Blog 23: Bolivien (2) - Kloteren zu Sucre ...

Sucre ass scho bal, wéi den Numm et seet, zockerséiss. Wisou "zockerséiss"? Ma well et agreabel waarm ass, trotz sengen 2800 m.
A well et eng kolonial Stad ass, schéi Stroosse mat ville wäisse Gebaier huet a manner chaotesch ass wéi La Paz.
Sucre ass déi aner Haaptstad vun Bolivien. Jep, Dir huet richteg gelies - Bolivien huet 2 Haaptstied: La Paz ass do, wou d'Regierung hire Sëtz huet, a Sucre ass d'Haaptstad laut der Verfassung; dat ass alles e bëssi komplizéiert.
Ier et elo weidergeet iwwer Sucre, wollt ech nach en Thema uschneiden, iwwert dat ech bis elo nach net geschwat hat: d'Aarmut.
D'Aarmut ass iwwerall
An alle Länner, déi ech bis elo bereest hunn, ass d'Aarmut omnipresent. Mol méi, mol manner. Do, wou vill Knascht ass, ass meeschtens och d'Aarmut ze fannen. An de meeschte Fäll heesche Leit op der Strooss.
Bis elo hunn ech keng Fotoen dovunner gemaach, well ech der Meenung sinn, dass et schonns schlëmm genuch ass fir déi Persounen.
Och zu Sucre setzen (oft) Campesinos (meeschtens Bauerefraen) bei der Dier vun de Restauranten a waarden op Leit oder besser gesot op Touristen.
Trotz aller Aarmut probéieren d'Leit, sech no baussen anstänneg ze presentéieren.
Themawiessel: A mengem Hostal zu Sucre houng e Schëld, wou dropsteet, dass et verbuede wier, Skype ze benotzen; dat giff angeblech déi ganz Internetverbindung blockéieren. Ob dat wierklech de Fall ass, weess ech net, mä dat beweist op mannst, dass den Internet lues ass.

Eng Sehenswierdegkeet, villäicht e bëssi eng ongewéinlech, ass de Kierfecht vu Sucre, mat senge familiäre, private Kapellen.
An e Stéck Frankräich erbléckt een am Parque Bolivar; zwar nëmmen als Miniatur, dofir awer vum Gustav Eiffel opgeriicht; e klenge Eiffeltuerm.
Offroad mam Vëlo ...
Sucre läit jo op 2800 m. Den einfachsten Wee, d'Géigend e bëssi ze bewonneren, ass et per Vëlo ze man.
Duerch d'Reenzäit ass eng vun de Stroosse fir den normale Verkéier gespaart (déck Steng leien am Wee). An deem Fall perfekt fir de MTB, mol richteg Offroad, laanscht e Floss. De Floss verschwënnt op eemol an engem „Canyon“, wou och eng Papageienzort lieft.
Deen Ausfluch war insgesamt cool: No enger Zick-Zack-Descente, wou eis munchmol e puer Camionen um stëbsege Wee entgéint koumen, ass et dunn iwwert en ofgespaarte Wee gaang.

Just de Guide hat näischt gedaacht; wat genee de Grond fir seng Null-Motivatioun war, kann ech net erklären. Mä ech kann awer e Beispill ginn, wat geschitt ass: Mir waren e Grupp vu 5 Persounen + Guide. 2 Mol si Leit mam Vëlo gefall/ëmgekippt. Seng Aufgab wier et gewiescht, direkt ze hëllefen, respektiv ze froen, ob alles an der Rei ass. Mä neen, hie war guer net op Zack. Da kann ee sech jo ausdenken, wéi hie reagéiert hätt bei engem Noutfall.
... a klamme mat Ballerinaen
Nodeems ech mech op menge leschten Destinatioune schonns e puer Mol zerguttstert ofgestrampelt hat, gouf et Zäit, eppes Neies auszeprobéieren.
Dat ass Fielsklammen. Et gëtt – ënner anerem - een Hiwwel zu Sucre, wou een dat ka praktizéieren: de Siga-Siga.
Perséinlech fannen ech dat eng ganz interessant Sportdisziplin. Net nëmme muss ee kierperlech fit sinn, mä sech och nach richteg konzentréieren.

Ech hu musse speziell Klammschong undinn; erënneren e bëssi un eng Ballerina, well se esou enk sinn. Gutt war och, dass deen Dag d'Sonn iwwer Bierg an Dall geschéngt hat. Et huet nämlech zum Virdeel, dass d'Steng net rëtscheg sinn an een esou besseren Halt huet. Puh, 4 Mol eropgeklotert, dat geet fir déi éischt Kéier duer!