gehat.

Ënnert den Invitéë waren och véier Lëtzebuerger: De Paschtouer Henri Gloden – am Salvador, wou hien zanter iwwer 40 Joer lieft a wierkt, gëtt hie Padre Enrique Gloden genannt (doraus dierf een awer net schléissen, datt hien ee Pater wier) – a Vertrieder vun där Fondatioun, déi säi Wierk ënnerstëtzt an där salvadorianescher Bevëlkerung an Nout hëlleft: den Emile Calmes, de Jean-Mathias Goerens an den Auteur vun dësem Artikel.
Aarm a geféierlech
Et huet alles no engem gemittlechen Ausfluch ausgesinn an dee sollt et och ginn, och wann de Salvador zu deene gewalttätegste Länner op der Welt gehéiert. 2011 goufen net manner wéi 4.368 Mordfäll gezielt, dobäi kommen 2.007 Vermësster, vun deene Police-Aussoen no 80 Prozent ni méi gesi ginn. Déi meescht Crimë spille sech an der Zeen vun de Banden of, déi hei Maras oder Pandillas genannt ginn. An dovun, esou den Henri Gloden, wier och déi fir salvadorianesch Verhältnisser méi touristesch Statioun Puerto El Triunfo net verschount: D'Haaptstrooss an der Mëtt markéiert d'Grenz – déi eng Band op der lénker, déi aner op där rietser Säit a "gare la box" wann ee Marero op friemem Territoire gesi gëtt: Da schwieft en an akuter Liewensgefoer.
Dovunner huet een um Dënschdegmoien awer guer näischt matkritt an d'Präsenz vu schwéier bewaffneten Zaldoten war zwar ongewinnt fir déi friem Gäscht, hat fir déi lokal Bevëlkerung awer guer näischt Ongewéinleches u sech.

Virun dëser ambivalenter Kuliss ass a Richtung Insel getuckert ginn. D'Leit vum Arméischëff huet dëst kuerz virum Ufer musse verloossen; well Ebbe war, konnt d'Schëff net méi weiderfueren. Mat enger Aart Nache mat Moto ass d'Rees fortgesat ginn, duerch ee Waasseraarm, dee bis bei déi Plaz féiert, wou d'Booter uleeën. Ma och fir dat war op eemol net méi genuch Waasser do an du huet et geheescht, Schong ausdoen, opstoen an duerch d'Waasser weidermarschéieren. D'Leit hunn et mat Humor geholl an et ënnert "eng Aventure weider" verbucht.

Am klengen Hafe stoungen e puer Schoulkanner Spaléier a si hu sech gefreet, wann een duerch hir Rei gaangen ass: Dann hu si mat hire Lëtzebuerger a salvadorianesche Fändele gewedelt an een Text opgesot, deen um Schluss e bëssi wéi "Luxemburgo, Luxemburgo, go, go, go" geklongen huet.

Duerch eng "Palmenallee" ass et dunn ze Fouss a Richtung El Jobal gaangen, fir déi offiziell Zeremonie vun der Aweiung. Quasi d'ganzt Duerf war versammelt an dofir huet den Abbé Henri Gloden um Ufank vun der Mass, déi den Optakt vun der "Inauguración" markéiert huet, probéiert, jiddereen unzeschwätzen an anzebannen. Am El Salvador ginn et nämlech och ganz vill Unhänger vum evangelesche Glawen, zu deem virun allem eng sëlleche Sekte gezielt ginn.
Dräi Paschtéier hunn d'Mass gehalen. A während Zaldote mam Maschinnegewier am Grapp am Schiet vun de Beem stoungen, huet de Padre Enrique Gloden gepriedegt, datt gären hu géing heeschen, eppes ze ginn an ze kréie mat enger gudden Intentioun ("amar es dar y recibir con una buena intención").
"Inauguración": Ee klenge Matschnëtt vun der Mass
No der Mass sinn dunn d'Éieregäscht op d'Bühn geruff ginn, déi inlännesch, wéi déi auslännesch. D'Musek vun der 6. Infanterie-Brigade huet déi 2 Nationalhymne gespillt (d'Heemecht huet een och erkannt) an du konnt déi eigentlech Feier ufänken. An et waren natierlech eng Hellewull u Mercië fir déi ronn 150 Haiser am Wäert vu 600.000 Euro, déi d'Fondatioun zesumme mam Lëtzebuerger Staat bis op e puer Ausnahmen op der Insel finanzéiert huet.
Am Dezember 2009 gouf de Projet konkret entaméiert, nodeems d'Regierung de Kofinanzement zougeséchert hat. Virausgaange war, datt de Paschtouer Neftali vu Puerto El Triunfo, deen och fir El Jobal zoustänneg ass, un den Henri Gloden mat der Iddi vun den Haiser erugetruede war. Sur place huet d'Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador mat der Stëftung Fundamuni (Fondation d'appui aux municipalités) zesummegeschafft. Am Kader vu Projete vun "Komm, hëllef mat – Préizerdaul" huet den Emile Calmes ewell gutt Erfahrunge mat Fundamuni gemaach gehat. A well de Mil zesumme mat senger salvadorianescher Fra, der Doktesch Maureen Zavala, een Haus zu San Agustin – dat ass eng hallef Stonn Auto ewech – huet, konnt hie méi dacks en A op d'Entwécklung vum Projet geheien.
Nei Haiser, nei Liewensqualitéit
Déi nei Haiser fir déi batteraarm Leit op der Insel bestinn aus engem Raum "multiusos" an derhannert 2 Schlofkummeren. D'Fra, déi duerch de Programm gefouert huet, huet si als wichtege Bäitrag, fir d'Liewensqualitéit ze hiewen, bezeechent.
De Paschtouer Neftali huet all deene Merci gesot, déi gehollef hunn, well hei wier Grousses geleescht ginn. Als Zeeche vun der Dankbarkeet wieren d'Nimm vun den Donateuren aus Lëtzebuerg – fir all Haischen hat d'Fondatioun "Patréiner" gesicht – op der Fassad vum Haus ubruecht ginn.

