Blog 25: Argentinien (1) - Super Fleesch a gutt Wäiner

Endlech! Et war eng laang Rees, am Bus, ma de Schmisi ass an Argentinien ukomm. An e war ënnert anerem Rafting maachen. Hei säin aktuelle Blog.
Duerch dee ville Reen ass keen Zuch vun Uyuni (Bolivien) an an déi argentinesch Grenzstad Villazon gefuer. Ech hunn also mussen de Bus huelen; Busreesen an der Reenzäit a Bolivien (net all, mä déi meescht) sinn net cool! Wisou? De Stroossenzoustand ass den Horror; si sinn oft net goudronéiert, mä schmiereg vun deem ville Bulli.
An der Dréchenzäit (Enn Abrëll bis Oktober) brauch een 8 Stonne bis op Villazon, an der Reenzäit – déi ech do materlieft hat – 13 Stonnen. Aner Touristen hu mir och vun nach méi laange Fahrte geschwat (20 Stonnen).
Dës Busrees war net ongeféierlech: D'Strooss war net breet, e bëssi rutscheg well Bulli a vill Serpentinen, well et duerch hiwweleg Landschaft gaang ass.
Ech kann mech ganz genee un ee Moment erënneren, matzen an der Nuecht, wou de Chauffer d'Kéier net richteg geholl hat. De Bus stoung dunn queesch an en houng op déi lénks Säit (net esou schlëmm, wéi d'Jeep aus mengem leschten Blog).
Dem Chauffer säin „Assistent“ (dee mat him op d'Strooss opgepasst huet) ass dunn erausgesprongen a mir si Stéck fir Stéck weidergefuer. De Problem war: Wat de Bus weidergefuer ass, wat een sech nach méi geneigt huet (op lénks). Mir si jo Zickzack duerch d'Bierger gefuer, an do, wou de Bus elo houng, goung et erof! Et war also wierklech e Balanceakt, dee gutt ausgaang ass, duerch e Koup Buedem, dee Schlëmmeres verhënnert hat. Puh, „nochmal Glück gehabt“.
Dunn ass de Bus en Hiwwel net eropkomm, well de Wee ze vill schmuddeleg war. D'Pneuen hunn duerchgedréint an de Bus hat sech op eemol festgesat. Lo huet et geheescht, all Männer aus dem Bus erausklammen an ... drécken. An der Nuecht um 3 Auer, stackdäischter, hu mir de Bus dunn nees erauskritt.
Am Schleekentempo ass de Buschauffer weidergefuer, well d'Pneue ware voller Matsch, woumat bremsen kéint schwiereg ginn. No dem Duerf TUPIZA war nees alles am grénge Beräich, de gudden ale Goudron hat eis nees fest am Grëff.
De Grenziwwergang Villazon/La Quica ass nawell lues; dat läit alt nees dorunner, dass nëmmen 1 Büro zoustänneg ass fir eran an d'Land an eraus aus dem Land.

Oh, wat war ech frou – wéi ech um Wee op SALTA (Argentinien) war –, nees an engem „normale“ Bus ze setzen (mat Plaz, wou et net eran drëpst, deen eng Toilette hat); an natierlech normal Stroossen ze hunn, sou wéi mir dat och zu Lëtzebuerg kennen.
Nei mat derbäi: Policekontrollen, ganzer 5 Stéck! All Kéiers sinn d'Beamten an de Bus geklommen an hunn d'Handgepäck duerchsicht.
No engem kompletten Dag Busreese sinn ech „finalmente“ owes um 23 Auer zu SALTA ukomm.
Oh, Argentina, d'Land vum super Fleesch an de gudde Wäiner! Oh, Salta, hei hat ech eent vun de beschten an déckste Stécker Fleesch op menger Argentinien-Rees!
Ech ka mech nach gutt un den 1. Dag zu Salta erënneren, wéi ech mëttes op enger Terrasse souz an fir déi éischte Kéier säit mengem Depart am September 2011 nees RÉI Ham giess hat; mhhh, wat e Genoss!
SALTA läit ongeféier 7 Stonne vun der bolivianescher Grenz ewech. Et ass eng flott Stad, déi och als Ausgangspunkt fir vill Toure gëllt.
Fir mech mat derbäi: Rafting => cool + 1 ganz CD mat Fotoe wéi mir ënnerwee um Waasser waren.
Eng Wäintour op CAFAYATE. Dës Ganzdaagstour féiert duerch LA QUEBRADA DE LAS CONCHAS.
Cafayate ass eng kleng Wäiregioun; méi bekannt an Argentinien ass MENDOZA.
D'Géigend ronderëm Cafayate ass wonnerschéin, eleng schonns wéinst den eemolege Fielsformatiounen an de verschiddene Faarwen, déi duerch Erosioun entstane sinn.
Sou zum Beispill hu mir e Stopp bei der „Garganta del Diablo“ a beim „El Anfiteatro“ gemaach. Am „El Anfiteatro“ gëtt och oft Musek gespillt, fir engem ze weisen, wat dës Fielsformatioun sou besonnesch mécht.
Zu Cafayate selwer stoung eng Visite vun enger Wäikellerei um Programm. Mir kruten 3 verschidde Wäiner ze schmaachen, woubäi schmaache bal dat falscht Wuert ass: éischter suckelen. No dësem enttäuschende Schluss vun der Prouf si mir nach op d'Haaptplaz gefuer.

Dësen Ausfluch war landschaftlech enorm interessant an tëschemënschlech och; well ech hu Kontakt mat 3 Argentinier krut, déi zwar all net vu Salta waren, mä entweder vun Buenos Aires, Tigre oder Tucuman.
TUCUMAN war mäi nächste Stopp. D'Stad ass touristesch net esou entwéckelt wéi Salta, mä si huet och eng grouss Haaptplaz an e wichteg historescht Gebai, Casa de la Independencia, also 1816 ass hei d'Onofhängegkeet vu Spuenien ënnerschriwwe ginn.
Et gëtt angeblech hei eng super Vëlosstreck op TAFI DEL VALLE. Am einfachsten ass et, wann een e Vëlo vun Tafi u lount an dann eng Streck vun 40 km pedaléiert. De Reen huet deem awer e Stréch duerch d'Rechnung gemat. Also war dat Schlausten, weider ze fueren. Weider op POSADAS, der Grenzstad zum PARAGUAY.
Generell si Grenzstied jo oninteressant. Awer ech muss soen dass Posadas eng léif kleng Stad ass, mat Vue op ASCUNCION, d'Haaptstadt vum Paraguay, ganz am Weste vum Land.