Mir sinn nach ëmmer a Südamerika ënnerwee, ma no deem risege Land Argentinien geet et elo an dat laang gezunnent Land Chile.

Dei 4 Woochen Argentinien sinn duergaang, vir en Iwwerbléck vun desem groussartegen Land ze kréien, méi war leider net méiglech. Et sinn einfach nemmen riiseg Distanzen! Ech hätt nach kennen eng kleng BONUS-Rees drunhänken, deemols wou ech zu Ushuaia war: mam Schëff an d'Arkarktis ze fueren, sou eppes wei eng „Entdeckungscroisière“, allerdengs hätt dee Spass vir 5 Deeg (Beispill) an enger 4er Kabin gudd 3500 USD kascht; e bessi gepäfferten Prais vir mech, mee „was nicht ist, kann immer noch werden“.

Blog 29: Chile!
No ville flotten Aventuren an Argentienien ass eise Globetrotter elo am Nopeschland Chile ënnerwee.

Video01: No den Iwwerschwemmungen vun Punta Arenas 1
Video02: No den Iwwerschwemmungen vun Punta Arenas 2
Video03: Schwaarzen Sand op de Plagen ronderëm Puerto Varas
Video04: Um Sessellift Richtung Vulkan Villarica
Video05: Ënnerwee op de Sommet 1
Video06: Ënnerwee op de Sommet 2
Video07: Uewen um Sommet
Video08: Ier ech bei Laguna Azul kommen, erfrëschen ech mech nach kuerz beim Waasserfall
Video09: Aaah, d'Laguna Azul
Video10: Waasserfäll „Ojos del Caburgua“
Video11: Ustrengend Montée am El Cani
Video12: Laguna „Las Totoras“ 1
Video13: Laguna „Las Totoras“ 2
Video14: Laguna Negra am El Cani
Video15: Endlech ukomm um Aussiichtspunkt

Wei kennt een dann lo vum „Enn vun der Welt“ , Ushuaia, an de Chile?

Ganz einfach: man nehme den Bus, départ Ushuaia Riichtung Chile, an Stadt PUNTA ARENAS. Daat sinn gudd 9-10 Stonnen Bus, zum Deel iwwert net goudronéiert Stroossen. Wann een iwwer Land an de Chile erareest, soll een wessen dass Douane zimlech streng ass an net vill laacht.

Méi genee: ALLES, waat engem gehéiert (grousse Rucksack, klenge Rucksack, asw.) muss een aus dem Bus eraushuelen; souguer sou Saachen dei een akaaf huet an an enger Plastikstuut léien. Einfach alles! D'Autoritéiten inspizéieren nämlech de Bus grëndlech.

Keng Iesssachen daerfen, beispillsweis, importéiert ginn. Daat kann schons en Apel sinn oder eng Haameschmier.Entweder dei gett op der Plaaz - virun der Douane - nach giess oder si flitt an d'Poubelle! Sollt een awer – zoufälleg – nach eppes an sengem klenge Rucksack vergiess hunn, an et gett gescannt an entdeckt, gett et eng Geldstroof!

No der bessi wackeleger Busrees an nach engem kuerzen Fährtrip sinn ech zu PUNTA ARENAS nomëttes ukomm.

Déi meescht Lëtzebuerger kennen d'Biller vun eiser Mousel wann se Iwwerschwemmungen verursaacht.

A bee esou ähnlech war et och zu Punta Arenas. Duerch de ville Reen ass de Floss – deen duerch d'Stadt geet – aus sengem normale „Bett“ erausgeklommen an huet e puer Stroossen uerg getraff. Och elo 2 Woochen duerno (wou ech do war) sinn nach emmer vill Spuere vun Bulli ze gesinn. Awer net nemmen de Floss huet vill Knascht matbruecht, mee d'Mier, waat direkt nierwend Punta Arenas leit, huet och nach vill Schmorri an d'Stadt eragedreckt! Vir ierch e Bild ze maan, proposéieren ech meng Fotoen ze kucken.

Punta Arenas war souwisou nemmen en Openthalt vun engem Dag. Ab hei hunn ech de Fliiger geholl vir op PUERTO MONTT ze fléien. An dunn nach e lokale Bus bis op meng Destinatioun PUERTO VARAS.

Wien de Chile bereest, deem waert oft daitsch Wierder op enger Menuskaart opfaalen oder daitsch Stroosseschëlder.

Daat ass ganz normal well de Chile gouf virun gudd 200 Joer vun daitsche Emigranten besiedelt.

Puerto Varas ass e klengt (scho baal daitscht) Dierfchen waat an der Region X leit.

