Blog 26: Argentinien (2) - Beandrockend Sintflut ...

Et ass ganz relax vun Posadas aus an de Paraguay ze kommen. Et ass scho bal wéi bei eis ...
D'Musel trennt Däitschland vu Lëtzebuerg. Abee hei ass et de Floss „Parana“, dee Paraguay vun Argentinien trennt. 15 Minutte brauch een, fir iwwert d'Bréck ze fueren, Formalitéiten vum Pass ze erleedegen an nach eng Kéier 10 Minutten, dann ass een am Stadzentrum vun Encarnacion.
Och des Stad huet hire Reiz als Grenzstadt; zudeem gett se als eng vun den Touristenpunkten considéiert. Et war schons hei dass mir opgefall ass dass Paraguayaner gären an oft kaalen Mate-Tei drenken, deen sech Tereré nennt. Dann ebenfalls eppes ganz komesches: et liewen vill blond Fraen hei, waat ech awer vun kengem aaneren d Land a ganz Lateinamerika ka soen, ausser Brasilien.
Paraguay wollt ech scho mol besiichen, fir op mannst en Androck vun desem – mir total onbekanntenem – Land ze kreien.
Perséinlech giff ech soen dass 1 Wooch giff duergoen vir daat wiichtegst gesinn ze hunn; ech selwer war 4 Deeg am Land. Et louch op mengem Reeswee vir CATARATAS (Waasserfäll zu Puerto Iguazu, Argentinien) kucken ze goen. Vun CIUDAD DEL ESTE ass et nëmmen e Kaazesprong bis an Argentinien.
Dei puer Deeg Paraguay haat ech probéiert voll auszenotzen. Direkt nierwend Encarnacion gett et eng vun deenen am mannst besiichten UNESCO Weltkulturerbe op eiser Aerd; d'Jesuitenruinen vun Trinidad.
Zum aneren sinn ech jo op Ciudad del Este gefuer. Dei ass als Stadt gruggeleg, mee no dabei ass den 2.gréissten Staudamm vun der Welt, dem ITAIPU Staudamm! Ech konnt mir virun menger Rees naischt ennert Paraguay virstellen, a schon guer net e Staudamm. Daat Interessanst an desem Staudamm ass, dass en de Stroum vir ganz Land produzéiert an 25% vir Brasilien, geckeg!
Am beschten et hellt een eng gratis Tour direkt bei der Touristeninformatioun, daat heescht et muss een per Bus bei de Park fueren.
Vir op PUERTO IGUAZU ze kommen verleisst een Ciudad del Este kennt iwwert eng Bréck, dann ass een mol zu Foz do Iguazu (Brasilien).
STOP! Ir ech lo weider erzielen muss ech e bessi zeréckspullen.
Et war deemols Sonndes wei ech zu Cuidad del Este war, alles war zou. Um Busterminal wollt ech e Bus huelen, vir op Puerto Iguazu. Ech kruet gesoot dass nach e keim; et war 18.30. Et gouf 19 Auer; kee Bus wait a breet.
Sou, dann fueren ech lo mol op Grenzposten (per Taxi). Ech sinn am Büro, kréien mai Stempel an froen nach dee vun der Douane. Et kennt jo nach e Bus vir op Puerto Iguazu?“ Aentwart: „Jo,jo.“
Ech war nach keng 5 Minuten dobaussen, do treppelt en Taxichauffer laanscht an erzielt mir dass elo keng méi fueren. Sou, an elo?
No laangem Hin an Hir a menge Gedanken, sinn ech mam Rucksaak iwwert d'Bréck (dei Paraguay a Brasilien vuneneen trennt) gewatschelt, an der Hoffnung ee Bus a Brasilien ze fannen, vir op Puerto Iguazu.
Op der Grenz hunn ech mech mat mengem Spuneschem duerchgeboxt vir mat de brasilianeschen Beamten ze kommunizéieren.Hir Idee: 1 Bus bis an den Zentrum ze huelen an vun do en 2.Bus bis op Iguazu.
