Blog 34: New Zealand (Deel 2): Am héijen Norden

Ninety Mile Beach a Bay of Islands ... an Nord-Neiséiland gëtt et vill z'entdecken!
No de Kauri Beem sinn ech emmer weider erop op der Nordinsel gekrackselt, laanscht zum Beispill de „Mauganui Bluff Beach“ een vun de Plagen deen schons vun der Strooss aus gesait. Neuseeland ass bestemmt daat Land wou Felder a Plagen direkt uneneen leien.
Sou och de „Ninety Mile Beach“ deen just esou heescht awer keng 90 Milen oder 90 km huet. Des Plage huet eng besonnesch Eegenschaft: et kann een mam Auto driwwer fueren an zwar déi ganz Stréck. Duerfir muss een awer op eng Saach gudd uercht dongen: et existéieren hei Ebbe a Flut.
An dei varieréieren enorm. De gréisste Problem ass: et ginn nemmen 3 Agäng a Sortien. Daat heescht et kann een de 90 Mile Beach net verloosen wou een grad Loscht huet!
Dass een och erkennt dass een an Neuseeland ass, an net an enger englescher Kolonie, weisen d'Schëlder. Vill Schëlder sinn nämlech an 2 Sproochen: englesch an d'Maori-Sprooch vir och Maori an hir Kultur ze respektéieren.
Video01: E Miniextrait vun maoranesch Musek um Radio
Video02: De „Cape Rodney“
Video03: Delfiner 1
Video04: Delfiner 2
Video05: „The Hole in the rock“
Vum „Ninety Mile Beach“ aus ass et nach e kuerzt Stéck bis un d'Spëtzt vun der Nordinsel, dem CAPE REINGA. An un desem Cape Reinga steet e Leuchttuerm, deen haut voll automatesch vun Wellington aus kontrolléiert gett. Den irweschten Deel vun der Nordinsel ass net breet, soumat huet een Méiglechkeet Plagen vun Osten no Westen ze wieselen. Och vir Maori huet Cape Reinga – sou wei och aaner Plaazen an Neuseeland - eng spirituell Bedeitung.
Nom Sonnenennergang sinn ech erofgefuer op AHIPARA, wou ech iwwernuecht haat.
Op der Ostsait vun der Insel gett et den „Gumdiggers Buried Forest“. A waat ass daat?
Kauribeem produzéieren „Gum“ (Harz) an dee louch (an angeblech leit nach emmer) a Stécker am Buedem. Nierwend der Ofholzung waren d'Leit och drun interesséiert de „Gum“ ze fannen. Et ass hei och eng Industrie entstannen wou „Gum“ gesiicht, poléiert a verkaaf gouf.
De „Gumdiggers Buried Forest“ ass eng Zort Musee a weist wei haart d'Liewen deemols war.
An desem Deel stoungen virun laanger Zait Kauribeem dei net ofgeholz goufen mee duerch natiirlech Emstänn em d'Liewen koumen. Eng vu mengen Fotoen erklärt daat och gudd an einfach. (Foto 26).
E wiichtegen Deel vun der neuseeländescher Geschiicht ass zu PAIHIA geschitt, daat an der BAY OF ISLANDS leit.
Zu Paihia gouf den „Treaty of Waitangi“ ennerschriwwen; daat ass den Vertrag teschent den engleschen Autoritéiten an den MAORI deen festhält dass Neuseeland zu enger Kolonie vum „Commonwealth“ gett. Och haut ass des Plaaz och vir Maori wiichteg. Mir, d'Touristen, kennen hiert gréissten WAKA (Waka bedeit an der Maori-Sprooch „Kanu“)bewonneren (et gellt als daat gréissten op der Welt)!
Nierwend dem Kulturellen huet mech Paihia awer vir 2 Saachen interesséiert: ech sinn dei eischt Kéier KAYAK gefuer an vun hei ass kann eng Dagestour ronderem d'Inselen (an der Bay of Islands) maan. Natiirlech kann een mat méi Zait an e bessi méi Suen eng „Mini-croisière“ vun e puer Deeg maan.
Op der Dagestour kritt een och Delfiner ze gesinn, waat och de Fall war. Am beschten Fall kann een och mat hinnen schwammen; daat war bei mir awer net méiglech well Delfiner Jonker dabei haaten. Schade! Dann ass et eben vir eng aaner Kéier. Egal wéi war ech glécklech des cool Déieren vun sou no kennen ze gesinn; en Erliewnis waat vir mech zum beschten gehéiert waat ech op menger Weltrees arlierwt hunn.
No den Delfiner si mir laanscht e puer Inselen getuckert ir et zum Schluss nach zum Highlight vun der Tour gaang ass, dem „Hole in the rock“, daat ass eng Fielsformatioun un der Küst, wou et munchmol méiglech ass duerchzefueren; alles hängt awer vun de Gezeiten of.
Net méi an der Bay of Islands mee duerfir nach emmer un der Ostküst leit CAPE RODNEY. Hei existéiert eng „Marine Reserve“ waat e wei en Nationalpark ass. Sie besteet aus der GOAT ISLAND, enger Insel dei Acces huet bei Ebbe, bei Flut een awer nees soll zeréck um Festland sinn.
Foto 47 erklärt daat méi genee.