Blog 32: D'Ouschterinsel an Tahiti

No bal 6 Méint op dem Festland (méi genee um amerikanesche Kontinent) wor et un der Zäit, ze wiesselen.
Den 5. Abrëll haat ech (zesummen mam Daisy) Santiago de Chile verloos a mir sinn op d'ISLA DE PASCUA (Ouschterinsel, Easter Island oder och nach Rapa Nui genannt) geflunn. De Numm passt en plus ganz gudd well et d'Ouschterzait wei mir do waren. Et ass déi isoléiersten Insel (oder déi déi am waitsten vum Festland eweg ass). Am Fong hätte mir sollten schons moies do ukommen, mee de Fliiger haat en techneschen Problem an esou si mir eréischt owes spéit um 23 Auer gelandt. D'Ouschterinsel ass eng gemittlech Insel wou d'Hënn, d'Kaazen, d'Kéi an d'Paerd an aller Rou a Fraiheet liewen. Dei meescht Iwwernuechtungsméiglechkeeten ginn et ronderëm de Fluchhafen, daat selwecht zielt och vir d'Restauranten.

Et existéieren e puer Méiglechkeeten vir d'Insel ze erfourschen: Entweder mam Auto, enger Agence (Minibus) oder mam Velo. Zu de Saachen déi een sollt onbedengt kucken goen sinn d'MOAIS, daat sinn dei impressionant Statuen!
Dann ass nach den erloschenen Vulkan RANO KAU ze kucken an vir bessi ze entspannen, eng vun den Plagen ze besiichen.
Obwuel „Isla de Pascua“ zu Chile gehéiert, sou gett op der Insel nierwend spuenesch, polynesech an munchmol och franzéisch geschwaat.
Vir de Krater RANO KAU kucken ze goen, hunn Daisy an ech eis e Velo ausgeleint an hunn eis beis missen ofstrampelen, awer duerfir krueten mir als Belounung och eng super Vue, iwwert de Krater an iwwert en Deel vun der Insel. Wann een nach d'Entree vir de „Parc National“ bezillt, kann een d'Haiser aus Steen gesinn, Motu Nui, eng kleng Nopeschinsel.
Video01: De Krater „Rano Kau“ op der Ouschterinsel
Video02: „Moais“ am RANO RARAKU
Video03: Liewen a Fraiheet, d'Paerd
Video04: Déi 16 Moais déi direkt beim Mier stinn
Video05: Haiser aus Steng a Bléck op d'Insel „Motu Nu“
Video06: Aaner Moais déi direkt bei enger Sandplage stinn
Video07: Mam Auto ennerwee op Moorea
Video08: Mam Boot bis bei de „Lagoorium“ getuckert
Video09: D'Fidderung vun den Déieren, vu no gefilmt
Video10: „Cooks Bay“ an „Opunohu“ Bucht
Video11: Buchten ronderem Moorea 1
Video12: Buchten ronderem Moorea 2
Des speziell Insel haat – an der Zait – eng Traditioun. Vun Rapa Nui aus sinn dei einheimesch Männer eemol pro Joer op des Insel geschwommen vir daat éischt Ee ze fannen vun engem besonnesche Vull. Dese Vull huet sai Nascht op deser Insel. Deenjeinegen deen als éischten Ee zeréck op Rapa Nui keint bréngt, gouf vir 1 Joer de „Birdman“.
Vir dai kommend 2 Deeg haate mir eis en Auto gelount an hunn Stéck vir Stéck MOAIS entdeckt. Moais sin dei Statuen aus Steen, dei eenzegaarteg op der eiser Aerd sinn.
Vir d'éischt dei Emgefallen an onkomplett. Dunn, am Nomëtteg, si mir op den Highlight gestouss. Dei bekanntesten a meescht geknipsten stinn am RANO RARAKU an AHU TONGARIKI. Villes ass nach onkloer an bis haut wees keen esou riichteg wéi se aus dem Fiels geschloen an rofgeschleeft goufen. Vun desem Bierg aus gesait een och dei aaner immens MOAIS, 16 an der Rei stoen, direkt nierwend der Plage.
Mam Auto ass ee méi flexibel an sou konnten mir och nach relax e ganze Nomëtteg op enger vun den eenzegen Plagen verbruecht. A genee bei deser Plage stinn och nach Moais an der Rei.
Daisy an ech waren 4 Nuechten op der Ouschterinsel bliwwen, mee et léist sech awer labber 1 Wooch ze verbrengen.

