Deen 3. a leschten Deel vu Bolivien ass mäi Favorit :)

Desen Deel handelt virun allem vu mengem Trip an SALAR DE UYUNI, der gréisster Salzwüst op eisem Planeit. Mee bon fänke mir mol vir un. Nodeems ech Sucre hannert mir geloos haat, goung et op Uyuni. De Wee dohinner geet direkt laanscht Potosi.

Schmisi on World Tour: Bolivien, Deel 3.1
6 kleng Videosequenzen: Cementario de los trenes, Salar de Uyuni (3 Deeler), d'Wüst vum Salvador Dali an esou ware mir mam 4x4 ënnerwee ...

Potosi ass dei heechstgeleen Stadt (4060m) op der Welt. Et ass virun allem bekannt weinst dem CERRO RICO an der domadder verbonner Sëlwermine. Des Mine kann een och visitéieren.Vill Touristen kommen och genee duerweinst heihinner. Allerdengs ass et lierwensgeféierlech doranner ze goen – als Tourist. Zudeem ginn munchmol Sprengungen gemaat vir den Touristen ze weisen; och daat ass net obgefeierlech vir de Mensch an net besonneg gudd vir d'Natur.

Schmisi on World Tour: Bolivien, Deel 3.2 (16.03.2012)
8 Videoen: Ah, d'Laguna Colorada; impressionant a geféierlech: Geysiren; Wüst 'Salvador Dali'; Laguna Verde (2); eise Chauffer Juan José; Alpacas; zu 9 am Jeep.

No engem Teschestopp mam Bus – wou ech eng Choclo's Zopp giess haat (daat ass ähnlech wei Reiszopp) an Stadt UYUNI gaang.

Uyuni leit direkt nierwend der Salar (also Salzwüste) an huet och eng Zuuchverbindung. Wann awer Reenzait ass, fällt de Zuuch esou gudd wei all Dag aus; d'Gleiser sinn iwwerschwëmmt.

Ech war zu desem Zaitpunkt mat 2 Schwaizer ennerwee (dei ech e puer Deeg virdrun kennegeléiert haat) an mir hunn eis aquadratéiert a duerno sech op d'Siich no enger passender Reesagence vir den Salar de Uyuni Trip gemaat (d'Standardtour ass 3 Deeg; et kann een natiirlech och verlängeren).

RTL

De nexten Dag sollt et um 11 Auer moies lass goen; alles bis dohinner. Ech wollt nach eng lescht Kéier d'Batterie vum Fotoapparat lueden, well et awer an de leschten 2 Deeg soubaal kee Stroum méiglech wier.

Leider haat et an der Nuecht virdrun gereent (Blëtz an Donner waren och dabei). Daat schlecht Wierder haat et faerdeg bruecht e Stroummast emzekippen. Tjo, doduerch haat dei ganz Stadt kee Stroum. Net auszedenken, wei dese Scenario zu Lëtzebuerg ausgesinn hätt!!

Uyuni leit op 3669 m daat heescht et ass net enorm waarm. Falls een moies eng Duusch geholl haat, war se – well keen Elektresch disponibel war – eiskaal! Et ass alt nees interessant ze gesinn, waat alles um Stroumnetz hänkt a wei ofhängeg mir Menschen dovunner sinn.

D'Awunner sinn mat esou Situatiounen gewinnt an owes sinn entweder Tëscheluuchten oder Kaerzen ugefaangen ginn.

OK, 1.Dag vum Trip: vir d'eischt krueten mir de Kierfecht vun der „Eisebunn“ gewissen, hei sinn aal verraschten Dampflokomotiven. An der Zait war d'Eisebunn ganz gudd entwëckelt an Uyuni war en Ausgangspunkt vir ganz Bolivien. Mee irgendwann haat et um Entretien gefeelt an vill Eisebunnstrecken sinn bankrott gaang.

Dunn, de selwechten Dag mëttes.  koum de spannesten Deel vun den 3 Deeg: Salar  (Salzwüste). Am Februar ass nach Reenzait. Als Resultat steet dei ganz Wüst enner Waasser (5-10cm)

E puer wiichteg Infoen: Des Wüst besteet nëmmen zu engem Deel vu Salz (esou wei een daat och op de Biller ka gesinn).

Sie huet eng Fläch vun 1/3 vun der Schwaiz!

RTL

Mir sinn mat der Jeep bis op eng „Picknick“Plaaz gefuer an vun hei konnten mir esouvill Fotoen maan, wei mir wollten. D'Fotoen dei ech gemaach haat, ginn nëmmen 1 Androck vun desem Naturphänomen. Et leist sech nëmmen schwéier beschréiwen wei wonnerschein desen Deel vun eiser Welt ass. Duerch d'Waasser gett alles herrlech gespiegelt an doduerch wierkt d'Wüst quasi onendlech.

