Vum amerikanesche Kontinent ass eise Globetrotter via d'Ouschterinsel an Tahiti op Neiséiland gehopst ... an d'Land vun de Kiwien a Kaurien.

Well Fährzaiten leider guer net mat denen vum Fliiger iwwerneen goungen, misst ech en Dag éischter vun Moorea zeréck kommen. Den Drag drop moies um 7.30 ass mai Fliiger op Auckland, Neuseeland, gaang.

Vir d'éischt Kéier a mengem Liewen hunn ech mam Fliiger dei international „Zaitlinn“ iwwerschratt, d.h. Ab deser Zonn fänkt den dag op eiser Welt un!

Schmisi on World Tour (33): Neiséiland (1)
Dem Thierry Schmitz op Weltrees, hei seng Videoandréck!

Video01: Auckland mam Skytower
Video02: Am „Trounson Kauri Park“ stinn eng jet Kauribeem
Video03: Kauribeem vun verschiddener Gréisst a verschiddenen Alters
Video04: En impressionant Exemplär am „Trounson Kauri Park“
Video05: „Father of the forest“
Video06: „Lord of the forest“
Video07: Am Kaurimusee

NEUSEELAND war vir mech total „Neuland“ : eng aaner Sprooch, de Stroosseverkéier deen wéi an England ass (op der lënker Sait) an Thema Internet!

Ech muss – an desem  Fall – eng kleng awer a mengen Aae wiichteg Paranthèse opmaan: Den Ausdrock „oh my gosh“ ass net ennerdriwwen. Vun Mexico un haat een an all de Jugendherbegen d'Méiglechkeet „gratis“ Wifi ze hunn. Domadder war ab Neuseeland mol Schluss. Ganz oft muss een eng Zort „Internetkaart“ kaafen; ass esou ähnlech wéi eng Telefonskaart mat Kredit. Zum Beispill: Vir 2 NZD (1,2 Euro) kritt een 20 MB download zur Verfügung. Daat sinn gudd 20-30 Minuten normal surfen. Benotzt een aer elo FB oder Skype verpolfert dese Kredit enorm schnell. Ech haat mam Daisy (mat 20 MB Kaart) sage und schreibe 12 Minuten Skype an dunn war – pang – Schluss.

Vill Leit schwärmen vun Neuseelannd mee erwähnen villait dann net dese NEGATIVEN Punkt, deen an eiser moderner Welt einfach net méi hipasst. En plus ass et esou dass et normal ass – hautzudags – eng Reservatioun oder Informatioun iwwer Internet ze maan. Mee an desem Fall leeft daat nach net ewéi geschmiert. Chancen op wirklech „gratis“ Internet ze stoussen sinn limitéiert op e puer Fastfoodketten an op d'öffentlech Bibliothéiken! Des sinn natiirlech net iwwerall a wann, dann oft géint 17/ 18 Auer zou. Dir also gewarnt wann der an d'Land vun den Hobbiten wellt reesen.

Auckland ass an sech ganz ok, vill Multiculti vun Nationalitéiten. Obwuel datt Auckland méi Awunner huet wéi d'Haaptstadt Wellington, sou ginn et e puer Méiglechkeeten vir aus der Stadt erauszegoen an d'Zait op de Plagen ze verbréngen; beispillsweis „Mission Beach“,

A wéi Sydney oder Las Vegas huet och Auckland e „Skytower“ wou een kann baussen ronderem  (gesechert well agekrempt) goen.

RTL

Auckland war och de Startpunkt vir mir 4 Woochen laang en Auto ze lounen a domadder déi 2 Inselen ze besiichen. Mai Plang war vir d'éischt gudd 10 Deeg Nordinsel ze erfuerschen. Zu de wiichtegsten Saachen, dei een sollt gesinn hunn, ausser de Schoof, sinn KAURI Beem. Kauri Beem sinn eemooleg, ginn enorm déck, mee wuesen gaaaanz lues.

Kauri Beem goufen et emol iwwert ganz Nordinsel verdeelt, mee duerch massiv topesch Ofholzung sinn der vill verschwonnen.

Op den éischten Bléck gesinn se massiv a stark aus, mee sinn awer extrem empfindlech, zumols un hire Wurzelen.

Schlemmer nach : et gett am Moment eng Kauri- Krankheet (Kauri dieback) déi wéi e Virus de Bam befällt an dese Bam dorunner stierwe kann. Aus deem Grond stinn bei all Nationalpark wou Kauribeem ze gesinn sinn e Warnschëld. D'Leit solle nämlech hier Schong botzen wann se era ginn a eraus ginn.

Main alleréischten Kauribam haat ech bei enger Wanderung entdeckt, op e Bierg erop den TOCA-TOCA heescht. Dese Bierg leit an der Géigend vun Dargaville.

Vir Basisinformatiounen an interessant Fakten iwwert de Kauri ze léieren, soll een wirklech de Kauri Musee kucken goen. En erklärt d'Geschiicht vum Kauri a waaten déi Waiss alles domadder gemaat hunn.

Kauri Industrie haat an der zait geboomt bis op eemol festgestallt gouf dass der net méi vill iwwreg wieren an dass de Bam enorm laang brauch ( e puer Honnertjoer) bis dass en en gewessen Déckt erreescht huet.

Duerno – als Ofschloss – eng Visite vun den nach 2 décksten Kauribeem kucken goen. Des 2 Exemplären trennt nemmen e puer Kilometer vunenanner.

Den „Father of the forest“ ass 30 m héich an huet schätzungweis 1500 Joer!

De „Lord of the forest“ ass 51 m héich an huet em déi 2000 Joer!

RTL

An da gett et nach eng Kauri-Formatioun vun 4 Beem! Duerfir gett et „4 Sisters“ genannt. Nach sinn des 4 Beem net esou aal an et dierft een gespannt sinn wei se an 500 Joer dierfe ausgesinn ;)