Blog 31: Chile (2) - Fir ze kucken, fir ze schmaachen ...

Den Thierry Schmitz huet sech - an engem laange Land - laang mat senge Schéinheete befaasst. Hei seng Chronik.
Ech wollt nëmmen e puer Deeg zu Pucon bleiwen, mä letztendlech gouf et eng ganz Woch doraus. Gutt 8 Stonne Bus trenne Pucon vun SANTIAGO, der Haaptstad vum Chile.
Video01: „Bike + Wine“-Tour an der Géigend vun Santiago 1
Video02: „Bike + Wine“-Tour an der Géigend vun Santiago 2
Video03: „Bike + Wine“-Tour an der Géigend vun Santiago 3
Video04: Papayen-Plantagen
Video05: D'Ausmoosse vum Klimawandel erkennt ee gutt
Video06: Déi aner Säit vun der Staumauer
Video07: Solarkichen an der Valle del Elqui 1
Video08: Solarkichen an der Valle del Elqui 2
Santiago ass eng Milliounestad mat engem – nawell – décken Ëmweltproblem: SMOG! Zu der Zäit, wou ech do war, huet d'Sonn geschéngt an et war mir opgefall, wéi wann „Niwwel“ amplaz vu Wolleken do wier.
Mä dat war keen „Niwwel“ et war Smog!
Santiago ass e gudden Ausgangspunkt, fir e puer Wäiregioune besichen ze goen. Wat ech dunn och gemaach hat. Mä anstatt eng „klassesch“ Tour ze maachen, hat ech mir nees eppes Spezielles erausgepickt: "Bike + Wine Tour". Dat heescht mam MTB laanscht Wäiriewen ze fueren an duerno genësslech Wäi schmaachen.

Op senger Duerchrees am Chile ass e Schmisi dem Mound ganz no komm ...
Mir sinn duerch 3 verschidde Kellereie komm; d'Wuert „Kellerei“ ass schlecht gewielt an et huet näischt mat de lëtzebuergesche Kellereie gemeinsam. Et sinn nämlech keng esou al Gebailechkeeten.
Och wann dësen Ausfluch glat a guer net bëlleg war, sou weess ech op mannst, wou d'Riewe sinn am Chile (Majortitéit); dëse Wäi gëllt jo - am Moment - zu de Beschte vun der Welt.
Et war Ouschtervakanz zu Lëtzebuerg an esou war et fir meng Frëndin Daisy e gudde Moment, mech ze besichen.
Nodeems mir 1 Dag Sightseeing an der Haaptstad gemaach haten, ass et per Fliger Richtung Norden gaang op LA SERENA.
La Serena huet un sech quasi net vill ze bidden, ausser engem komesche Klima. Et war Enn Mäerz an et war permament wollekeg. Dat Komescht ass, dass 1 Stonn vun do ewech – zu Vicuña – de kompletten Contraire war, mat bloem Himmel an dat bei 30°.
Dëse bloen Himmel huet e groussen Virdeel: Well en esou kloer a „propper“ wierkt, fënnt een hei am Norde vum Chile déi gréissten Observatoirë vun der Welt!
Do reizt et natierlech, esou eppes technesch Gigantesches kucken ze goen. Tjo, leider, leider si Visitte vun de gréissten extrem limitéiert (zum Beispill kann een nëmme samschdes fir 1 Visite pro Dag).

Eng gutt Alternativ ass zum Beispill e klengen Observatoire kucken ze goen, dee vun Hobbyastrologe geleet gëtt. Dat ass zu VICUNA. D'Visite vun 2 Stonne fänkt nämlech un, wann et schonns däischter ass. Dat klengt och logesch, gell? Soss kann ee keng Stäre kucken. A genee do ass de Problem: Déi grouss Observatoirë kënnen nëmmen am Dag visitéiert ginn.
Während dëser Visite kruten d'Daisy an ech e bëssi erkläert, wou wat um Himmel ass, gutt verstanen op der Südhallefkugel. Dat Coolsten un dëser Visite war awer, dass mir de Mound, de Saturn an de Mars konnten duerch d'Teleskop gesinn, kuerz gesot FANTASTESCH, zemools de Saturn, deem säi Rank siichtbar war.
La Serena huet – fir mech – net vill ze bidden, dat hat ech schonns virdru gesot. Anerersäits muss ech zouginn, dass ech hei ee vu menge beschten Dagesausflich gemaach hunn.
Et war um 8 Auer moies lassgaangen an eise Guide + Chauffer war de Pablo.
De Pablo huet eis fir d'éischt bei eng Plantage vun Papayas bruecht. Hei krute mir erkläert, dass et eng speziell Fruucht ass, déi net vill Klimaschwankunge verdréit.
Duerno si mir bei e klenge Staudamm gefuer. Dëse Séi, deen hei gestaut gëtt, gëtt munchmol fir d'Championat vun de Windsurfer benotzt. Leider Gottes ass – duerch de Klimawandel – de Reen ausbliwwen an de Waasserniveau ass dramatesch erofgaangen. Doduerch sinn op munche Plaze geféierlech Fielsspëtzen aus dem Waasser komm.

E puer Meter weider erof krute mir dunn COPAO ze schmaachen, d'Kaktusfruucht, mmmmhhhh, lecker.
Duerno e Ministopp zu Vicuña, wou d'Wieder lues, awer sécher besser ginn ass. Direkt nieft Vicuña kann een iwwer Brout Baken + Kache staunen - alles mat Solarpower! Jo, a klenge Këschte gëtt déi gutt Sonnenastrahlung benotzt, fir Bréidercher ze baken. Wahnsinn!
Ier et op d'Mëttesiesse lassgoung, sinn mir nach bei eng Pisco-Distillerie gefuer. Pisco gëtt am Chile vill gedronk, meeschtens als Aperitif. De ganze Prozess an der Brennerei erënnert un eng Whiskeybrennerei.
Nodeems mir e bëssi geschmaacht haten, huet de Mo gegrommelt.
No der Mëttespaus si mir nees zeréck Richtung La Serena gefuer. De Wee féiert duerch VALLE DEL ELQUI an de Pablo huet eis bei eng kleng Wäikellerei bruecht.
Bei sou villem Schmaachen an den 30° war eng Ofkillung batter néideg. Déi gouf a Form vu Schwammen an engem – äiskale – Floss, wou een direkt, no e puer Minutten, nees ganz kloer an der Bëlz war ...