Perito Moreno, Torres del Paine, Fitz Roy, Ushuaia - bei wéi engem Globetrotter oder Südamerikafan schléit d'Häerz do net méi héich?

Puerto Madryn läit bal an der Mëtt vun Argentinien, do feelt awer nache e gutt Stéck erof, bis ganz ënnen hinner.

Ushuaia sollt meng lescht Destinatioun ginn, virdrun ass nach e klengen Ofstiecher Richtung chilenesch Grenz gemaach ginn.

Ech schwätzen hei vun den Highlights : El Calafate an El Chalten.

Blog 29: Argentinien (5) - Patagonien a Feierland
Highlights aus dem Süde vu Südamerika: Patagonien a Feierland, mam Perito-Moreno-Gletscher, den Torres del Paine an Ushuaia ...

Den Zesummeschnëtt vun 11 klenge Clippe weist:
Video01: De Gletscher Perito Moreno
Video02: De Gletscher vum Boot aus gefilmt
Video03: D'Laguna Torre, de Schmisi an déi vill LOFT
Video04: D'Laguna Torre an déi vill Äisstécker
Video05: Aussiichtpunkt op d'Duerf "El Chalten" an op den "Fitz Roy", dee vun de Wolleke verstoppt ass
Video06: D'Laguna Capresi
Video07: Nationalpark "Tierra del Fuego" zu Ushuaia
Video08: Am "Beagle channel" zu Ushuaia sëtzen op Fielse Séiléiwen + Séielefanten
Video09: Nee, dat si keng Pinguinen, mä Kormoranen
Video10: Eng vun den Inselen am "Beagle channel", wou Einheimescher fréier plakeg gelieft hunn, bei engem strammen, äiskale Wand
Video11: De selwechte Fiels mat Séiléiwen + Séielefanten

El CALAFATE ass – virun allem – wéinst 1 spezieller Saach weltberühmt: dem Gletscher PERITO MORENO.

Duerch de momentane Klimawandel sinn déi meescht Gletscheren am Gaang zeréckzegoen, mä net dëse Gletscher. Mir feelen e bessi d'Wierder, fir dëst Stéck Natur gutt ze beschréiwen.

Souvill mol direkt: Wann een Argentinien bereest, muss een einfach dëse Gletscher kucke goen. Seng Dimensioune sinn impressionant, seng Faarwe kann een nëmme schwéier mat enger Kamera festhalen. De Gletscher schafft permanent, d.h. dat héiert a gesäit een oft. Et klaakt a kraacht a munchmol brécht e Stéck of a lant am Waasser; vun den Aussichtsplattforme kann een dat gutt beobachten.

All puer Joer forméiert sech eng Zort Bréck aus Äis, an déi brécht dann nees zesummen. Wann dat geschitt, ass et bestëmmt spektakulär. Gutt 2 Woche virun deems, dass ech do war, ass genee dat passéiert. E klengen Trouscht hunn ech awer: Dës Kéier war déi Bréck um 4 Auer moies zesummegebrach, do konnt nach keen Tourist do sinn.

RTL

Déi meescht Agencen (zu El Calafate) bidden dës Excursioun un, d.h. e Bléck vun den Aussiichtsplattformen, mam Boot no laanscht de Gletscher tuckeren an Äiswanderen um Gletscher.

Genial ass och, wann ee mam Boot derlaanscht fiert, 300m, méi no kann een zwar leider net, mä et kritt ee sécherlech eng Iddi wéi héich de Gletscher ass.

Och soss ass d'Landschaft ronderëm de Gletscher interessant, zemools d'Bëscher (wou et sech erkennen léisst, dass si richteg al schonns sinn!).

Wéi ech um Gletscher wandere war, konnt ech och mol äiskaalt Gletscherwaasser schmaachen, méi natierlech Waasser gett et bal net.

De Perito-Moreno-Gletscher ass DEE Klassiker zu El Calafate. Et kann een natierlech nach e ganze Koup anerer Aktivitéiten hei maachen; mä dat géif e bessi mäi Budget sprengen.

RTL

Vun El Calafate sinn et nach eng Kéier 4 Stonnen op EL CHALTEN, der "Trekkinghaaptstad" vun Argentinien.

