Blog 27: Argentinien (3) - Buenos Aires!

Buenos Aires: "El Caminito" am Staddeel La Boca, ee vun den Hot Spotte vun der argentinescher Haaptstad, fir Touristen a Globetrotteren een absolute Must ...
Ech mengen, dëst ass deen eenzege Blog, an deem ech haaptsächlech iwwert d'Haaptstad vun engem Land, an dësem Fall BUENOS AIRES, schwätzen wäert.
Den Iwwernuechtbus vun Puerto Iguazu an d'Haaptstad vun Argentinien geholl, a vun do aus en Taxi bis an den Hostel. Ech wäert probéieren, Buenos Aires esou gutt ewéi méiglech ze beschreiwen an de nächsten Zeilen.
Buenos Aires ass a villen Hisiichten interessant: säi Multikulti, seng al grouss Kolonialgebaier, säin Nuetsliewen, de Footballfanatismus.
De VIDEO ass een Zesummeschnëtt vu 14 klenge Clippen:
Video01: Iwwerfahrt mat der Fähr vu Buenos Aires op Colonia (Uruguay)
Video02: Iwwerbléck vu Colonia (vum Hafen eraus gefilmt)
Video03: Iwwerbléck iwwert den historeschen Deel vu Colonia, vum Leuchttuerm aus gefilmt
Video04: Pavéstroosse vu Colonia mat den Iwwerreschter vun der Festungsmauer
Video05: Mam Vëlo goung et laanscht déi flott Plagë vu Colonia
Video06: Avenida 9 de Julio, Buenos Aires
Video07: Et war nawell zimlech däischter an der "Kathedral", wou Tango gedanzt gëtt, Buenos Aires
Video08: Footballspartie San Lorenzo – Boca Juniors (1)
Video09: Footballspartie San Lorenzo – Boca Juniors (2)
Video10: Footballspartie San Lorenzo – Boca Juniors (3)
Video11: De berühmte Kierfecht vun LA RECOLETA
Video12: Mol eng aner Sightseeing-Tour, mam Vëlo (1)
Video13: Mol eng aner Sightseeing-Tour, mam Vëlo (2)
Video14: Mol eng aner Sightseeing-Tour, mam Vëlo (3)
Fir d'éischt emol handelt et sech ëm eng Groussstad: Et ass ni ganz roueg, vill Verkéier an trotzdem fënnt een e puer gréng Plazen, wou et roueg ass.
TANGO
Zu deene Saachen, déi ee sollt gesinn hunn, gehéiert eng TANGO-Show. D'Saach ass just déi: a) extrem deier, b) extrem touristesch, et feelt e bëssi um Authenteschem. Wéi ech dunn enges owes mat Argentinier ënnerwee war, koume mir an en ale Schapp, „Kathedral“ genannt. Do hunn d'Leit Tango gedanzt, den argentineschen Tango. Ech hat geplangt e "Crashcours" am Tango ze huelen, ursprünglech. Wei ech dunn d'Koppelen live gesinn hunn danzen, ass mir (ech schwätzen lo fir mech selwer) Tango e bëssi langweileg virkomm. Et ass e bëssi en eeschten Danz, op melancholesch Musek. Also nokucken jo, selwer danzen, reizt mech net esou.
FOOTBALL
D'Argentinier sinn Fussballfanatiker, virun allem dei aus der Haaptstadt well hei dei stärksten Equip ass BOCA JUNIORS. Net nëmmen d'Fussballsequip ass stark, mee dese Klub huet och dei meeschten Fans. D'Leit sinn Fanatiker, well et öfters virbrennt dass Fans sech „bekriichen“ bis op den Doud!
Fussballsklib ginn jo gesponsert. Ma baussen um Stadion vu BOCA JUNIORS ass d'Reklamm vir e weltberühmten Gesëffs. Am normalen huet dese Sponsor d'Faarwen rout a waiss, mee well dest Faarwen vum „Erzfeind“ (River Plate). Aus dem Grond huet d'Firma missen Faarwen emstraichen, elo schwaarz/waiss (am beschten dir kuckt ierch Foto vum Stadion vu Boca Juniors un, dei ech gemaat hunn, da verstidd dir besser).

