3-Dollar-Schäiner, dräieckeg Mënzen a Busser, déi am Krees fueren - dat ass Rarotonga, d'Haaptstad vun de Cook Islands.

De Fliiger land matten an der Nuet op der butzeger Insel an deem giganteschen Pazifeschen Ozean. Et gesäit et guer näischt! An och wann d'Nuet pechschwaarz ass, esou ass den Accueil awer ganz faarweg - genee esou, wéi ee sech dat an der Südsee esou virstellt.

Um Flughafen seng en eeleren Här an engem Hawaii-Hiem Lidder a stëmmt déi nei Gäscht scho mol drop an, datt elo en anere Rhythmus dominéiert ... Den aneren Dag kann ee sech da selwer dovunner iwwerzeegen: An der Südsee geet et gemitterlech zou. Firwat sollt et och anescht sinn?

Wien en Tour iwwer d'Insel maache wëll, deem fällt de Choix einfach. Et gi just zwou Linnen. Well Rarotonga zimlech kleng an zimlech ronn ass, fiirt deen ee Bus wéi den Auerenzär ronderëm, deen anere fiirt genee an déi entgéintgesaate Richtung. Et geet ëmmer laangscht de Bord vum Mier, wëll e grouss Hannerland gëtt et net. Just e puer ganz gring Hiwwelen, vun deenen aus huet een dann e wonnerbare Bléck op Rarotonga.

E wonnerschéine Goart op esou engem Hiwwel huet d'Tutu Tevira Pirangi ugeluet. "Ech géif wat weess ech net wat ginn, wann ech e Buch hätt, dat mir d'Bedeitung vun all deene Steng hei erkläre kinnt", seet hat a weist op déi vill grouss schwaarz Steng hinn, an deenen ee Gesiichter erkenne kann an déi anscheinend vu Mënschen heirop geschleeft goufen. D'Tutu behaapt, si wier d'Duechter vum Raymond Pirangi Senior, engem Nokomme vum Tinomana Ariki, deen den Häuptling vum Tinomana-Stammes war. Also wier si eng kleng Prinzessin. Bon, alleng op Rarotonga, der Haaptinsel vun de Cook Islands, sollen et awer ë sëllesche Prinzessinne ginn ...

Vun deem wonnerscheine Gaart geet et dann zréck op de Strand. Fir sech ze erhuelen. Fir ze dreemen, Fir d'Zäit ze vergiessen. Wien doran eng Paus wëll maachen, dee ka sech vum Bus an déi wichtegst Stad vun der Insel kutschéiere loossen, et ass e klengt Duerf, an do zum Beispill dem Ina Bishop nokucken, wéi e Souvenirer fir d'Touriste flecht.

D'Cook Islands, benannt nom britteschen Seefuerer Cook, laien an der Südsee, e puer Flugstonnen ewech vu Neiseeland, vu wou aus och déi meeschten Touriste kommen. D'Cook Islands selwer bestinn aus eng Rëtsch Inselen, déi ganz wäit ausenaner laien. Déi bekannt, nieft Rarotonga, ass Aitutaki, anscheinend eng vun deene schéinste Inselen vun der Welt. Mee wéi eng Insel géng dat net vu sech behaapten ... Eier een da vun deem engem Enn vun der Welt erëm op deen anere fléie muss, sollt ee sech awer nach mat den typesche Souvenirer vun der Insel andecken: 3-Dollar-Schäiner an dräieckeg Mënzen. Just for fun eben ...

An um Flughafen, matten an der Nuet, steet dann erëm dee Sänger a seet de Gäscht Äddi: „You will travail home by plane, but you will come back again ...“ (Luc Marteling)