Wat sinn déi nei 10 beléifste City Trips an Europa?

© AFP
Paräis, Roum oder London bleiwen zwar weider beléift bei den Touristen, ma esou richteg am Trend léie se net méi! Hei déi 10 beschte City Trips ...
Fir jidderee gëtt et e perfekten City Trip: Et muss een einfach nëmmen déi Stad fannen déi engem alles ubitt wat ee sicht.
Venedeg
Et gëtt wuel keng aner Stad op der Welt déi esou charmant ass wéi déi italienesch Stad Venedeg. Zwar ass Venedeg mat sengen 1.000 Inselen a ville Waasserstroossen näischt fir waasserschei Leit, ma ëmmerhinn ass et déi romantesch Destinatioun per Excellenz. D'Stad, déi schonn dacks d'Kulisse vu grousse Filmer war, bitt och e ganz kulturelle Programm un, mat Ausstellunge vu Wierker vum Picasso oder och nach vum Guggenheim. Venedeg ass eng Stad fir Genéisser: Bei deem engen oder anere Spadséiergank kann een an de klenge Gässele vill Restaurante mat exquisiter italienescher Kichen entdecken. Vum Nuetsliewen ass Venedeg zwar net geprägt, ma de "Casino Municipale de Venezia" ass dem Ëmwee absolutt derwäert. Eng Gondelfahrt kann ee sech dann natierlech och net entgoen loossen: D'Kréinung vum perfekte City Trip zu Venedeg.
Florenz
Florenz ass awer och eng gutt Méiglechkeet vir an Italien frësch Loft ze schnapen. Mat senger Toskanescher Kichen a seng Mediteranesch Wäiner steet een definitiv net hongereg vum Dësch op. A wann dach da kann een och nach e gudden "Gelato" genéissen. Choix huet ee jiddefalls genuch, an dat och um Niveau vun der Konscht. En sëlleche Muséë stëllen zu Florenz bekannte Wierker vu Boticelli oder Da Vinci aus, ma och den historeschen Zentrum kann een sech mol méi genee ukucken. E plus am Verglach zu Venedeg huet ee sécherlech um Niveau vum Shopping. Florenz ass jo och bekannt vir säi grousse Lieder Maart deen een sech op kee Fall dierf entgoe loossen. Ma och d'Produktioun vum Parfum fënnt do seng Originen, an e perfekt Puer Schong léisst sech ganz bestëmmt och do fannen. Florenz ass eben e Gesamt -Konschtwierk.
Madrid
Spuenien bitt och esou munch flott Stied un vir e klengen Ausfluch. Esou zum Beispill Madrid! Déi Temperamentvoll spuenesch Haaptstad suergt vir vill Ofwiesslung: Ob Shopping, Sightseeing oder Relaxen, fir jiddereen ass eppes dobäi. De Schaf gutt opfëlle kann een ënner anerem zu Puerta del Sol. Ma och ausserhalb vum Zentrum, wéi zu "Calle Francisco Silvela" oder "Calle de Alcalà" kann ee mol déi eng oder aner gutt Affaire maachen. Déi Gréng Long vu Madrid ass da sécherlech d'"Jardines del Buen Retiro" wou ee perfekt entspaane kann. Wien awer léiwer op den Tour geet ass och gutt zerwéiert besonnesch op der "Piazza de Santa Ana" wou een deen een oder anere flotte Café entdecke kann.
Valencia
Eng flott alternativen zu der Haaptstad Madrid, ass dann zum Beispill Valencia, déi 3. gréisste spuenesch Stad. Valencia ass déi perfekt Geleeënheet vir Plage a Stad ze kombinéieren. Wiem et also Daags iwwer ze waarm ass ka vun de grousse Sandplage profitéieren, an owes d'Stad a säin historeschen Zentrum vir sech entdecken. Onbedéngt net entgoe loossen dierf een sech de bekannte Wëssenschaftsparkmusée "Ciudad de las Artes y de las Ciencias" dee schonn alleng um Architektur Plang méi wéi aussergewéinlech ass. D'Frënn vum Autosport kënnen dann och déi bekannte Formel 1 Piste vu Valencia ukucke goen, mat bësse Chance an dem richtegen Timing kéinte jo vläicht d'Piloten och op der Piste sinn.
Lissabon
Eriwwer a Portugal, op Lissabon. Eng Stad déi ee ganz gutt mam Scooter entdecke kann. Ma oppassen hei kéint ee mol deen een oder anere Kilo bäihuelen, wëll a punkto Iesse kritt een hei méi wéi eng Delikatesse gebueden. Onbedéngt ze probéieren ass de "Paleis de Belém" eng kleng Taart mat Schlagsahn, Vanillescrème, Pudderzocker an Zimt. Do leeft engem d'Waasser schonn am Mond zesummen. Dobäi nach e klenge Café, vir déi Lissabon bekannt ass a schonn ass de Brunch perfekt. Ma ze kucke gëtt et och villes, wéi ënner anerem "Torre de Belém", déi zum Weltkulturerbe vun der UNESCO gehéieren. Amateure vun Techno-Musek: Lissabon bitt do och grousse Choix un um Niveau vu sengem Nuetsliewen. Also Wallis paken an go!