El Chalten ass et klengt, léift Duerf, knapp 1 Stonn vum Chile ewech.

Vun hei aus huet een 2 weider "Sightseeing"-Programmpunkten (Landschaft bewonneren): den Nationalpark "Torres del Paine" am Chile an d'RT40, déi bis op BARILOCHE erofgeet.

D'"Wahrzeechen" vun El Chalten ass de "Cerro Fitz Roy" (deen een oft an de Guiden iwwert Argentinien fënnt). Wann d'Wieder gutt ass, erkennt een e schonns vun wäit ewech.

Ech hu mir hei 2 Deeg Zäit geholl. Zum enge sinn ech bis bei déi immens flott a lëfteg LAGUNA TORRE getrëppelt (hin a zeréck 6 Stonnen).

Wann et jo eppes a ganz Patagonien am Iwwerfloss gëtt, dann ass et de Wand!

Iwwerall ass Loft, sou och an der wonnerschéiner Laguna, mam Gletscher Torre am Hannergrond an e bessi no riets, de Fitz Roy.

De Wand war mat Momenter esou staark, dass se mech ëm een Hoer ëmgeworf hätt.

Ech hat probéiert ze filmen, d'Bildqualitéit ass net schlecht, mä quasi alles, wat ech geschwat hunn, kann een net gutt verstoen wéinst dem staarke Wand (da wësst Dir schonns Bescheed).

En zweeten Trëppelwee ass bis an d'LAGUNA CAPRESI gaang, vu wou een – mat vill Chance – och eng gutt Vue op de Fitz Roy huet.

Fir dann e bëssi Zäit ze spueren a well et landschaftlech net villes ze gesi gouf, hunn ech de Fliger vun EL CALAFATE op USHUAIA geholl.

Dëse kuerze Vol ass e bëssi wéi eng Achterbunn, et gëtt een nawell e bëssi duerchgejuppelt; Schold dorunner ass nees déi vill Loft.

USHUAIA läit am Departement "Tierra del Fuego" (Feuerland) an ass als kleng Stad selwer e bëssi oninteressant. Et ass méi d'Emgéigend, déi interessant ass, zum Beispill de "Beagle channel" oder den Nationalpark "Tierra del Fuego".

Den Dagesausfluch an den Nationalpark "Tierra del Fuego" war fantastesch, well e gutt gewiesen huet, wéi d'Bëscher virun Dausende vu Joere schonns ausgesinn hunn. An dëser Natur ass et meeschtens och ganz roueg. Ech muss och soen, dass ech an der Niewensaison do war, an der Haaptsaison ass et vläit de Contraire.

RTL

Ech hat en Ausfluuch mam Boot an de "Beagle channel" gemaat mat engem klenge Schëff. Och wa mir schons moies um 10 Auer fortgefuer waren an et am Hafe roueg war, sou war dat awer de contraire e bëssi ausserhalb. Schonn en zimlech stramme Wellegang hunn ech do matgemaach: äiskal Loft an zumol d'Waasser, wat engem an d'Gesiicht sprëtzt ... eiiiii!

An dësem Kanal konnt ech nees Séielefanten a Séiléiwe gesinn, an zwar nach méi no wéi an der Peninsula Valdes (Blog 28), duerfir huet de Kapitän säi Schëff misse roueg halen bei ville Wellen. Dës Déiere setzen nämlech ganz gemälleg op engem Fiels :)

Och op Fielsen hunn ech Kormorane gesinn. Si gläiche ganz vill Pinguine vu Wäitem, wann se do sëtzen (sinn och schwarz mat waiss), mä soubal se fortfléien, weess een, dass et Kormorane sinn.

Als leschte Stopp op dësem schaukelege Bootstrip si mir bis op déi Insel gefuer, déi fréier vun den Ureinwohner bewunnt war; vill hate si net. Beandrockend ass och, dass se an dëser rauer Natur iwwerlieft hunn, an dat ouni iergend eng "Hightech"-Kleedung wéi mir haut, well si si plakeg duerch d'Géigend gelaf, an dat bei engem äiskale Wand.

RTL