Blog 21: Peru

De Schmisi zitt et op Ica, Nazca, Lima, Huaraz an net ze vergiessen Laguna69. Sandbuggy fueren stoung zu Huacachina um Programm!
Am Peru war ech nëmmen 1 Woch; dat ass wéineg, ech wees. Allerdéngs well ech direkt soen daat ech schonns vill flott Attraktiounen op enger fréierer Rees gesinn hat; dat war natierlech de Machu Picchu, Cuzco, Arequipa, Puno, Lago de Titicaca an Iquitos. Duerwéinst hunn ech mir just Saachen erausgekroopt déi ech di 1.Kéier zäitlech net konnt man.
Den éischten Deel goung mam Bus op ICA; dann nach kuerz mam Taxi an Kouduerf HUACACHINA. Wisou Kouduerf?
Zwar war et fréier eng relax Plaz vir d'peruanesch Elite, et ass awer mat der Zäit verfall, an déi Einheimesch hunn e puer Hostels an Hoteler draus gebaut.
Dat speziellt un dëser Plaz ass awer dass et matzen tëschent de Sanddünen läit. Jo, et koum een sech fir wei an der Sahara. Déi coolsten Aktivitéit: eng Sandbuggytour man! An dann nach mat engem „Briet“ Hiewelen erofsausen am Stoen oder am Léien. Ech hat dei 2 probéiert, woubäi d'Variante mam Sech-op-de-Bauch leeën déi ass déi am Meeschten Spaass mécht (fannen ech).

Nom engem Barbecueowend (ofgeronnt mam Nationalgedrénks „Pisco Sour“) goung et dunn aus dësem „Wüstenduerf“ weider mam Bus op NAZCA.
Nazca läit och an enger Wüste, mä déi ass virun allem lëfteg a stëbseg. Ech hat mir virgeholl Nazca Linnen kucken ze goen.
Entweder et klëmmt een den Aussiichtspunkt erop (eng Zort Turm) da kann een 1 Figur gesinn oder déi aner, méi deier Méiglechkeet, mam Sportsfliger. Dat huet zwar ronn 70 Euro kascht vir 35 Minutte Vol. Duerfir gesäit een awer 13 verschiddene Figuren (déi aus Linne bestinn).
Bis haut ass nach ëmmer net gewosst wei se entstane sinn, respektiv wei eng Kultur dofir responsabel ass. Ech gouf oft gefrot ob et Figuren erkenne kann: JO. De Pilot flitt all Figur 2mol un, eemol vu lénks an eemol vu riets. Soumat ass d'Chance grouss datt een all déi 13 Figure ka gesinn.
Et sief just gesot, dass een nawell en zolitten Mo sollt hunn, ier een an de Fliger klëmmt; duerch déi Wüsteloft kënnt et ëmmer erëm fir, dass de Fliger e bëssi séier erop an erof geet.

No den éischten Deeg am Süden huet ech Demi-Tour gemat a Richtung LIMA. D'Haaptstad läit direkt um Pazifik, an Enn Januar wann nach Summer ass, si vill Peruaner op der Plage.
Just als Tëscheninfo: Während dem Nazca Fluch hat ech bemierkt, dass mäi Fotoapparat de Geescht opginn hat. Fotoë vun de Linnen konnt ech leider guer keng man, mä ech hat awer ee vun den aneren Touristen am Fliger gefrot mir e puer Fotoen ze schécken. Dës Persoun war och e bëssi ënnerwee (wéi ech) an sou muss ech mech nach gedëllegen bis dass ech se hunn.
Och Videoen vun Nacza si leider net dat ginn, wat ech mir erhofft hat. D'mënschlecht Aa ass ëmmer nach méi schaarf wei eng Kamera vun engem Fotoapparat. An esou erkennt ee leider schlecht Figuren op de Videoen.
E puer Deeg Hëtzt a e puer lecker INCA Kola(en) sinn mir duerchgaang vir mech nees an Bierger ze trauen, awer an den Norden vum Land. De beschten Ausgaangspunkt vir Biergregion CORDILLERA BLANCA ass d'Stad HUARAZ. Well ech net esouvill Zäit hat vir e puer Deeg Trekking ze man, war LAGUNA 69 déi beschten Alternativ.

Bei dëser Dageswanderung kann een e groussen Deel vun de flottsten Bierger a Séien aus der Regioun bestaunen. Leider sollt dat vir mech aneschters ausgoen: den Ticket schonns kaaft an an der Nuecht virdrun d'Mogripp kritt, also nix mat wanderen. Mogripp, wéi dir bestëmmt wësst, mécht dass een sou dohinner vegetéiert.
A vir Saach nach e bessi méi „lëschteg“ ze man hat ech nach Pech dass mäin Zëmmer an der Géigend vun 2 Hunne louch. An hunn bal zaitglaich zesumme gekréint (an dat bal de ganzen Dag!). Wie weess, si hate villäicht och d'Mogripp. :)
Ech kann awer festhalen, dass ech zoumindest en Abléck an dësen – nach mir onbekannten - Landdeel krut an ech kann dat bei nächster Geleeënheet nohuelen.
P.S. Zerbriecht ierch bei de Nazca Videoen net de Kapp vir erauszefannen wou déi Figure sinn! Ech hat och Krämpes an de Videoen eppes erëmzëerkennen. Dat einfachst ass, wann dir an de Peru gitt fir selwer de Vol mat ze man.