Wann een vum Chile schwätzt kann een nemmen Nord- a Südchile soen, daat well d'Land zwar gudd 4000km Längt huet awer net enorm breet ass. Vir sech besser kennen ze orientéieren ass dest Land an „Régionen“ agedeelt.

Den daitschen Afloss ass zu Puerto Varas gudd ze gesinn (Stroossenumm Kuschel, op der Menüskaart steet och oft „Kuchen“) A wéi ech mam MTB e Nomëtteg ennerwee war, hunn ech mir d'Emgéigend och mol nach ugekuckt. Wieren net e puer Bierger ronderem gewierscht, hätt ech scho baal gesoot dass dest och kéint Lëtzebuerg sinn, mat de Bauerenhäff an de Felder.

RTL

No 2 Deeg ass et weider Riichtung Norden gaang, daat op PUCON. Pucon ass zwar nëmmen en Duerf, mee duerfir kann een hei top wanderen an nach aaner Outdoor-Aktiviéiten maan (Rafting, Canonying, .....) Während de Summerméint sinn méi des Aktivitéiten am Trend, wann et dann Wanter gett, kommen d'Leit heihinn Schi fueren. An de Summerzait ass EEN Ausfluuch deen et gellt ze maan.

Op den aktiven Vulkan Villarica (2840m)eropklammen. Duerfir muss een mol net mega fit sinn. Allerdengs därf een net alleng erop; keng Angscht et ginn genuuch Agencen déi daat organiséieren.

Ir dir awer eng Agence bucht, an daat vir bëlleg Geld, sollt dir folgendes wessen. E puer Woochen ier ech do opgetaucht sinn, gouf et, no 10 gudd Joer en déidlegen Tëschefall mat Touristen.

De Vulkan ass och e Bierg, an an de Bierger wieselt d'Wierder numol ganz rabiat! (Daat ennerschätzen vill Persounen). Enges Dages war d'Wierder an der Montée op eemol schlecht. Dei meescht Agencen sinn deen Dag guer net, well d'Prévisounen schlecht waren. Aanerer déi deen Dag  och wollten op de Sommet, hunn dunn demi-tour gemaach, waat defintiv mei schlau ass.

Et ass komm, wéi et hätt kommen misse. D'Wierder haat sech weider verschlechtert, a wei dunn och déi betreffend Agencen nees erofgekraxelt sinn, sinn 2 Touristen onglëcklech gefall, erofgerutscht an dobai em d'Liewen komm! (P.S. Dir kennt ierch eng genee Zéienausso ënnert Tripadvisor ukucken).

Mai Root un ierch: wielt eng méi déier Agence aus, déi e klenge Grupp hunn, an déi emmer dann op de Sommet ginn, wann d'Wierderconditiounen et och zouloosen!

Bei mir war alles gudd gaang, mir waren och nemmen zu 5 Persounen + 2 Guiden an eisem Grupp. Dass den Vulkan aktiv ass, haat ech selwer bemierkt. Kleng Fielsstécker rullen munchmol – aus dem Nichts – de Bierg erof! Do heescht et oppassen. En plus dempt de Vulkan Villarica e bessi a spéitstens wann een uewen ukomm ass, an de Geroch vum Sulfat („faulen Eer“) riecht, wees een nees dass een op engem Vulkan setzt.

Vun uewen huet een e gudden Iwwerbléck a kann esouguer bis an Argentinien eriwwerkucken.

Vun Pucon léint een sech e MTB aus a fiert e puer ongoudronéiert Weer erop an erof. Eng bessi ustrengend Streck kennt bei enger „Laguna Azul“ (bloer Lagun) eraus, matzen am Bësch. Vir mech perséinlech war daat een vun den Highlights aus dem Chile.

Wann een dann genuuch gestrampelt huet, kann een owes en Ausfluuch bei d'Thermen maan. Ei, sou relax!

RTL

Am Chile fënnt een – onofhängeg vun der Regioun – Araukarien. Vu Pucon aus kann een des Beem entweder am Nationalpark Huerquehue  oder am Naturreservat EL CANI bestaunen. Ech haat mech vir Optioun 2 entscheet. Déi 1.optioun  ass zwar déi bekanntest, mee EL CA NI ass de flottst.

Jo, daat kann ech bestätegen: Vir den EL CANI sollt een schons e bessi fit, well den Aller-Retour bis bei den Aussichtspunkt (deen TOP ass) dauert gudd 7 Stonnen.

No deem ganzen Gewanders soll een sech och munchmol eng Pause gönnen. Entweder op der Plage vum Séi Villarica, deen direkt un Pucon ugrenzt oder de Musee vun de Mapuche besiiche goen; den Ureinwohner aus der Region vum Chile.