Indien (3): Abléck an een tibetaneschen Flüchtlings-Center

© Henri Eippers
Am Kader vun hirer Visite an Indien hunn déi Responsabel vun TransFair-Minka och ee Flüchtlings-Center zu Darjeeling besicht.
Eng Communautéit, déi eng 5.000 vun den am ganzen 300.000 Awunner zu Darjeeling ausmécht. D'Flüchtlingen, déi an de meeschte Fäll just mat dem néidegsten aus hirer Heemecht kommen, sinn op Hëllef ugewisen.
A genee déi Hëllef kréie si am "Tibetan Refugee Self Help Centre". Een Zentrum, deen am Oktober 1959 vun der Gyalo Thondup gegrënnt gouf. Zanter 1987 huet hire Fils Khedroob d'Geschécker iwwerholl. Am Ufank goufen nach méi kleng Bréidercher gebak. Mat 4 Mataarbechter huet alles ugefaang. Haut schaffen an hëllefen sech eng 450 Erwuessener a Kanner géigesäiteg.
Bis op Lëtzebuerg ...
Als Géigepartie fir hir Hëllef an de verschiddenen Ateliere kréie si gratis Iessen, Logement, Edukatioun, Formatioun, medezinnesch Betreiung - an och nach eng kleng Pei. De Projet dreet sech exclusiv duerch seng eegen Aarbecht, déi an der Haaptsaach an der Fabrikatioun vun Tapisën besteet. Do dernieft ginn och nach Jacketten, Décken, Schalen an aner kleng Objeten produzéiert. An deem Zesummenhang gëtt et schon iwwert Jooren ee Lien mat Lëtzebuerg. Déi verschidde Saachen ginn zanter ronn 25 Joer an de Boutiques du Tiers Monde ze kafen.

Zanter 1987 huet wéi gesot de Khedroob Thondup d'Geschécker am "Tibetan Refugee Self Help Centre" iwwerholl. Ënnert senger Initiative ass beigebaut, a vill Zervicer verbessert ginn. Nieft Hëllef bei der Démarche mat de Verwaltunge kënnen déi tibetanesch Flüchtlingen medezinnesch Hëllef an Usproch huelen. Parallel fonktionnéiert awer och eng kleng a ganz performant Dréckerei. Och si dréit derzou bei, dass den Zentrum autonom fonktionnéire kann.
Déi tibetesch Flüchtlingen fille sech "à l'aise" an hirem indeschem "Doheem". Eppes steet awer fest: Et wëll een een Dag zeréck an den Tibet - wat éischter wat besser. Den Ablack liewen eng ronn 150.000 Tibeter am Ausland. De Khedroob Thondup - deen och Member vum tibeteschen Exil-Parlament ass - ass op alle Fall optimistesch. Hie rechent dermat, dass sech am Laf vun den nächsten 10 Joer eppes deet, an dass hien a seng Landsleit an den Tibet zereckkéiere kënnen.
Ze wënschen wier et hinnen!