Et war mettlerweil 21 Auer, et war daischter an ech sollt de Bus fannen, ...net einfach.
Do stoung op der Saitestrooss e „Mototaxi“, also e Motorrad als Taxi; wou nach 1 Persoun ka matfueren. Hien haat sech ugebueden; kloer war et net esou bëlleg wei e Bus bis an den Zentrum an ech haat der Saach am Ufaang net getraut, mee ech haat net vill aanere Choix. Also souz ech hannendrop, mat mengem 22kg Rucksaak teschent eis 2 (Chauffer a mir), dem Helm op dem Kapp an dem Vertrauen doropper datt hien mir wirklech bei den Terminal brengt a net irgendwou hin.
Ende gut, alles gut!
Sou, um Terminal e Bus geholl um 22.30. Mir fueren aus der Stadt eraus Riichtung Nationalpark (wou och Waasserfäll sinn). De Buschauffer freet mech op eemol WOU ech well erausklammen. Ech erzielen him Puerto Iguazu. Tjo duerfir ass awer ze speit, sou d'Aentwart. An deem Moment mescht sech eng brasilianesch Touristin an. Daat einfachst wier um Fluchhafen vun Foz do Iguazu ze iwwernuechten an den Dag drop e Bus ze huelen, deen een bei bei argentinesch Grenz brengt. Gesagt, getan.
Huet dir schon eemol op engem Fluuchhafen geschloof, um Buedem?
(Well do wou eng Zort Canapeen waren, gouf et keng Klimaanlag an do wou Klima war, nemmen Kiichestill vun den Restauranten.)
Nee? Ass eng Erfahrung. E klenge Tipp: Leet ierch Zeitung ennert är Kleedung an huelt de Rucksaak als Kappkessen :) .
Frai moies um 9 Auer war ech dunn, endgülteg, zu Puerto Iguazu, Argentinien.
Kommen mir zum Highlight vun Puerto Iguazu a mat Secherheet 1 vun dem Must-do aus Südamerika: de CATARATAS, de Waasserfäll.
Sie leien ganz praktesch a schein an engem Nationalpark wou een och wanderen kann; liicht wanderen mengen ech.
Mee all Tourist kennt an der Haaptsaach nemmen heihinner vir dei impressionant Waasserfäll kucken ze kommen, mat un der Spetzt => Garganta del Diablo.
Ech muss scho baal d'Wuert „brutal“ benotzen vir de gewaltegen „Ensemble“ vu Waasserfäll kenne ze beschreiwen!
Brutal, well brutal vill Waassermassen do erofscheissen, a weinst dem Kaméidi deen hei produzéiert gett.
Deemno vu wou grad d'Loft kennt, gett een mol ganz gären naas gesprëtzt.
Dest ass d'Haaptattraktioun. Awer et ginn nach aaner flott Waasserfäll, dei een alleguerten op engem Wanderwee entdecken kann.
Vir dei die ganz no un sou Waasserfäll well kommen, besteet d'Méiglechkeet mat engem Motorboot sech plätschnass ze maan. An bei deser Actioun hunn ech „naturalmente“ misse matmaan. Also nass gett een 100prozenteg. A fir dass een net vergesst wei nass een deemols wart, gett alles gefilmt. De Spass kascht extra 60 USD, wou ech „nee merci“ gesoot hunn.
Als Ofschloss vun Puerto Iguazu, huet mech eng speziell Déierestatioun interesséiert. Et ass eng Art „Spidol“ vir verletzten well Déieren oder Déieren dei net méi zeréck an den Djungel kenne goen. Dese „Park“ heescht GUIRA OGA an ass nierwend de villen (déieren) Touristenattraktiounen eng méi bëlleg Alternativ ass, an et gesait een d'Déieren vun ganz no.