De Schmisi am Ecuador. E Besuch an der Haaptstad a vill Attraktiounen ronderëm d'Vulkanen stinn déi éischt Woch am Ecuador um Programm...

Ech war zu Popayan extra fréi fortgefuer vir mat Zäit op der ecuadorianescher Grenz ze sinn; ech wollt jo gären nach déi Kierch „Las Lajas“ kucken goen.

Géint 17.30 war ech op der Grenz : Oh Misère! Op dem Grenziwwergang ass et vir vrecken net weidergaang ; et waren bestëmmt ëm déi 200 Leit an der Rei. De Problem mat der Grenz ass et se nëmmen bis 22 Auer op ass (domm gaang wann een dann nach an der Rei steet). No 2 Stonnen war ech endlech un der Rei. Am Guichet geet et schnell just dass Douanieren musse Emigratioun / Immigratioun man; et feelt un besserer Organisatioun.

Eng Saach ass mir direkt opgefall: Bustransport ass bëlleg am Ecuador; zum Beispill 2 USD vir 4 Stonnen Bus.

Éischt Statioun war OTAVALO op 2700m, wou ech nëmmen 1 Iwwernuechtung hat. Des Stad ass schonn ëm rengt vun 6 Vulkaner! Dunn ass et via Bus op QUITO, der 2. héchtsgeleeëner Haaptstad vun der Welt, op 2800m, gaang.

RTL

Wann Wierder gutt ass, kann een e puer vun den héchsten Vulkaner aus dem Ecuador gesinn. Betounung leit hei op „Wann Wierder gutt“. Am Januar kann Wierder an der Haaptstad 4mol am Dag wiesselen; dat heescht déi 4 Joereszäiten erlieft een am 1.Dag. Et ass net einfach sech passend ze kleeden; richteg waarm gëtt et net a kal och net (net wei am Moment zu Lëtzebuerg).

Op jiddwer Fall war et fiicht-kal mat Reeschaueren.

Vu Quito aus kann een schonns eng Jet Ausflich buchen, gutt Agencen ginn et genuch.

Ech wollt onbedéngt Dowenhill MTB man; also mat der Jeep erop op de Bierg an dann mam Mountainbike erof.

Also hunn ech en Dagesausfluch op den aktiven Vulkan COTOPAXI (5897m) gemaach. Mat der Jeep si mir op 4600m getukkert (jo getukkert, well d'Jeep war schonns e bëssi méi al). Dunn nach e bëssi erop spadséiert op 4800m, 200m Héichtenënnerscheed  spiert een – de Bolsschlag ass méi schnell - well et nawell eng kleng Pente bis op Schutzhütt (4800m) ass. Do ukomm gouf emol eng gutt 45 Minutten gerascht. Duerno nees erof op 4600m, op de Mountainbike geklommen an am Zickzack erof op 3600m.

Dësen „MTB-Trip“ hat scho frei moies ugefaang, wat och gutt war aus deem Grond well den Himmel nach net vill Wolleken huet an sou Siicht op déi verschiddene Vulkaner (niewent dem Cotopaxi) flott ass.

RTL

Beim Downhill-MTB, nomëttes, war et niwweleg, et huet liicht kleng Knëppelsteng gereent an ech konnt just e klenge Deel vun der schéiner Landschaft erblécken. No enger wackeleger Jeeptour zeréck op d'Panamericana an engem waarmen Téi mat engem Stéck Schoklaskuch, ware mir nees zu Quito.

No dësem Dag hunn ech mir eppes méi Relaxes ausgesicht, eng Touristenattraktioun, déi een awer soll kucken goen wann een schonns an der ecuadorianescher Haaptstad ass : Der MITAD DEL MUNDO, also d'Äquatorslinn.

Nächst Ziel: RIOBAMBA. Vun hei aus konnt ech 2 Saache maan. a) Zuchstreck vir NARIZ DEL DIABLO (Daiwelsnues) ze bewonneren an b) Downhill-MTB vum héchsten Bierg vum Ecuador, dem CHIMBORAZO, erof.

a) Normalerweis kann een den Zuch vun Riobamba bis op Alausi huelen an dann geet et weider op „Nariz del Diablo“. Leider gëtt un der Zuchstreck nach e ganzt Joer geschafft. Dat bedeit dass een muss bis op Alausi (per Bus) fueren an do an den Zuch klammen.

Wann de Chantier bis fäerdeg ass, ass et méiglech mam Zuch esou bis op Quito ze jauwen.

RTL

„Nariz del Diablo“(Däiwelsnues) ass Form déi e Bierg huet, wou den Zuch am Zickzack erof fiert, bis op eng kleng Gare. D'Zuchstreck dauert 3 Stonnen hin an zeréck. Nach virun e puer Joer konnt een uewen um Daach matfueren; 2007 sinn 2 Japaner vum Daach gefall an dobäi ëm Liewen komm.

b) Den Dag drop ass et mat engem Guide a Richtung CHIMBORAZO (6310m) gaang.

Um Wee dohinner hu mir e spezielle Tëschestopp gemat: E bëssi hannerwands vun der Haaptstrooss wiisst e Pabeierbësch. Beem hunn eng ganz liicht Schuel (e bëssi esou wei wann een sech permanent giff schielen). Interessant ass och dass vill Loft (während dem klenge Wee dohinner) ass an am Bësch selwer ass et bal esou wei wann een d'Fënster zougemaach hat.

Mat der 4x4 goung et erop bei déi éischt Schutzhütt op 4800m. Vun hei aus kann een nach bis op 2. Schutzhütt trëppelen, op 5000m geleeën.

Schmisi on Worldtour: Ecuador Deel 1
De Schmisi hält seng Andréck och op Film fest. Hei den éischte Film aus dem Ecuador.

Am normale Fall kann een de Chimborazo och gesinn, en ass jo héich genuch, mä d'Wierder an de Bierger ass ëmmer wiesselhaft an sou hat de Niwwel e verdeckt!

Dunn ass et nees erof gaang, munchmol goudronéiert Strooss, munchmol „Offroad“ duerch Dierfer. An an den Dierfer hunn d'Hënn op ee gelauert, iergendwéi hunn se eppes géint Mountainbiker.