Schmisi en danger? Oder huet eise Weltenbummler zu La Paz säi Fridde fonnt? Hei seng neiste Chronik mat flotte Fotoen an engem Video!

Ech sinn frou dass ech mam Fliger op LA PAZ (Bolivien) geflunn sinn. Ech koum jo aus dem Peru, a konnt esou e super Bléck op d'Anden geheien. Impressionant ass och, dass a Bolivien e gudden Deel flaach ass ier ee lant; vill Felder, net vill Haiser an dann op eemol kennt d'Landebunn an op der lénker Säit de groussen Illimani, mat 6402m. De Fluchhafen läit an der Uewerstad vun La Paz, EL ALTO genannt, op 4000m. Hei liewe schonns iwwert 1 Millioun Leit. Den eigentlechen Deel vun La Paz ass op 3660m. D'Stad läit am Hang a wann een mol soll biergop trëppelen, da kennt een séier ausser Otem.

Schmisi on World Tour: Bolivien
Nei Andréck aus Südamerika - och vun der Ruta de la muerte ...

La Paz huet Ähnlechkeet mat Cusco (Peru). Et ginn vill Agencen mat deenen en zimlech vill Aktivitéiten am ganzen Land ka plangen.

1. Ausfluch: Doudesstrooss

Eng Saach ass e gewëssenen „Must“ : mam MTB de „Camino de la muerte“ (Deathroad) erofzefueren. Als Fazit kann ech op dëser Plaz soen, dass de Wee net méi esou geféierlech ass, wéi nach viru 5 Joer; deemools gouf et nach richtege Verkéier duerch Camionen/Autoen. Haut ass d'Strooss vir de Verkéier gespaart: Nëmmen d'Minibussen vun den Agencen däerfen hei erof a begleeden d'Touristen. Zudeem gouf eng nei Strooss vir de Verkéier gebaut.

Mam MTB start een op 4760m. Den 1. Deel geet iwwert déi nei Strooss, déi ass goudronéiert. Deen Dag hat et gereent an d'Siicht op Strooss war net besonnesch.

RTL

Den 2. Deel, den eigentlech „geféierlechsten“ Abschnitt, war Feldwee a laanscht de Wee ass et ganz schéin zackeg erofgaang.

An der Reenzäit ass et zwar niwweleg, de ganzen Wee iwwer, mä duerfir pedaléiert ee laanscht eng Rëtsch Waasserfäll, déi an der Dréchenzäit net existéieren.

Et ass trotzdem immens, well Descente huet gutt 60km an et fiert een erof bis op 1760m, an de Yungas (deen tropeschen Deel vu Bolivien).

Op der ganzer Route fënnt ee Kräizer, also Plazen, wou Leit ëm d'Liewen koumen, meeschtens um Vëlo.

No enger klenger Stäerkung fiert een nees mam Minibus de „Camino de la muerte“ erop, sou kann een nach eng Kéier a Rou villes knipsen, wou virdrun Zäit gefeelt hat.

2. Ausfluch: Erop op ee 6000er-Vulkan

En 2. Ausfluch ass och an der Géigend vun La Paz: de Huayana Potosi. Dëse Vulkan, 6088m, gëllt als ee vun de liichtesten 6000er op der Welt. Wat well heeschen: Et kann een e besser bezwéngen, wéi déi meescht aaner Bierger.

RTL

Ech, als Ufänger am Biergsteigen, muss soen, dass dat schonns ustrengend ass. Derbäi kënnt, dass een sech un d'Héicht gewinne muss (dat ass bei all Persoun verschidden). Nodeems ech mäin 50l Rucksak preparéiert hat a meng Cocablieder agestach hat (an der Jaquettentäsch), goung et op den 3-Dages-Ausfluch.

Den éischten Deel goufe mir mam Minibus op 4700m bruecht, bei déi éischte Schutzhütt; dësen Dag sollt als Training gëllen. Mir hunn also e bëssi méi déck Kleedung, eis – geléinten – Kombinatioun, speziell Biergschong an en Helm ugedoen. Ausserdeem krute mir en Äispickel an den Grapp.

Deel vum Training war et, mat de Biergschong géi a manner géi Deeler vum Bierg erop an erofzegoen. Dës Schong hate Spikes, wat hëlleft, manner schnell ze falen. Wann et ganz géi ass, iwwerkräizt een d'Féiss. A wa mir schonns hei sinn, probéiere mir och nach "Äisklammen" mat 2 Äispickelen. Puuuh, ganz schéin ustrengend. Duerch d'Héicht vun 4900m gëtt et net méi einfach.

No enger Iwwernuechtung op 4700m, goung et mat dem 50l Rucksak op déi nächst Schutzhütt, op 5200m. De Wanderwee bis dohinner ass nawell relativ hefteg, well op munche Plazen déck Sténg z'iwwerwanne sinn. Wéi sou oft an de Bierger war et niwweleg.

Uewen ukomm gouf et mol nees eng kleng Stäerkung; net ze vergiessen de Cocatéi.

Den 2. Deeg war méi fir sech un d'Héicht unzepassen. Et gouf net vill gemaach.

Um 13 Auer Mëttegiessen, um 17 Auer Owesiessen. Jo, well um Mëtternuecht misste mir opstoen, fir géint 1 Auer nuets ze starten! Jo, um 1 Auer an der Nuecht. Eise gesamten Battaklang unzedoen, Täscheluucht op den Helm, mam Seel un de Guide gekrämpt (falls ee sollt ofrutschen) an da lass.

Um 1 Auer nuets hat et deemools geschneit. Engersäits flott, mä wann ee muss trëppelen an et geet bal déi ganzen Zäit erop, mécht engem dat schonns Krämpes. Mir trëppelen also gemächeg de Bierg op, fir sou géint 6-6.30 Auer uewen op der Kopp ze sinn. Op 5600m ass eng wichteg Paus gemaach ginn, fir ze kucken, wéi fit d'Leit nach sinn an ob si et bis erop packen.

Bei mir war op 5700m Schluss, ech hat einfach keng Energie méi. Dat war um 3.15 moies. Ech sinn also mat engem anere Grupp zeréckgaang, mat deenen, déi ebenfalls keng Power méi haten.

Wei ech herno, den Dag drop moies, vum Schwäizer gewuer gouf, waren nach aner Leit do, déi och wollten zeréckgoen, well se schlecht waren; si hunn sech iwwerginn an haten en décke Kapp. Och de Schwäizer, den Daniel, war oft um Punkt, fir opzeginn. Allerdéngs hat de Guide hien ëmmer erëm mat weidergeholl.

Et war keen Drama, dass ech net weider matgaange war, well ech sinn am Nachhinein gewuer ginn, dass et och op der Spëtzt niwweleg war an dass een (leider) net vill/wäit gesinn huet.

RTL

Géint 10 Auer war eise Grupp komplett, fir nees erofzeklammen an de Minibus op 4700m ze huelen, deen eis zeréck an d'Stad bruecht huet.