Ech wollt mir e Fussballspill ukucken goen vir mir selwer e Bild ze maan vun der angeblech spannend an elektreschgeluedener Stëmmung. Den Ticket kascht net vill, just et kritt een en net bei der Kees ze kaafen, mee muss iwwert eng Agence geholl ginn. Den Ticket kascht 500 pesos, dann sinn 90 Euro, e bessi e kulotéierte Prais! Am Prais ass den Ticket + den Transport, soss naischt! Just virum Stadion krueten mir de Billet an de Grapp gedreckt, wou drop stoung 120 pesos, an dei aaner 380 pesos, firwaat sinn dei gudd?
Deen Dag war et warm, kee Schied wait a breet, a mir souzen op der Tribün vun San Lorenzo, dem lokale Geigner vun Boca. Wann net gesongen oder seng Equip ugeféiert gouf, get no alle argentineschen Nouten gefluucht an Spiller vernannt.
Naja, et sollt alles naischt hellefen, San Lorenzo verléiert bei sech 0:2. A well sech beid Equippen net kenne leiden, ginn – aus Sëcherheetsgrënn – vir d'eischt Fans vu Boca erausgeloos, an an deser Zait ass de Stadion vir dei aaner, San Lorenzo, zougespaart.
Dest alles beweist wei eescht de Fussball geholl gett.
Och dest „Event“ wor vir d'eischt a lescht Kéier vir mech. Schold dorun ass dese „freche“ Prais. An do kann een naischt maan, well Ticketen vun de Klib emmer „opkaaf“ ginn an esou ass et e bessi wei eng Mafia, dei daat ganz verwalt.
D'STAD

Komme mir nees op de freeleche Deel zeréck, der Stadt selwer. Vir vun A no B ze kommen kann een de Metro „SUBTE“ genannt huelen oder de Bus „SUBE“ oder de Vëlo.
Op ville Plaazen an der Stad ginn et Vëlospisten. An dat mëscht eng Tour per Vëlo och interessant. Op déi Art a Weis hunn ech de Süden + de Norden vun der Stad mat Vëlo gesinn, ënnert anerem Staddeeler RECOLETA, SAN TELMO, LA BOCA, RETIRO, PUERTO MADERO.
Sou bleift een a Beweegung a kann öfters stoen bleiwen, grad do wou et engem gefält.
COLONIA

Um Liichttuerm vu Colonia del Sacramento (Uruguay) ... vis-à-vis vu Buenos Aires. Déi 2 Länner trennt op dëser Plaz déi riseg Bucht vum Rio de la Plata, deen hei an den Atlantik fléisst.
Buenos Aires leit och ganz praktesch, an zwar vis-à-vis vu COLONIA DEL SACRAMENTO, Uruguay.
Et kennt een ganz einfaach mat engem Schnellboot oder Fähr dohinner. Ech hunn also 2 Deeg zu Colonia verbruecht. Mech hat ganz erstaunt dass et am alen Stadkär keng rout Luuchten ginn! Dat heescht d'Autoschaufferen sinn stoebliwwen, beim Zebrastraifen wann een iwwert d'Strooss wollt goen!Ganz ongewinnt vir mech, vu que dass an de meeschten südamerikaneschen Länner Fussgänger net vill ze bestellen hunn.
Colonia ass, wei de Numm et schonns bal verreit, eng al Kolonialstad vun de Portugiesen gegrënnt.
Uruguay ass dat klengsten Land a Südamerika (wou spuenesch geschwat gëtt) an optesch ennerscheeden si sech net vun de PORTEÑOS, den Awunner vu Buenos Aires.
Natierlech ass dësen kuerzen Ausfluch bei waitem net duergaang vir e Land komplett kennen ze beschréiwen. Awer ech hat op mannst e bëssi uruguayanesch Loft geriicht.
BACK TO BUENOS
Komme mir kuerz zeréck op Buenos Aires.
Et kennt reegelmässeg fir dass gestreikt gëtt an der Haapstad an da sinn scho e puer Stroossen oder zum Deel Avenuen gespaart. Da kann een sech jo virstellen, wat vir en Impakt dat op de Verkéier huet.
Buenos Aires ass e bëssi wei d'Stad Lëtzebuerg. All Dag kommen och Zengdausende vu Grenzgänger schaffen an fueren dann owes nees heem.
Wann een elo méi u kulturelle Interesse huet, kann een Museen kucken goen. An och Theaterszene ass gutt ausgebaut, mat 120 verschiddene Stécker, déi een all an der „argentinesche Broadway“Strooss, der Avenida CORRIENTES kucke kann.

Den italieneschen Afloss ass net ze iwwersinn: nierwend dem Mate drénken Porteños och Café oder „cafesito“ a schmaachen dagtäglech hasugemaachten Glacen. Mmmm, wat e Genoss!