5 Fluchstonnen weider, Richtung Westen, sinn zu TAHITI gelandt, franzéisch Polynesien.
Virun e puer Joer wor ech zu Hawaii an do haat eppes Typesches um Fluchhafen gefeelt (wann een ukennt): e Blumekranz. Dee kruete mir iwwerreescht vum Chauffer vun eisem B + B. Et gouf souguer tippesch polynesech Musek gespillt (an eng polynesesch Fra haat gedanzt) wei mir a Riichtung „Valisen siiche“ waren.
TAHITI huet de Fluchhafen wou ee landt a vu wou een eventuell weiderflitt op dei kleng Nopeschinselen (Bora Bora, asw.) . Soss ass Tahiti – fannen ech – net esou flott. Dei Insel dei manner iwwerlaaf ass, an déi vun hei aus am noesten leit, ass MOOREA.
Mat eng vun den 2 Fähren kennt een problemlos dohinner. Fréier goufen et esouguer 4, mee well net esou rentabel, sinn déi eweg gefall. D'Fähr brauch gudd 30 Minuten. Op der Insel ukomm ass et am einfachsten et huet een schons eng Reservatioun vun engem Hotel oder ähnlech.
Vill Hostels ginn et net an de Bus ass och rare geseint (de Bus fiert emmer nemmen dann ronderem, wann och eng Fähr fortfiert bzw. Ukennt). Do bleiwt engem keng aaner Wahl wei en Auto ze lounen ; an daat ass och net geschenkt. E klenge Auto kascht pro Dag em dei 67 Euro!
D'Insel ass net enorm grouss, a wann een Loscht huet leit een sech e Velo vir eng Keier ganz ronderem ze fueren. Dofir brauch een awer quasi e ganzen Dag ( Fotopausen inklusive)
Tippesch Fotomotiver wéi Postkaarten ginn et genuuch! Do wou Plagen sinn, sinn oft Korallen direkt dobai.
Wien elo d'Plage net esou interessant fennt, kann sech op maan bis en Aussichtspunkt, matzen op der Insel, do schweest een sëcherlech gudd.
D'Aussentemperatur op Moorea ass baal identesch mat der Waassertemperatur, kuerz: fantastesch, e Genoss! A propos Genoss: op Moorea hunn Daisy an ech bestëmmt e vun de beschten réie Fësch giess (vun eisem Liewen). Obwuel de Prais nees net geschenkt war, sou huet d'Qualitéit awer dese negative Punkt vergiesse geloos!
A wou een arkennt dass een sech op enger Insel befen: et ginn net vill Restauranten (egal bëlleg oder déier). An dei léien meeschtens verspreet, duerfir mai Rootschlag => Auto lounen.

Op deser Insel liewen ganz vill Franzousen; an et gett mam „franc polynésien“ bezuelt.
Nierwend dem „Naischt-maan“ an d'Liewen geneisen keint een och tauche goen oder méi flott a manner déier; de LANGOORIUM besiichen. Daat ass eng Mini-Insel bei Moorea, wou een kann Korallen gesinn an – ganz wiichteg – déi natiirlech Fidderung vun Stachelrochen, Fesch an Zitrounenhaien, hautno.
2mol am Dag gett gefiddert an et kann een mat engem Taucherbrell alles enner Waasser matverfollgen. Vir Daisy a mech war definitiv d'Stachelrochen daat impressionanst, et waren der 4 dei permanent ronderem Leit gekreest sinn, an déi sech upaaken geloss hunn.
Scheinbar kënne se den Typ deen mam Fësch kennt; soubaal hien d'Waasser betrett, kommen sie ugeschoss.
Zum Thema Déieren kann ech nach 2 kleng Anekdoten verzielen: a) Et war schons daischter an mir waren mam Auto um Heemwee. Op eemol haat Daisy Kreesch gedoen well ech op een Hoer 2 kleng, jonk Hënn matzen op der Strooss iwwerrannt hätt. Ech sinn stoebliwwen, mir sinn erausgesprongen an hunn die 2 aus der „Gefoerenzonn“ gerett.
b) De Proprietär vun eisem Haischen haat en Hond. Dese war scheinbar ziemlech hongreg. Well moies fréi louch hien schons bei der Entree an huet doropper gewaart vun eis „verwinnt“ ze ginn; mat engem Stéck (oder Stécker) „baguette, naturellement“. Do war hien zefridden a mir och.