"Et ass fir d'éischt, datt mir esou ee grousse kofinanzéierte Projet maachen", huet de Jean-Mathias Goerens a senger Interventioun op Spuenesch ënnerstrach. D'Zefriddenheet vun de Leit an den Haiser wier d'Satisfactioun vun der Fondatioun iwwert de Projet.
D'Solidaritéit tëscht Lëtzebuerg an El Salvador gouf nach an esou muncher Usprooch thematiséiert an d'Presidentin vun der Fundamuni huet dann och betount, datt nach weidere Bedarf do ass, ënnert anerem a puncto Gesondheet an Drénkwaasser. A béide Fäll probéiert déi Lëtzebuerger Fondatioun elo, nach eemol aktiv ze ginn – fir déi lokal "Clinica" ze ënnerstëtzen an eng Waasseropbereedungsanlag op déi ganz dréchen Insel ze huelen. Wéi ubruecht dat ass, beweist dat, wat engem salvadorianeschen (!) Paschtouer op der Insel geschitt ass. Well en e Glas Waasser, dat him ugebuede gouf, net refuséiere wollt, louch en dunn emol 2 Deeg krank am Bett ...

Déi emotional Héichpunkte vun der Feier waren déi zwee Danzoptrëtter voller Symbolik vun de Schoulkanner an dee Moment, an deem Goerense Mëtt eng Këscht voller Bréiwer iwwerreecht krut: Dora soen déi nei Besëtzer vun den Haiser, esou gutt si dat kënnen, hire Spender individuell Merci fir hir nei "casa digna". De Mëtt huet versprach, all d'Schreiwe mat op Lëtzebuerg bei d'Donateuren ze huelen.

Ofgeschloss gouf de Festakt mat der Visite an dem Sehne vun zwee vun de ville wäissen Haiser, déi iwwert déi ganz Insel verstreet sinn. Et goufen nach e puer Ballone mat enger klenger Käerz an den Himmel geschéckt a fir déi ganz Bevëlkerung war dunn ee gratis Iesse virgesinn – deementspriechend grouss war d'Schlaang.

D'Gäscht an d'Arméi hunn op engem schwammende Restaurant an der Bahía zu Mëtteg giess, déi Plattform war mat Hëllef vun enger spuenescher ONG gebaut ginn. An déi Kéier ass een ouni naass Féiss dohinner komm, well d'Feier hat esou laang gedauert, datt d'Mier entretemps Flut hat, esou datt net nëmmen déi kleng Booter, ma och esou guer d'Schëff vun der Navy bis un dee klenge Quai vun der Insel fuere konnt.
Hannescht zu Puerto El Triunfo hu cagouléiert Zaldoten den Hafe bewaacht. No deem paisiblen Ausfluch an déi eng Realitéit vum Salvador, ass ee sech dunn erëm bewosst ginn, datt et an deem Land leider och nach eng aner gëtt.
