Blog 28: Argentinien (4) - Patagonien

No de spannenden Deeg zu Buenos Aires ass et am Bus 22 Stonne laanscht d'argentinesch Atlantikküst gaang, Riichtung Süden, Richtung PATAGONIEN ...
... méi genee op PUERTO MADRYN. Am Fong wollt ech mir en Auto lounen an da vu Mar del Plata erof op Ushuaia fueren, mä bal all Argentinier (deen ech begéint hat) huet mir staark dovunner ofgeroden.
Et wier nämlech gaaaaaaaaaaaaaaaaanz laang a munchmol fuurchtbar laaaaaaaaaangweileg, well Patagonien eng „Steppe“ ass, wou net vill wiisst a et net vill ze glotze gëtt.
Am Endeffekt sinn ech frou, dass ech op si gelauschtert hat; déi Strooss hellt einfach keen Enn!
De Clip ass en Zesummeschnëtt vun 8 Videoen
Video01: Sou gesäit Patagonien aus – mam Bus ënnerwee
Video02: Séiléiwen a Séielefanten zu Puerto Piramides 1
Video03: Séiléiwen a Séielefanten zu Puerto Piramides 2
Video04: Sou gesäit d'Landschaft aus op der Peninsula Valdes
Video05: Magellan-Pinguinen vu Punta Tombo 1
Video06: Magellan-Pinguinen vu Punta Tombo 2
Video07: Dinosauriermusée zu Trelew 1
Video08: Dinosauriermusée zu Trelew 2
Puerto Madyrn gëtt an der Héichsaison (ab September) vun den Touristen iwwerrannt wéinst 1 Saach: Whale watching, an zwar de „Südkaper“ (Glattwal), dat ass den Highlight. Soss nach an der Offer: Delfinen, Orcas (leider seelen!), Séiléiwen, Séielefanten, Robben.
Ech war Mëtt Mäerz do, du waren d'Wale schonns weidergezunn, mä ech konnt Peninsula Valdes + Punta Tombo besichen.
Peninsula Valdes ass eng Hallefinsel an zugläich e Naturschutzgebitt.
Ech hat en Dagesausfluch dohinner gemat. Ier mir d'Peninsula erreecht haten, hu mir e Stop bei engem Musée gemat, deen d'Déierewelt vun der Peninsula méi no bréngt. Flott ass zum Beispill e Skelett vun esou engem Wal, genau esou wei déi „Hoer“, mat deenen de „Krill“ agesammelt gëtt.
Du si mir bis bei d'Schutzgebitt bruecht ginn a konnte vun uewen erof d'Séiléiwen an d'Séielefante kucken a lauschteren; hir „Sprooch“ erënnert mech un déi vun de Schof.
Impressionant ass och de Buedem op deem mir do trëppelen; et gesäit een nämlech nach uraal Muscheliwwerreschter an der ganzen Géigend verspreet.
An der Peninsula Valdes gëtt et just 1 Duerf, dat direkt um Mier läit a Puerto Piramides heescht an wou een och e puer Deeg wäit ewech vun der Zivilisatioun verbréngen kann.
No engem klengen Mëttegiesse krute mir d'Geleeënheet, dëse Mieresdéieren nach méi no ze kommen.
Dat erkennt ee besonnesch op enger vu menge Fotoen, wou ech zimlech no erukomme kann. Méi no geet schonns bal net, fir d'Déieren net ze erschrecken an se – op kee Fall – ze verdreiwen. Et ass schéin ze gesinn, dass se hei geschützt ginn an et hinne gutt geet.
Den aneren, flotten Dagesausfluch war, d'Magellan-Pinguinen op PUNTA TOMBO ze besichen.
Punta Tombo ass Deel vum Nationalpark „Golfo San Jorge“.
Hei lieft déi weltgréisste Magellan-Pinguin-Kolonie!
Dat Geniaalst un dësen Déieren ass, dass se de Mënsch net fäerten. Dat heescht, et huet een d'Chance, bis zu 30cm un d'Pinguinen erun ze kommen, ouni dass se fortlafen. Si schéngen éischter interesséiert un de Mënschen ze sinn.
Zum Zäitpunkt vu mengem Openthalt waren der manner do wéi soss; dat läit dorunner dass Magellan-Pinguine sech réischt Enn September fortplanzen an da vill Näschter besat sinn.
Egal wéi waren der awer genuch präsent, fir Fotoe vun hinnen ze maachen. Als Tourist kann een sech bal – ganz fräi – beweegen; just et muss een um Wee bleiwen (markéiert duerch wäiss Steng).
An der Bucht vu Puerto Madryn kann een ab September regelméisseg Wale gesinn, ouni mol e groussen Effort mussen ze maachen. Aneschters gesäit et aus mat den Orcas. Déi kommen och an esou munch Buchten, mä a wéi eng genee kann een net viraussoen.

Iwwregens kommen d'Orcas an d'Buchten, fir Robben ze joen! Dat muss enorm spektakulär sinn ... falls een da gesäit!
Ier ech Puerto Madryn verloosse wollt, hunn ech nach e klenge, mä interessante Musée zu Trelew besicht, en Dinosauriermusée.
Patagonien, zemools den argentineschen Deel, huet e puer där Muséen, déi an der „Valle de los dinosaurios“ (Provënz Neuquen) kënne visitéiert ginn.
Den Dinomusée zu Trelew weist, wat fir eng Dinosaurier an Argentinien ënnert anerem fonnt goufen.

Déi meescht Dinomodeller si wierklech beandrockend, mä am meeschten huet mir eng echt Dinoschank an der Entrée vum Musée imponéiert, déi op 110 Milliounen Joer geschätzt gëtt!