Am  normal Fall wiere mir weider op dei next Destinatioun gefuer, mee mir missten zereck well eis Jeepen net méi genuuch Benzin haaten.

Benzin ze kréien an der Stadt war zu deem Zaitpunkt och net garantéiert, well Tankcamionen Uyuni net areeschen konnten; vill Stroossen ware komplett gespaart.

Op alle Fall hu mir – eise Trupp vun 13 Touristen – an engem Hostal zu Uyuni iwwernuecht....ouni Stroum.

2.Dag vun eiser Tour goung et mat 2 Jeepen an den aneren Deel vun der Salar. Duerch de ville Reen war den Stroossezoustand op verschiddenen Plaazen miserabel. Eise Chauffer huet sai Bescht gemaat vir gudd derduerch ze kommen.

Leidergottes war hiem d'Jeep 2mol hannen eweggaang; dei 1.Kéier mat Succès opgefaangen, mee dei 2.Keier direkt drop, keng Chance. Mir sinn also an de Gruef geroutscht; nawell esou onglécklech dass mir net mei erauskommsinn. Et war e bessi wei an de Filmer; de Chauffer soot eis mir sollten ganz douce a viirsichteg zur Chaufferssait erausklammen....huiiii. Jo, well den Auto louch schon hëfteg no riets!

Dunn no laangem Hinn a Hir (Steng a Gestrepps ennert den Auto ze leen, drecken, resselen) an och mat der aanerer Jeep ze hëllefen (mat engem ze kuerzgerodenen Stooleseel – sie haaten keen riichteg Ofschleffseel – an engem ausgebautenem Secherheetsgurt) haate mir „Millen“ aus dem Bulli.

Desen Auto haat am allgemengen schon e puer Altersschwächen: en ass net emmer ugesprongen, vir de Wiecher un goen ze kréien misst de Chauffer eng Secherung ennert dem Stéierrad kuerzschléissen.

A weider goung eis Rees: Vir d'éischt laanscht komesch Fielsformatiounen gefuer, laanscht e puer Lagunen wou sech Flamingos ophaalen (mir sinn op gudd 4000m!) schliesslech an enger Landschaft eran, dei un en aneren Planeit erënnert; éierlech onbeschréiflech.

Ir mir eis Schloofplaaz vun owes (2.Dag) areescht haaten, si mir nach bei LAGUNA COLORADA gefuer. Sie heescht esou well d'Faarw vum Waasser hei pernament changéiert. An och héi fannen sech Flamingos, souguer 3 verschiddenen Zorten.

Owes gouf et mat Zait ze buffen a mir konnten vir 2 Stonnen eis Fotoapparater asw. Oplueden (Generator). Duerno gouf et keen Stroum méi.

Moies um 4.30 opstoen vir punkt 5 fortzefueren, op eise leschte Deel vum Tour. 2 Stopps gouf et vir Geysiren op baal 5000m ze bestemmen; et ass net grad ongeféierlech well et engersaits baal guer net ofgesechert, anerersaits ass de Buedem ganz mell an d'Geysiren sinn uerg waarm. Scho munch Touristen, ennert anerem Israelis a Japaner hu misse hiert Liewen loosen well se onbedengt méi no wei aanerer wollten sinn.

Wei d'Sonn opgoung, ware mir bei den TERMAS DE PALQUES, engem klengen Thermalbad mat 36 Grad, an daat op 4200m, herrlech!

No deser „Heizung“ huet eis d'Jeep vir d'eischt duerch de Desierto de Salvador Dali bruecht, vir lescht Statioun an der LAGUNA VERDE ze maan. Sie ass just net emmer „gréng“, alles hänkt vun der Unzuel vu Mineralien of.

Am sengem Waasser spiegelt sech normalerweis de Vulkan Likacabun.

Dramatescherweis huet de Klimawandel seng Spueren hei hannerloos; d'Waasser aus der Lagune ass drastesch zerëckgaang; daat erkennt een dorunner dass d'Spetzt vum Vulkan net méi gespiegelt gett, dei feelt! Traureg awer wouer!

Ab der Laguna Verde huet een bei all Agence de Choix tëschent zerëck op Uyuni fueren oder awer op San Pedro de Atacama (Chile); dei Grenz ass just 20km eweg.

Vu que dass ech no Uyuni an Argentinien wollt reesen, hunn ech d'Jeep nees vir zerëck geholl. Am normal Fall hätten mir mëttes um 16 Auer sollten zereck am Duerf sinn. Mee eis Jeep war de Sprit ausgaang, 100km virum Ziel. D'Agence haat jo nach eng 2.Jeep a mie sinn doduerch zu 9 an engem Auto zerëckgefuer. Um 18 Auer haate mir Uyuni endlech ereescht, waat eng Erliechterung.