Neiséiland läit fir déi meescht Lëtzebuerger um Enn vun der Welt oder op der anerer Säit vun der Welt; kuerz gesot, et ass einfach WÄIT!

Déi meescht giffe net fir 2 Wochen heihinner kommen, mee et ginn awer Ausnahmen: eng Ausnahm wier – ouni Zweifel – meng Frendin, mee hire Congé ass leider begrenzt. Eng aaner Ausnahm wieren Kollegen. An desem spezifeschen Fall handelt et sech em mai gudde Frënd, den TONY EWEN, deen spontan mech vir 2 Woochen an Neuseeland Moien soen komm ass.

Ech sinn den Tony op de Fluuchhafen vun Auckland siiche gaang an no Mini-Sightseeing war eis 1.Adventure zesummen d'Dierfchen WAITOMO. Waitomo ass bekannt wéint sengen Höhlen. Vill Action ass ugesoot awer eng Saach huet eis besonnesch interesséiert: CAVE TUBING.

Schmisi on World Tour (35): Neiséiland (3)
5 kleng Clippe vun eisem Globetrotter Schmisi ...

Video01: Eng vun de Noppeschhöhlen vun Waitomo
Video02: Abel Tasman NP
Video03: Mir fueren an DENISTON MINE eran
Video04: Den Tony mat senger „Aufgab“
Video05: Wei mir eraus gefuer waren entdecke mir „Glühwiermecher“

Et handelt et sech dobai em e Reef deen een mathellt an am Waasser vun der Höhl dreiwe leist. Ier et lass geet doe mir mol e Neopren un. An deen brauch een! Well Waasser am Höhlensystem ass schwaikaal! Nierwend enger Mini-Rutschbahn an e puer Knuppelen konnte mir och Glühwiermecher bewonneren déi am léiwsten do liewen war et stackdaischter ass! Wann se schon e bessi méi laang do hänken gesinn se aus wei eng Perlenketten déi am Daischteren liicht.

Weider Riichtung Süden – nach emmer op der Nordinsel – si mir op WELLINGTON komm, der Haaptstadt vun Neuseeland.

Wellington ass méi kleng wéi Auckland an déi meescht Saachen leien no beienanner (Restauranten, Café, Geschäfter)

Wei mir owes do ennerwee waren hunn ech bis dato eng mir onbekanntenen Sait vun de Kiwis kennegeléiert; daat vum Alkohol drenken. Et war sou 22.30 wéi mir e puer Stroossen do spazéiert waren an dunn schockéiert misse feststellen dass schons ganz vill Vollerten sech remgeschriwwen hunn; déi meescht vun hinnen teschent 16 an 22 (iwwert den Daum gepeilt). Duerweinst ass et mëttlerweil op ville Plaazen  an Neuseeland öffentlech verbueden Alkohol ze konsuméieren! Ech verstinn elo wisou.

Wien elo un „Lord of the rings“ interesséiert ass, deen fennt direkt zu Wellington de Park oder besser gesoot de Besch wou se am Deel 1 gekämpft haaten. Wellington ass och d'Zentral vum Peter Jackson senger Firma. Vun Wellington hellt een eng Fähr déi PICTON, Südinsel, an gudd 3 Stonnen areescht.

Am Zickzack geet et dann op NELSON. Nelson leit e Kaazesprong wait ewech vum ABEL TASMAN NP. Dese NP ass bekannt vir seng vill Méiglechkeeten vun Kayak fueren. Mat e wéineg  Chance kritt een och Séiléiwen ze gesinn, déi ganz no bei de Kayak erukommen.

RTL

Den Tony an ech haate eis awer vir eng Saach spezialiséiert : WANDEREN. An daat baal all Dag.

Well esou dem Tony seng Explicatioun: „Elo huet een sai Beschlag“ (dese Sprooch hu mir emmer NOM Treppelen gesoot). A wann net gewandert gouf, si mir op de Velo geklommen.

Op der Plage vun Nelson ass vill Loft. Déi brengt mat sech dass de Sand vill Deformatiounen huet. Ausserhalb vun Nelson kann een – bei enger rauer Küst – nees Séiléiwen erblécksen.

Dir huet villait schons teschent den Zeilen gelies; mee ech soen et gären nach eng Kéier: Neuseeland ass e Trekkingland vir d'Amateure genee esou wéi vr hallef Profien. Villes ass gudd ausgeschëldert; et steet och do wéi laang eng Wanderung dauert a falls mol am Zweifel sou kennen d'I-SITES weiderhëllefen.

Eis Rees ass weider erofgaang, laanscht d'Uertschaft WESTPORT. Westport huet naischt Opreegendes un sech, mee als Iwwernuechtung leit et no bei enger verloosener Kuelemine, déi een nach visitéieren kann. Et handelt sech em DENISTON MINE, déi sech elo an eppes spézialiséiert hunn: Touristen tauchen während der Visite an eng vun ville Rollen déi et bei de Minenaarbechter gouf. Sou kritt all Mensch eng aaner Aufgab. Mir waren nëmmen zu 3 Touristen. Aus desem Grond haat jiddfereen 2 Aufgaben. Des Aufgaben goufen dann während der Visite demonstréiert an den Tourist solt se dann nomaan. Zum Beispill: schëppen, den Tunnel mat holzenen Poteauen stabiliséieren oder  de Knäppchen drécken an domaddder eng „künstlech“ Explosion ausleisen.