Wien
Net nëmmen eppes vir Amateure vun Oper ma och déi perfekten Destinatioun vir Studente muss da wuel Wien sinn, dat gëtt jiddefalls gemunkelt. Dat ënner anerem wéinst sengen, staark geprägten Nuetsliewen. Ma och Open-Air Kino ass eng flott Méiglechkeet vir ënner Kollegen e flotten Owend do ze verbréngen. Natierlech gëtt et awer och sou munches ze kucken, wéi zum Beispill de Stéphansdom. d'Ausstellung vun de Krounjuwelen oder och nach d'Staatsoper. Um Niveau Kiche kënnt een zu Wien och op seng Käschten. Hei geet vum 5 Stäre Restaurant bis hin zum traditionelle Wiener Schnitzel deen op mannst eemol während dem Openthalt um Teller lande muss.
Dublin
Net nëmmen iwwer St. Patrick's Day ass Dublin eng flott Stad vir e kuerzen Trip. Mat senger eenzegaarteger Atmosphäre bitt se eng alternativen un zu de méi beléifte Südlännesche Stied. Spadséiergänger kënnen d'Dublin vir sech entdecke ma och mam Bus kënnt ee gutt duerch d'Stad an op déi Haapt-Touristen Attraktiounen. Esou zum Beispill St. Patrick's Kathedral, déi gréissten a bekanntsten am Land, oder och nach de "Guinness Storehouse". E bësse raschte kann een dann zum Beispill am Park St. Stephen's Green oder mat engem Guinness an engem Irish Pub, béi irescher Musek.
Prag
Eng ganz aner Kulisse bitt dann déi tschechesch Haaptstad Prag. Mat sengen typeschen Haiser a Pastellfaarwen an seng Gässelen wou ee vill Restaurante fënnt. Ma hei heescht et hutt oppasse well net iwwerall kritt een ëmmer eppes guddes zerwéiert. Prag ass eng Stad déi genau weess wéi ee modernes an traditionelles perfekt kombinéiere kann. Esou kann ee mol op ganz ausgefale Gebaier falen, wéi zum Beispill "Das Tanzende Haus". Schëfffahrten op der Moldau si béi den Touristen iwwregens ganz beléift, grad ewéi de bekannte grousse Floumaart deen an engem alen Schluechthaus ass. Um Niveau vum Nuetsliewe muss een och oppasse wou een higeet. Den Hard Rock Café ass eng flott alternative grad ewéi de Black Light Theatre wou eng "Beatles Show" opgefouert gëtt.
Stockholm
Déi schwedesch Haaptstad Stockholm ass net nëmmen eppes vir Amateure vun den europäeschen adlege Kreesser. D'Heemscht vun der Grupp ABBA bitt och vill un um Niveau vum Sightseeing. Déi historesch Alstad, grad ewéi dat kinnecklecht Schlass gehéieren zu deene Saachen déi ee muss gesinn. Ma och den 155 Meter héijen "Kaknästum" Tuerm bitt eng vue wéi keng aner un op déi ganz Stad. Fir d'Frënn vum Sport ass dann och den "Ericsson Globe" den Ëmwee derwäert. Et ass dat gréisste Gebai a Form vun enger Kugel op der Welt a grouss sportlech Evenementer ginn do organiséiert. Wann iech dann den Honger sollt paken dann onbedéngt déi lokal Spezialitéite probéieren, wéi den "Tunnbrödsrolle", de schwedeschen Döner. Beim Shopping onbedéngt emol an de SoFo Quartier kucke goen wou all déi jonk schwedesch Designer vertruede sinn.
Budapest
Déi läscht Stad déi et an de Ranking vun den 10 beléifste City Trips gepackt huet ass dann Budapest. Eng Stad déi och ganz flott ass fir déijéineg déi gär Campen. Och hei gëtt et ganz vill ze entdecke wéi zum Beispill d'Musékakademie oder och nach d'Opernhaus, d'Parlament an déi vill Schlässer. Owes kann een sech dann och d'Show vum Moulin Rouge ukucke goen. A punkto iesse fënnt een net onbedéngt ëmmer eppes vir all Goût. Ganz praktesch ass dann hei de gratis "Dining Guide" dee praktesch iwwerall ze fannen ass. De Vëlo ass hei ganz beléift vir sech ze deplacéiere mä awer zimlech geféierlech wéinst den Autosfuerer déi net onbedéngt ëmmer gutt oppassen, an och am Nuetsliewe gëllt General op ze passe wou een hi geet. Bizare ass nämlech do och den "First drink Ticket" deen een dacks an der Entrée kritt. Dee gëllt als Entrée a vir ee Gedrénks, ass awer meeschtens immens deier. Soss ass Budapest awer eng gutt Geleeënheet fir emol e City Trip anescht ze erliewen a sech mol eng kéier net an de Stroossen vu Paräis, Roum oder London ze verléieren.